Search

You may also like

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn
Neiegkeeten

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn

Fir déi jonk Lëtzebuerger Pilotin Zoe Knebler, war de leschte

Culture.lu am neien Design mat Podcast, Playlists an Artikelen
Neiegkeeten

Culture.lu am neien Design mat Podcast, Playlists an Artikelen

D’Lëtzebuerger Plattform culture.lu presentéiert sech an engem neie, méi moderne

Klimakonferenz: Déi kleng Fidschi gesi grouss
Neiegkeeten

Klimakonferenz: Déi kleng Fidschi gesi grouss

Et ass de Premierminister vun de Fidschi, deen d‘Welt bei

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis Enn Mee 2020

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis Enn Mee 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 23. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestellt ginn (Tel.: 29 04 04-1), HEI direkt eroflued, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn.

Am Kader vun der Covid-19-Pandemie hunn eng Rei Evenementer missen ofgesot ginn. Heizou gehéiert:

  • Kulinaresch Wanderun am Kader vum Geenzefest 2020
    Mëttwochs, den 20. Mee um 10:00 Auer
  • De Grénge Mann
    Donneschdes, den 21. Mee vu 15:00 bis 16:30 Auer
  • Schaffen an der Schmëdd am Ellergronn (Basiscours)
    Freides den 22. Mee vun 9:00 bis 16:00 Auer
  • Eisen an Eisebunn zu Stengefort -D’Collart’en an de Prince Henri
    Samschdes, den 23. Mee vun 9:30 bis 12:00 Auer
  • D’Natur am Fréijoer
    Sonndes, de 24. Mee vun 14:30 bis 17:30 Auer
  • Lou schläïssen
    Donneschdes, den 28. Mee vun 13:30 bis 17:00 Auer
  • Kontroll vu Vullenhaisercher
    Freides, den 29. Mee vun 14:00 bis 16:00 Auer
  • D’Naturschutzgebitt Prënzebierg – Giele Botter
    Samschdes, den 30. Mee vu 14:00 bis 17:30 Auer
  • Ee Moie wéi am Mäerchen
    Sonndes, den 31. Mee vun 11:00 bis 14:00 Auer

En Dag an der Natur

De restleche Programm fënnt wéi gewinnt statt:

  • Rouspert-Mompech beweegt sech
    Donneschdes, den 21. Mee um 10:00 Auer
    Sauerpark, rue de la Gare, Rosport
    Sportlech Aktivitéiten am Sauerpark ginn ugebueden
    Nächsten Arrêt: Rosport, Rue Neuve
    Organisatioun: Gemeng Rouspert-Mompech
    Kontakt: Mike Krischler, 73 00 66 224, mike.krischler@rosportmompach.lu


  • FLMP Volkswanderung zu Housen
    Samschdes, den 23. Mee vu 7:00 bis 17:00 Auer
    Kulturzentrum, 9 op der Héi, Housen
    Startzäiten: Fir 5 oder 10 km: 7:00 bis 14:00 Auer, fir 15 km: 7:00 bis 13:00 Auer, fir 20 km: 7:00 bis 12:00 Auer
    Käschten: 1,50 € fir eng Startkaart an een IVV-Stempel
    Kanner bis zu 14 Joer kënne gratis un der Wanderung deelhuelen
    Nächsten Arrêt: Hosingen, Eesber Wee
    Organisatioun: Schlënnerflitzer Houschent a.s.b.l. (www.flmp.lu)
    Kontakt: Louise Urhausen, 621 220 467, louiseu@pt.lu


  • Acteure vun der Transitioun
    Samschdes, den 23. Mee vun 9:00 bis 17:00 Auer
    1, Place de la Gare, Stad Lëtzebuerg
    De Vëlostour féiert eis d’Uelzecht erop duerch moleresch Landschafte bis op Esch-Uelzecht, wou mir Acteuren a Projete vun der Transitioun-Beweegung besichen: Ee Gemeinschaftsgaart, d’Maison de la Transitioun (mat Mëttegiessen an der Kantinn), sou wéi de Benu Village
    Umeldung: Bis den 21. Mee
    Nächsten Arrêt: Luxembourg, Gare centrale
    Organisatioun: etika a.s.b.l. (www.etika.lu)
    Kontakt: Ekkehart Schmidt, 29 83 53, es@etika.lu


  • An der Natur sangen
    Samschdes, den 23. Mee vun 13:30 bis 16:30 Auer
    Am Mëllerdall, de genauen Treffpunkt gëtt bei der Umeldung bekannt ginn
    Zesumme sangen a kléngen – dëst an, mat an och fir d’Natur, duerch einfach Ethno-Songs an Experimentéieren mat deem, wat d’Natur eis dee Moment gëtt. Loosst Iech vun de Kläng droen a fillt Iech fräi a verbonnen. Jiddereen ass wëllkomm (maximal 12 Persounen).
    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Umeldung: bis de 16. Mee
    Organisatioun: Sang Dech Fräi a.s.b.l.
    Kontakt: Godart Carole, 691 780 609, carole.godart@gmail.com


