Search

You may also like

Youth for Climate – d’Jugend mengt et Eescht!
International Neiegkeeten

Youth for Climate – d’Jugend mengt et Eescht!

Um haitege Freideg de Mëtteg ass sech nees fir de

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada
International Neiegkeeten

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada

Zu Jerada, eng vu Gott vergiesse Gemeng am Norde vum

Grenzkontrollen zu Däitschland lafen um 15. Mee aus!
International Neiegkeeten

Grenzkontrollen zu Däitschland lafen um 15. Mee aus!

Bei der Pressekonferenz vun haut huet den däitsche Bundesminister Horst

En Äerdbiewe mat enger Intensitéit vu 6,2 rëselt de Norde vum Chile

En Äerdbiewe mat enger Intensitéit vu 6,2 rëselt de Norde vum Chile

En Äerdbiewe mat enger Intensitéit vu 6,2 op der no uewen oppe Richterskala huet en Donneschdeg zwou Regiounen am Norde vum Chile getraff. Laut dem nationale Büro fir Zivilschutz (Onemi) wiere keng Affer oder Schied ze bekloen. Och eng Tsunami-Gefor huet net bestanen.

D‘Biewen huet sech um 19:21 Auer (22:21 Auer europäescher Zäit) 38 Kilometer vun der Stad Camina (Regioun Tarapaca), ronn 1.800 Kilometer vun der Haaptstad Santiago zougedroen. Den Epizenter vum telluresche Mouvement – deen och an der Regioun vun Arica a Parinacota, un der Grenz zum Peru a Bolivien – ass an enger Déift vu 97 Kilometer lokaliséiert ginn.

Et war wéinst dem Biewen zu Panikausbréch komm, virun allem an de Stied vun Arica an Iquique. Den Zivilschutz huet matgedeelt, datt der Onemi, vu kenger Säit verletzt Persounen oder Schied un den Infrastrukture gemellt gi sinn.

Sengersäits huet den hydrographeschen an ozeanographeschen Déngscht vun der chilenescher Marine matgedeelt, datt „d‘Charakteristik vum Biewen net déi Konditiounen zesummebréngt, fir en Tsunami op de Küste vum Chile auszeléisen.

De Chile ass eent vun den am stäerksten duerch Äerdbiewe bedreete Länner op der Welt. Fuerscher déi sech mat der Etüd vun Äerdbiewe befaassen, haten drop higewisen, datt de Risk vun engem gréisseren Äerdbiewen am Norde vum Land imminent wier. Dat géif dorunner leien, datt et säit längerer Zäit keng „Entspanung“ ginn huet, an déi ugesammelt Energie sech entluede muss.

mat AFP

Foto: An der Stad vun Iquique war d‘Biewen däitlech ze spieren. Hei koum et och zu Panikausbréch well d‘Leit en Tsunami gefaart haten. Den nationale Büro fir Zivilschutz (Onemi) konnt dat ausschléissen. Schued oder Affer wéinst dem Biewen ass och keent gemellt ginn.

Related topics Äerdbiewen, Chile, Richterskala, Tsunami
Next post Previous post