Search

You may also like

Kéint en Tram och fir aner Deeler vum Land interessant sinn?
Neiegkeeten

Kéint en Tram och fir aner Deeler vum Land interessant sinn?

Wann e Transport-Wëssenschaftler sech Lëtzebuerg ukuckt, da lauschtert ee gären

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!
Neiegkeeten

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!

Et kënnt seele genuch vir, datt een et ervirhiewe muss:

Bal 5 Millioune Schnelltester goufen un Entreprisë verdeelt
Neiegkeeten

Bal 5 Millioune Schnelltester goufen un Entreprisë verdeelt

De Vizepremier Dan Kersch huet gëschter de Bilan vun der

En Diddelenger fir en Diddelenger

En Diddelenger fir en Diddelenger

Nodeems de Wiessel vum Alex Bodry (LSAP) vum Krautmaart an de Staatsrot aktéiert ass, hie säi Mandat a seng Funktiounen am Parlament iwwerdroe muss, huet sech d‘Fro gestallt, wien him als President vun der parlamentarescher Kommissioun géif nofollegen.

Eng Fro déi gëschter konnt gekläert ginn. De Mars di Bartolomeo (LSAP) iwwerhëlt dëst Mandat an esou bleift dëst Mandat an Diddelenger Hänn. Et ass kee liicht Mandat an de Mars di Bartolomeo sollt sech drop astellen, datt him hei net nëmme Luef wäert entgéintbruecht ginn. Schliisslech huet hien elo den Dossier „Verfassungsreform“ op der Box, vun där jo gewosst ass, datt de Bierger net méi wäert mëttels Referendum mat entscheeden.

Nach méi blöd: et presséiert elo och nach, nodeems d‘CSV sech direkt ee puermol „nei orientéiert“ huet. An eigentlech sollt et jo och virugoen, firwat gëschter decidéiert gouf mam Kapitel „Justiz“ unzefänken, andeems et jo ëm d‘Schafe vun engem nationale Rot fir d‘Justiz an ëm de Statut vun de Magistrate geet. Hei ass de Léon Gloden elo beoptraagt ginn eng Propose zur Revisioun auszeschaffen, well éischt Virschléi sengersäits, scho vun de Membere vun der parlamentarescher Kommissioun ugeholl goufen.

Illustratioun: Pixabay

Related topics Alex Bodry, Diddelnger, Mars di Bartolomeo, Parlamentskomissioun, Verfassungsreform
Next post Previous post