  • FLMP Volkswanderung zu Housen
    Samschdes, den 23. Mee a Sonndes, de 24. Mee vu 7:00 bis 17:00 Auer
    Kulturzentrum, 9, op der Héi, Hosingen
    Startzäiten: Fir 5 oder 10 km: 7:00 bis 14:00 Auer, fir 15 km: 7:00 bis 13:00 Auer, fir 20 km: 7:00 bis 12:00 Auer
    Käschten: 1,50 € fir eng Startkaart an een IVV-Stempel
    Kanner bis zu 14 Joer kënne gratis un der Wanderung deelhuelen
    Nächsten Arrêt: Hosingen, Eesber Wee
    Organisatioun: Schlënnerflitzer Houschent a.s.b.l. (www.flmp.lu)
    Kontakt: Louise Urhausen, 621 220 467, louiseu@pt.lu


  • Een Erzielspadséiergang am Schluchtbësch
    Sonndes, de 24. Mee vun 11:00 bis 14:00 Auer
    Parking sentier P. Moes, Millewee, Manternach
    Verbuerge Spueren féieren eis an de Manternacher Mäerchebësch. Mir héiere Geschichte vun zauberhafte Bëschbewunner an entdecken d’Schéinheet vun dësem Liewensraum. Denkt un Äre Picknick.
    Sprooch:Lëtzebuergesch.
    Nächsten Arrêt: Manternach, Gare
    Organisatioun: zaubernoss a.s.b.l., Centre d’accueil A Wiewesch
    Kontakt: Muriel Nossem, 621 793 342, zaubernoss@gmail.com


  • Gréngemann
    Sonndes, de 24. Mee vu 15:00 bis 16:30 Auer
    Parking Millen, 103 Huewelerstrooss, Biekerech
    De Grénge Mann ass de Geescht an Oppasser vum Bësch. Hien kennt all d’Legenden, Mythen a Geheimnisser vun der Natur. Léiert mat him d’Eegeschafte vu verschidde Beem an Heelplaze kennen a schmaacht seng weltbekannt Wëllkraiderzopp, déi am Bësch zoubereet gëtt.
    Umeldung: bis den 22. Mee
    Nächsten Arrêt: Beckerich, Fräiheetsbam
    Organisatioun: Klima- an Emweltkommissioun (www.Beckerich.lu)
    Kontakt: Freddy Meis, 621 253 701, fredmeis@pt.lu


  • Wëllbeien am Naturschutzgebitt Haard
    Sonndes, de 24. Mee um 10:00 Auer
    Parking Frankelach, 114, rue des Minières, Diddeleng
    Op engem Trëppeltour duerch d’Naturschutzgebitt Haard siche mir no Wëllbeien an anere spezialiséierten Insekten, déi sech an dësem Gebitt ugesidelt hunn.
    Umeldung: Bis den 21. Mee
    Nächsten Arrêt: LNB Annexe Alliance
    Organisatioun: natur&ëmwelt Haard, Ville de Dudelange (www.facebook.com/naturemwelthaard/)
    Kontakt: Claudine Felten, 29 04 04 1, haard@naturemwelt.lu


  • Entdeckungstour duerch d’Kasematten, fir Grouss a Kleng
    Méindes, de 25. Mee um 18:00 Auer
    Sprangbuer beim Amaliendenkmal, av. Amélie/blvd. Prince Henri, Stad Lëtzebuerg
    Et geet laanscht Mammutbeem, d’Befestegungsanlag, Denkmäler an Häerenhaiser bis hin bei d’Kasematten. Mam Fotoapparat an Täscheluucht kann een al an nei, iwwerierdesch an ënnerierdesch Deeler vum villsäitege Park entdecken. Ditt fest Schong un.
    Käschten: 5 €
    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Organisatioun: Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg (FFGL) (www.ffgl.lu)
    Kontakt: Patrick Schneider, 621 195 951, patrick.schneider@technolink.lu


  • Dëst Evenement ass vum 12. op de 26. Mee verluecht ginn:
    Séinen a setzen
    Dënschdes, de 26. Mee vun 18:30 bis 21:00 Auer
    Haus vun der Natur, 5, route de Luxembourg, Kockelscheier
    D’Fréijoer ass een Neiufank, Zäit Som ze séinen. An dësem Workshop kritt Dir alles ronderëm d’Séine vu Som, d’Fleeg vu Beeter an dem Gaart erkläert.
    Sprooch: Däitsch
    Umeldung: Bis de 25. Mee
    Nächsten Arrêt: Kockelscheuer, Patinoire
    Organisatioun: natur&ëmwelt a.s.b.l., co-labor s.c. (www.naturemwelt.lu)
    Kontakt: Mathieu Wittmann, 29 04 04 311, m.wittmann@naturemwelt.lu


  • Kraiderinkturen- nei entdeckt
    Donneschdes, den 28. Mee vun 19:00 bis 20:30 Auer
    Haus vun der Natur, 5, route de Luxembourg, Kockelscheier
    Wéi setzt een eng Tinktur un a wéi eng Planze kann een dofir notzen? Déi heelend Wierkung vu verschidde Kraider kann ee sech mat alkoholeschen Auszich zu Notze maachen.
    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Nächsten Arrêt: Kockelscheuer, Patinoire
    Organisatioun: natur&ëmwelt a.s.b.l. (www.naturemwelt.lu)
    Kontakt: Birgit Gödert-Jacoby, 29 04 04 1, b.jacoby@naturemwelt.lu


