Search

You may also like

What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!

Säit senger Grënnung am Joer 2009 konnt den nationale Sproocheninstitut

InvestEU: déi Gréng ginn hir Zoustëmmung
Kultur Neiegkeeten

InvestEU: déi Gréng ginn hir Zoustëmmung

An engem Communiqué informéieren déi Gréng iwwer den Invesitiounsprogamm, och

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg
Kultur Neiegkeeten

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg

No enger drëtter Visitt vun der Inneministesch Taina Bofferding an

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 23. August 2020

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 23. August 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 23. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestallt ginn (Tel.: 29 04 04-1), HEI direkt eroflueden, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn.

Elo huet natur&ëmwelt seng Aktivitéite vum 11. bis den 23. August an enger zesummegefaasster Versioun verëffentlecht. D’Evenementer fannt Dir HEI. Am Kader vun der Covid-19-Pandemie hunn eng Rei Evenementer missen ofgesot, respektiv verluecht ginn.

Related topics Aktivitéiten, Déieren, Diversitéit, dobaussen, En Dag an der Natur, Erliefnis, Fräizäit, natur&ëmwelt, Planzen
Next post Previous post