Search

You may also like

Washington: Sträit ëm d‘Récknam vun den IS-Kämpfer
Neiegkeeten

Washington: Sträit ëm d‘Récknam vun den IS-Kämpfer

Beim sougenannten „Anti-IS“ Koalitiounstreffen zu Washington ass et gëschter zum

Tierkei huet Angscht viru fräier Meenung op de soziale Netzwierker. A si sinn net eleng!
Neiegkeeten

Tierkei huet Angscht viru fräier Meenung op de soziale Netzwierker. A si sinn net eleng!

Wann een op de Soziale Netzwierker just nach mat Gläichgesënnte

Traditioun trëfft op Eleganz: Mat Hospes Hotels Andalusien spieren
Neiegkeeten

Traditioun trëfft op Eleganz: Mat Hospes Hotels Andalusien spieren

Hospes Hotels bitt mat sengen 9 Hoteller a ganz Spuenien

„En Dag vun der Solidaritéit mat eise Frënn an Tschetschenien“

„En Dag vun der Solidaritéit mat eise Frënn an Tschetschenien“

Zesumme mat der ASTI an Amnesty International hu Militante vun der Asbl Cigale haut an der Uewerstad mat engem Stand den 17. Mee, den Internationalen Dag géint Homo-, Bi- an Transphobie, ee Manifestatiounspiquet organiséiert. Eng Aktioun déi de Leit am allgemenge soll d’Méiglechkeet bidden iwwert de berühmten Tellerrand ze kucken.

Dësen Dag ass awer och Geleeënheet fir ee besonnesch aktuellen Thema uschwätzen. De Roby Antony, vun der asbl Cigale „Mir stinn haut hei zesumme mat Amnesty International fir op déi katastrophal Zoustänn an Tschetschenien opmierksam ze maachen. Aus deem Grond sammele mer och Ënnerschrëfte fir eng Petitioun, déi ons Regierung sollt animéieren am Sënn vun den Homosexuellen an dësem Land ze intervenéieren.“ Hien vertrëtt dann och d’Usiicht, datt et onsënneg ass „ofzestreiden, datt et Homosexualitéit an Tschetschenien gëtt“.

Richteg ass awer, datt mat de Moossnamen déi do ergraff ginn, eng reegelrecht Pürge stattfënnt an d’Leit zu kriminellen Doten opgefuerdert ginn. Dat geet bis an de familiäre Beräich, bedenkt ee nëmmen, datt de President d’Familljen opgeruff huet déi eege Kanner, Bridder an Schwësteren unzeschwäerzen an esouguer dout ze schloen. „An dësem Sënn“, esou de Roby Antony, „ass dësen Dag och en Dag vun der Solidaritéit mat eise Frënn an Tschetschenien“.

Related topics IDAHOT, Lëtzebuerg, LGBT, Tschetschenien
Next post Previous post