Search

You may also like

Police: Nees Zolidd eppes lass uechtert Land
Kultur Neiegkeeten

Police: Nees Zolidd eppes lass uechtert Land

Vu Verkéiersaccidenter mat schwéiere Folgen iwwer Vandalismus bis hin zu

Casino Lëtzebuerg: De Bildschierm denken – a 6 Lektiounen a Begéinungen
Kultur Neiegkeeten

Casino Lëtzebuerg: De Bildschierm denken – a 6 Lektiounen a Begéinungen

De Bildschierm ass haut en integréierten Deel vun eisem Alldag,

Antisemitismus fir d‘UNESCO inakzeptabel
Kultur Neiegkeeten

Antisemitismus fir d‘UNESCO inakzeptabel

Wéinst Antisemitismusvirwërf verléiert den traditiounsräiche Stroossekarneval vun der Stad Aalst

En Dag an der Natur – 300 spannend Aktivitéiten am Fräien

En Dag an der Natur – 300 spannend Aktivitéiten am Fräien

Vum 1. Abrëll bis den 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt Asbl an Zesummenaarbecht mat der Fondatioun Hëllef fir d’Natur, Gaart an Heem, der Naturverwaltung, sou wéi diverse weidere Partner, ënner Schiermherrschaft vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung eng weider Campagne vun En Dag an der Natur, an dat schonn an der 22. Editioun.

Ziel vun der Campagne ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft-, Déieren a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis kennenzeléieren an der Natur méi no ze kommen. All Joer maachen iwwert 50.000 Persoune bei den Aktivitéite mat, bei deenen een d’Ëmwelt als wäertvollt a schützenswäert Element kenneléiert.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe gi sinn. Déi villsäiteg Aktivitéite gi vu Wanderungen, Vëlotouren, guidéiert Excursiounen, iwwert Workshops bis hin zu Mäert a Fester. Jiddwereen, deen un der Natur interesséiert ass, ass häerzlech invitéiert beim ofwiesslungsräiche Programm deelzehuelen. Natierlech gouf heibäi drop opgepasst, den ökologesche Foussofdrock esou kleng, wéi méiglech ze halen.

Um 29. Mäerz 2019 ass d’Broschür vun En Dag an der Natur gratis erauskomm, an dat op Däitsch, sou wéi Franséisch. Am Haus vun der Natur bei der Kockelscheier kann een d’Informatiounsmaterial bestellen (Tel. 29 04 04 1, secretariat@naturemwelt.lu). Natierlech – an dat ass dann och méi ëmweltschounend – kann een alles um Site www.naturemwelt.lu oder HEI ofruffen. Donieft ginn d’Aktivitéiten am digitalen Agenda vum Ëmweltportal (www.emwelt.lu) agedroen.

Related topics Aktivitéiten, En Dag an der Natur, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, Gaart an Heem, natur & ëmwelt, natur&ëmwelt, Naturverwaltung
Next post Previous post