En encadréiert Demonstratiounsrecht

Unhand den Evenementer vum leschte Samschdeg an der Deklaratioun vum Premierminister an der Chamber um Méindeg, wéi och der éischter Positiounsergräifung um Sonndeg vum Minister fir déi bannenzeg Sécherheet, war et logesch, datt d‘Autoritéite misste Moossnamen huelen.

„Meenungsfräiheet an Demonstratiounsrecht sinn an der Demokratie en héicht Gutt, an dat musse mir zesumme verdeedegen“. Esou kéint d‘Pressekonferenz vum haitegen Donneschdegmueren an engem Saz zesummefaassen. Leider ass et net esou einfach, an d‘Faite vun e puer Daboen, déi sech duerch „falsch verstanen Opfuerderungen“ zu Strofdote verleede gelooss hunn, hu Konsequenzen.

Fir dann elo ze verhënneren, datt sech op en Neits esou Biller vum Land an der Welt verbreeden, gëtt et ee sougenannte „Sécherheetsperimeter“ an deem d‘Leit hiert Recht op Demonstratioun a Meenung ausliewe kënnen. Dësen ass op deen Deel vum Glacis begrenzt op deem Sonndes de Maart stattfënnt a geet bis op d‘Place d‘Europe, dem Sëtz vum Minister Henri Kox.

De Minister an d‘Buergermeeschtesch bedaueren zudéifst, datt sech Amnesty International (AI) elo derzou entscheet huet, hire Fakelzuch fir d‘Mënscherechter ganz ofzesoen, an elo d‘Leit opruffen, um Freiden eng Käerz bei sech doheem, als Zeeche vun der Solidaritéit mat all deenen, déi elo tatsächlech an Diktaturen oder Onrechtsstaaten, am Prisong sëtzen oder soss ënnerdréckt ginn.

Och d‘Demo an d‘Kundgebung vun Terre des Hommes an der Sportshal an der Stroossbuerger-Strooss ass ofgesot ginn. Natierlech dierft et elo statt Bewosstsinn, Aussoen hunn, déi eis solle gleewen doen, datt d‘Politik dësen ONGen d‘Recht op Demonstratioun entzunn huet. Dat awer kann a sollt ee besser wëssen. „Spadséieren“ ass dat eent, eng Stad an Angscht versetzen, dat anert.

Dernières nouvelles