Search

You may also like

INFO: Spärung bei der Sortie 7 Gaasperech Richtung Irgäertchen
Neiegkeeten

INFO: Spärung bei der Sortie 7 Gaasperech Richtung Irgäertchen

Am Kader vun der Neigestaltung vum Echangeur Irgäertche kann een

Eng weider Hongersnout am Jemen?
Neiegkeeten

Eng weider Hongersnout am Jemen?

Am Biergerkrichsland Jemen ass „Honger“ den Alldag, an et dreet

EU-Ausseminister setze Sanktioune géint Russland duerch
Neiegkeeten

EU-Ausseminister setze Sanktioune géint Russland duerch

Den Nawalny am Stroflager, d‘Krim nach ëmmer besat… Russland ass

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt

Am Ellergronn war e Sonndeg eng méi lass, a mir ware fir iech luussen (Galerie)

Et war een vun dëse Weekender virun der grousser Vakanz, wou de Choix eppes de Weekend iwwer ze ënnerhuele scho Kappzerbrieches verursaache konnt. Grousst Fest zu Monnerech, Scoutskiermes um Cents, portugisesch Folklor op der Stadhausplaz zu Esch an alles wat nach an der Haaptstad esou ugebuede ginn ass… An elo hu mir och nach vergiess all déi aner Fester ze ernimmen.

Ma mir waren dann emol an den Ellergronn. Do ass et generell dat ganzt Joer iwwer einfach flott sech opzehalen. Et zudeem och e Geheimtipp fir déi wou net wëllen „erreechbar“ sinn, wat jo och emol sollt dierfe sinn. E Sonndeg war et grousst Fest, datt am Ellergronn gebuede gouf. Et konnt een zimlech alles iwwert de Bësch an d‘Holzveraarbechtung gewuer ginn, dat war wuel interessant.

Et gouf och Ateliere vir Grouss a Kleng: ob bastele mat Naturmaterialien, Bouschéissen, Klammen a villes méi. D‘Scouten hu fir de Grill gesuergt, d‘Déierefrënn hu sech ëm dat „séisst“ gekëmmert a „Life“ huet eis déi beschte Kniddele säit laangem zerwéiert. Mat vollem Bauch sollt ee kee Sport bedreiwen, an dat hu mir eis zu Häerze geholl an dofir en Tour mat der Päerdskutsch gedréint.

Bei eise Frënn vun der „Entente Mine Cockerill“ hu mir uschléissend de verdéngte Patt genoss an den Nomëtteg ausklénge gelooss. D‘Krapperten haten hire Spaass, ob beim Bastelen oder dem Versuch sech eng Plastiks-Int ze fëschen. Déi eppes méi couragéiert hu sech am Klamme versicht, oder d‘Héichseel tëscht zwee Beem iwwerwonnen. Wéi och ëmmer, de Schéinsten Dag vum Joer…

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics ANF, Ellergronn, En Dag an der Natur, Esch-Uelzecht
Next post Previous post