Search

You may also like

35 Joer Sproochegesetz
Kultur Neiegkeeten

35 Joer Sproochegesetz

De 24. Februar 2019 ass et 35 Joer hir, datt

E Referendum fir d‘Sandweiler Märei
Kultur Neiegkeeten

E Referendum fir d‘Sandweiler Märei

Dat ronnt Gebai zu Sandweiler, an deem d‘Gemeng ënnerbruecht ass,

„Geenzefest“ 2021 gëtt ofgesot
Kultur Neiegkeeten

„Geenzefest“ 2021 gëtt ofgesot

Doduerch, dass d’Coronaviruspandemie weider unhält, hunn d’Organisateure vum Weeltzer «Geenzefest»

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 2. August 2020

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 2. August 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 23. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestallt ginn (Tel.: 29 04 04-1), HEI direkt eroflueden, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn.

Elo huet natur&ëmwelt seng Aktivitéite vum 22. Juli bis den 2. August an enger zesummegefaasster Versioun verëffentlecht. D’Evenementer fannt Dir HEI. Am Kader vun der Covid-19-Pandemie hunn eng Rei Evenementer missen ofgesot, respektiv verluecht ginn.

Related topics Aktivitéiten, Bewosstsinn, dobaussen, Ëmwelt, En Dag an der Natur, Natur, natur&ëmwelt, Vëlo, Yoga
Next post Previous post