Search

You may also like

Cloche d’Or: Aweiung vun der Passerell fir Foussgänger a Cyclisten
Meenung

Cloche d’Or: Aweiung vun der Passerell fir Foussgänger a Cyclisten

Gëschter huet déi offiziell Aweiung vun der Passerell fir Foussgänger

En digitalen Nationalfeierdag 2020
Meenung

En digitalen Nationalfeierdag 2020

D’Festivitéiten op Nationalfeierdag wéi mir se gewinnt sinn, falen an

What the Fakt – Den éischten Déiereschutzservat um afrikanesche Kontinent!
Meenung

What the Fakt – Den éischten Déiereschutzservat um afrikanesche Kontinent!

Um Enn vum 19. Joerhonnert ware kaum nach wëll Déieren

En neit Gesetz fir d‘Fëmmerten, geet et mech eppes un?

En neit Gesetz fir d‘Fëmmerten, geet et mech eppes un?

Wann ech mech u meng Kandheet erënneren, wou mer hannen am Auto gesiess sinn, an de Papp hannert dem Steier vun Esch bis op Knokke eng no der aner gepafft huet. Wat waren dat Zäiten. Haut ass esou eppes wuel nach virstellbar, mee net méi erlaabt.

Sécher dierf ee sech d‘Fro stelle wéi wäit de Staat, Europa – ëmmerhi gëtt jo hei an éischter Linn eng EU-Direktiv ëmgesat – ka goen, wann et drëms geet eis Fräiheet ze beschneiden. Woubäi ech mer als Fëmmert allerdéngs d‘Fro net stellen. Dat dee knascht dee mer eis all Dag an d‘Gesiicht stiechen alles wéi net gutt fir eis Gesondheet ass, dorunner dierft jo wuel keen Zweiwel bestoen, oder?

Gutt, dat festgestallt an awer topeg genuch, oder vläicht just ofhängeg, maachen ech emol eng un. Mäin Artikel schreift sech jo och net vum selwen. Faalt elo net vum Stull, ech schreiwen doheem an et ass keen do deen den Damp géif stéieren oder deem e kéint schueden.

Also zréck zum Thema. Et soll engem also elo verbuede sinn um Fussballsterrain eng ze raachen, während de Boxeschësser sech seng Knéie ruinéiert. Ma geet et da mam Geliits? Jo et geet, an der Däiwel nach een, déi Entscheedung ass esou richteg wéi noutwenneg. Musse mir eis Drécksgewunnechten onbedéngt op eis Kanner iwwerdroen? Dat dann och nach beim Sport oder wa mer se vun der Schoul ofhuelen? Nee musse mer net, mee wëll mer iergendwéi ze mëll sinn dat selwer ze verstoe muss et eben e Gesetz sinn.

Jo mee am Auto, dat ass jo wéi doheem, oder? Doheem kann ech dach eng dämpe wann ech Loscht hunn. Sollen d‘Kanner dach an de Gaart spille goe wann et se stéiert. Nujee, doheem kënnen se zur Nout och op d‘Zëmmer goen an „Schéiss mech Doud“ op der Spillstatioun rappen. Am Auto awer misst een se schonn an d‘Mall setzen. Also nee, och do ass et einfach am beschten de Nol fir de Sarg net unzemaachen. E Reflex deen och da sollt gëllen, egal wie matfiert, wann deen net selwer qualmt.

Meng Meenung ass sécherlech esou naiv wéi sarkastesch. Mee et ass meng Meenung. Jidderee soll sech dierfen ëmbréngen, mat oder ouni Style, do mëschen ech mech net an. Mee dat soll een eleng maachen. Et gëtt keng gutt Ursaach, kee Grond dee vertrietbar wier, en anere matzerappen. Also, wann‘s de kleng Kanner hues an et net vun Esch bis an d‘Stad pak‘s ouni eng un ze maachen, dann, mee just dann, setzt deng Kanner an den Zuch.

Sou dat gesot, erlaben ech mer op all déi ee Pättchen ze drénken, déi wéi ech – zwar elo net direkt op de Balcon gi fir eng ze fëmmen – et awer bleiwe loosse wann ee Butz an der Géigend ass, egal op Spillplaz, Sportsterrain oder am Auto.

Related topics Fëmmen
Next post Previous post