Search

You may also like

money
Manner Stonnen, méi Fraen: Japan kritt Aarbechtsmaart-Reformen nogeluecht – fir d’Produktivitéit ze steigeren
Business International Neiegkeeten

Manner Stonnen, méi Fraen: Japan kritt Aarbechtsmaart-Reformen nogeluecht – fir d’Produktivitéit ze steigeren

D‘Generaldirectrice vum Weltwährungsfong (IMF), Christine Lagarde, huet e Mëttwoch Japan

Adieu – Eng musikalesch Erënnerung u S.A.R. de Groussherzog Jean
Business International Neiegkeeten

Adieu – Eng musikalesch Erënnerung u S.A.R. de Groussherzog Jean

De Groussherzog Jean war an ass nach ëmmer bekannt fir

SNE/CGFP: Manner ass méi, och bei ‘Schoul doheem’!
Business International Neiegkeeten

SNE/CGFP: Manner ass méi, och bei ‘Schoul doheem’!

Mir sinn an enger ongewéinlecher Situatioun, a well ongewéinlech Situatiounen

En Joint fir den Andrew Cuomo?

Schonn a 14 US-Bundesstaaten ass Cannabis och zu rekreativen Zwecker legaliséiert. Et ass fir vill vun dëse Bundesstaaten eng gelleg Steier-Ressource an un Steiere sinn se och am Bundesstaat New York interesséiert. Offiziell wier de Grond awer en aneren…

En Joint fir den Andrew Cuomo?

Am Parlament vum US-Bundesstaat New York gouf d‘Legaliséierung vum rekreative Cannabis elo beschloss. Ab 21 Joer sollt ee sech deemnächst ganz legal dat lëschtegt Kraut am Geschäft kafen dierfen. Et war allerdéngs ee wäite Wee, well der Concertatioun tëscht dem Gouverneur Andrew Cuomo an den Deputéierten, ass ee jorelaange Sträit virausgaangen. Mee wann et ëm de Goss geet.

D‘Gesetz kéint a sollt bannent den nächsten Deeg zum Vott virgeluecht ginn. Ee Revirement kann ausgeschloss ginn, soss hätt et net bréichten esouvill Detailer zum Virgank ze ginn. D‘Händler, déi wuel nach dierfen als „Dealer“ bezeechent ginn, brauchen eng Lizenz. Privatpersounen dierfe bei sech doheem bis zu sechs Planzen hunn, dovunner dierfen der awer nëmmen dräi „zeideg“ sinn.

Fir de Finanzminister vum US-Bundesstaat New York, ass dës Legaliséierung ee Seegen. Eng nach „virsiichteg“ Schätzung vu senge Servicer, huet Steiereinnamen an héicht vun 350 Milliounen US-Dollar an Aussicht gestallt. An amerikanesch Politiker bréngen een och fir wesentlech manner Geld ëm. A bei de Steiere gëtt dann entspriechend zougeschloen. Jidderee soll e Stéck vum Kuch kréien.

Esou ass geplangt, datt op d‘Cannabis-Produkter eng „Bundesstaat“ TVA an héicht vun 9%, dann eng „Lokal“ Tax an héicht vu 4% (déi sollen tëscht de Landkreesser an de Gemengen opgedeelt ginn) erhuewe ginn. Et ginn zousätzlech zu dëse fixen Taxen/Steieren och Accisen erhuewen, hei riicht sech de Pourcentage dann awer nom THC-Gehalt vum Produkt. Den Detail geet nogereecht.

Wat als Begrënnung hierhale muss

Elo Drogen ze legaliséiere well ee sech masseg Steiereinname versprécht, dat ass net wierklech en Argument dat sech Politiker béidersäits vum grousse Pull leeschte kënnen. Elo huet et awer dank dem Joe Biden sengem Virgänger vill Themen, dank deenen sech gewësse Fräiheete justifiéiere loossen. An esou geet et dem Gouverneur an dem Parlament, hei net drëms Steieren anzehuelen.

Nee den offizielle Grond ass de „Kampf géint de strukturelle Rassismus“. Esou heescht et datt am Bundesstaat New York, méi Afroamerikaner wéinst engem Joint verhaft goufen, wéi „Wäisser“ an Asiaten oder Latinoen. A ganz Amerika gi generell – a net nëmme wéinst engem Joint – och haut nach ëmmer méi „POC“ fir ee selwechten Delikt, wéi Wäisser vun de Geriichter verurteelt.

Et ass d‘Liz Krueger, Presidentin vun der Finanzkommissioun, dat déi ongläich Behandlung vun de „Faarwege Communautéiten“ als erhieflech Belaaschtung bezeechent. Si proposéiert (et soll sech jo gutt unhéieren) déi wirtschaftlech Erträg ze notzen, fir dës Communautéiten ze entschiedegen. Dat wäert natierlech net geschéien, also zumindest net iwwert ee symboleschen „Geste“ erausgoen.

Anersäits ass gewosst, datt mat wéineg Kreditter an eppes Ënnerstëtzung, Membere vu Minoritéiten – Klengbaueren, Fraen, Handicapéiert Veteranen – sollen ermontert ginn, an de Cannabis-Business eranzeklammen. Gedreemt gëtt vun dausenden Aarbechtsplaze fir eng defavoriséiert Populatioun. Dat ass leider weder eescht gemengt nach dierften déi „Grouss Player“ dat laangfristeg zouloossen.

mat indymedia/nyc

Illustratioun: © Mike Von / unsplash

Related topics Andrew Cuomo, Cannabis, Legaliséierung, Steieren, THC, US-Bundesstaat New York
Next post Previous post