Search

You may also like

Sinn hunn den Ambassadeur ausgespaart
Kultur Neiegkeeten

Sinn hunn den Ambassadeur ausgespaart

Ufank Abrëll huet d‘Arméi am Myanmar d‘Muecht u sech gerappt

Lëtzebuerger Spideeler: Dat grousst Impfen huet ugefaangen
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Spideeler: Dat grousst Impfen huet ugefaangen

Nodeems e Méindeg de Moderna-Impfstoff, sou wéi 4.875 nei Dosen

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU
Kultur Neiegkeeten

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU

E Freideg huet Italien säi Wëlle bestätegt et mat der

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 26. Juli 2020

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 26. Juli 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 23. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestallt ginn (Tel.: 29 04 04-1), HEI direkt eroflueden, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn.

Elo huet natur&ëmwelt seng Aktivitéite vum 14. bis den 26. Juli an enger zesummegefaasster Versioun verëffentlecht. D’Evenementer fannt Dir HEI. Am Kader vun der Covid-19-Pandemie hunn eng Rei Evenementer missen ofgesot, respektiv verluecht ginn.

Related topics Aktivitéiten, dobaussen, En dag an, Erfuerschen, Invasiv Aarten, Mega Kids Day, natur&ëmwelt, Naturpark, Nuetswanderung, Summer, Wanderung, Wiewen, Yoga
Next post Previous post