  • Plogging beim Stauséi
    Freides, den 29. Mee vun 18:00 bis 19:30 Auer
    Fuussefeld, Plage II, Ënsber
    Joggen an dobäi Dreck opsammelen? Wat langweileg kléngt gëtt mat der richteger Animatioun zum Kanzkierpertraining, inklusiv Stäerkung vun de Laachmuskelen.
    Sprooch Lëtzebuergesch.
    Umeldung: bis de 27. Mee
    Nächsten Arrêt: Insenborn, Duerf
    Organisatioun: Naturpark Öewersauer (www.naturpark-sure.lu)
    Kontakt: Anita Lanners, 89 93 31 1, info@naturpark-sure.lu


  • FLMP Volkswanderung zu Beefort
    Samschdes, den 30. Mee vun 7:00 bis 17:00 Auer
    Kummelsbau, 10, rue Kummel, Beefort
    Startzäiten: Fir 6 oder 10 km: 7:00 bis 14:00 Auer, fir 20 km: 7:00 bis 12:00 Auer
    Käschten: 1,50 € fir eng Startkaart an een IVV-Stempel
    Kanner bis zu 14 Joer kënne gratis un der Wanderung deelhuelen
    Nächsten Arrêt: Beaufort, Op der Gare
    Organisatioun: Wanderfrënn Befort a.s.b.l. (www.flmp.lu)
    Kontakt: Ralph Berkes, 83 63 21, wfbefort@gmail.com


  • D’Biergwierk a seng Aarbechter
    Samschdes, den 30. Mee vu 15:00 bis 17:00 Auer
    Naturschutzzentrum Ellergronn, Esch-Uelzecht
    Entdeckt de restauréierten Terrain vun der Grouf Kazebierg am Ellergronn. Am Musée „Mine Cockerill“, an der Waschkaue an der aler Schmëdd si Fossilien, Luuchten a Geschier vun deemools, sou wéi aner al Artefakten ausgestallt.
    Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
    Umeldung: Bis de 29. Mee
    Nächste Arrêt: Esch/Alzette, Place Pierre Ponath
    Organisatioun: Centre nature et forêt Ellergronn (www.nature.lu)
    Kontakt: Henri Clemens, 24 75 65 16, ellergronn@anf.etat.lu


  • Naturgaardeféierung: Hëllef fir eis Insekten a Villercher
    Samschdes, den 30. Mee vu 14:00 bis 16:00 Auer
    Kaalber Millen
    Zesumme besiche mir den naturpedagogesche Gaart bei der Kaalber Millen ënnerhalb vun der Our. Heibäi léiere mir, wéi mir mat einfache Mëttel den Déieren an eise Gäert hëllefe kënnen. Donieft gëtt ee kuerze Virtrag gehalen.
    Sprooch: Däitsch
    Umeldung: Bis de 27. Mee
    Nächsten Arrêt: Kalborn, am Eck
    Organisatioun: natur&ëmwelt, Wassererlebniszentrum Kalborner Mühle (www.kalbermillen.lu)
    Kontakt: Tanja Eybe, 26 90 81 27 1, wez@naturemwelt.lu


  • FLMP Volkswanderung zu Lampech
    Sonndes, den 31. Mee vu 7:00 bis 17:00 Auer
    A Millesch, 12A, rue du Ruisseau, Lampech
    Startzäiten: Fir 5 oder 10 km: 7:00 bis 14:00 Auer, fir 20 km: 7:00 bis 13:00 Auer
    Käschten: 1,50 € fir eng Startkaart an een IVV-Stempel
    Kanner bis zu 14 Joer kënne gratis un der Wanderung deelhuelen
    Nächsten Arrêt: Limpach, Kiirch
    Organisatioun: Déi Lampecher Fliichteschësser (www.dei-lampecher.lu)
    Kontakt: Claude Weis , 621 495 477 , weisclaude@gmail.com


  • Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng
    Sonndes, den 31. Mee vu 15:00 bis 17:00 Auer
    89, route du Vin, Schwéidsbeng
    Féierung duerch de Mediterrane Gaart mat joreszäitlechen Themeschwéierpunkten. Gläichzäiteg gi Biowäiner am Kader vu Wine Taste Enjoy probéiert.
    Nächsten Arrêt: Schwebsange, Église
    Organisatioun: natur&ëmwelt – Fondation Hëllef fir d’Natur (www.mediterraner-garten.lu)
    Kontakt: Georges Moes, 26 66 55 37, g.moes@naturemwelt.lu
Related topics Aktivitéiten, En Dag an der Natur, Erzielung, FLMP, Geschichten, Kraidertinktur, Mythen, natur&ëmwelt, Schluchtbësch, Stauséi, Wanderung, Wëllbeien
Next post Previous post