Search

You may also like

2020 als entscheedend Joer: Eng spektakulär Entwécklung bei Letzshop!
Neiegkeeten

2020 als entscheedend Joer: Eng spektakulär Entwécklung bei Letzshop!

Letzshop ass zënter senger Aféierung am September 2018, déi richteg

Gestreits ëm de Sandweiler-Referendum
Neiegkeeten

Gestreits ëm de Sandweiler-Referendum

Déi Sandweiler Gemeng ass jo eigentlech eng „Ronn Saach“ mee

Editorial: Ass Nationalitéit ee Kritär fir Polizist ze ginn?
Neiegkeeten

Editorial: Ass Nationalitéit ee Kritär fir Polizist ze ginn?

Datt de Prozess vun der Police-Reform nach ëmmer net ofgeschloss

Concours „DiffMix“ geet an d‘Verlängerung

Concours „DiffMix“ geet an d‘Verlängerung

Den DiffMix Projet ass geduecht d‘Konscht un den Uert vun der Wiel vun de Bierger ze bréngen. An dësem Kontext hat et am Abrëll Ateliere ginn, an déi dediéiert Internetsäit ass an der tëscht an dräi Sproochen (franséisch, däitsch an englesch) verfügbar.

Un dësem Projet ka jiddereen deelhuelen. Et geet drëms kënschtleresch Interventiounen zu Déifferdeng selwer an Ëmgéigend ze schafen a gläichzäiteg mat engem kollaborativen Usaz mat lokale Bierger uspriechend Gemeinschaftsraim nei ze gestalten.

Zu de Uerter gehéieren: zwou Stadplazen, de Virgaart vun engem industrielle Gebai, een historescht Stad-Wäsch-Haus an och ee Park. Ze gewanne gëtt et als éischte Präis 1.200 Euro, deen zweete Präis sinn ëmmerhin nach 600 Euro.

All Standuert gëtt ee Budget zum Ëmbau an Héicht vu 15.000 Euro zougestanen. Déi Kënschtler wou de Concours gewannen, erhalen hirersäits eng „Bourse“ fir op Lëtzebuerg ze kommen. Den Delai fir d‘Asendungen ass op de 15. Oktober verlängert ginn.

Related topics DiffMix, Esch2022, Gestalten, Konscht, Kultur, Kulturhaaptstad
Next post Previous post