Search

You may also like

Lëtzebuerg Stad: D’Badeanstalt ass zou vum 24. September bis de 14. Oktober
Neiegkeeten

Lëtzebuerg Stad: D’Badeanstalt ass zou vum 24. September bis de 14. Oktober

D’Staat Lëtzebuerg informéiert de Public, datt de „Centre de Relaxation

money
Sozialhëllef: Wéi d‘Gemengen dat finanzéieren
Neiegkeeten

Sozialhëllef: Wéi d‘Gemengen dat finanzéieren

Unhand dem vum Familljeministère verëffentlechten Aktivitéitsbericht, ass et méiglech sech

Dräi exzellent Filmer iwwer psychesch Stéierungen
Neiegkeeten

Dräi exzellent Filmer iwwer psychesch Stéierungen

E groussen Deel vun der Weltbevëlkerung ass vu psychesche Stéierunge

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 12. Juli 2020

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 12. Juli 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 23. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestallt ginn (Tel.: 29 04 04-1), HEI direkt eroflueden, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn.

Elo huet natur&ëmwelt seng Aktivitéite vum 30. Juni bis den 12 Juli an enger zesummegefaasster Versioun verëffentlecht. D’Evenementer fannt Dir HEI. Am Kader vun der Covid-19-Pandemie hunn eng Rei Evenementer missen ofgesot, respektiv verluecht ginn.

Related topics Aktivitéiten, Ellergronn, En Dag an der Natur, Fliedermaus, Härebësch, Kanutour, natur&ëmwelt, Pandemie, Vëlo
Next post Previous post