Search

You may also like

money
Tourismus: Et ginn der ëmmer méi
International Neiegkeeten

Tourismus: Et ginn der ëmmer méi

Eigentlech wier domadder dee vum Wirtschaftsministère virgestallte Bilan zum éischte

DR-Kongo: Manktem un Hëllef am Kampf géint d’Riedelen
International Neiegkeeten

DR-Kongo: Manktem un Hëllef am Kampf géint d’Riedelen

D’Epidemie vun de Riedelen, déi den 10. Juni offiziell ausgesprach

Buchpresentatioun vun „Anne aus Green Gables“
International Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Anne aus Green Gables“

Virun e puer Wochen huet mäi Meedche vu fofzéng Joer

En Telefonsgespréich mat Folgen

US-Demokrate fuerderen dem Donald Trump säi Kapp

En Telefonsgespréich mat Folgen

Nodeems nei Virwërf opkomm sinn hunn d‘US-Demokraten éischt Moossnamen ergraff, déi zu engem Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) géint den US-President féiere kéinten. D‘Nancy Pelosi, Spriecherin vum Representantenhaus huet erkläert, datt den Donald Trump seng Flichten, esou wéi se him vun der Verfassung diktéiert sinn, verletzt huet.

Et geet dobäi ëm en Telefonat mam neien ukrainesche President Wolodymyr Selenski, an deem den Donald Trump Drock op säin Homolog gemaach hätt, fir esou u „brisant Informatiounen“ zum Joe Biden sengem Fils Hunter, ze kommen. Vun den Demokrate kritt den US-President elo virgeworf, säin „Amtseed an déi national Sécherheet verroden ze hunn“. Dat sinn zimlech haart Wierder.

Telefonsgespréich„Kee Mënsch steet iwwert dem Gesetz“, esou d‘Nancy Pelosi, déi preziséiert huet, datt 6 Ausschëss an dem vun den Demokrate geleete Representantenhaus, gemeinsam préiwen ob a wéi een d‘Prozedur zur Amtsenthiewung lancéiere kann. Sollten d‘Demokraten noweise kënnen, datt den Donald Trump 400 Milliounen US-Dollar un „Hëllef“ als Drockmëttel sollt agesat hunn, gëtt et enk.

De Milliardär, deen sech den Ament am Kontext vun der UN-Vollversammlung zu New York mat „anere Problemer“ ausenanerzesetzen huet, reagéiert gewinnt ongehalen an ongefiltert op déi vun den Demokrate gemaachten Annoncen. A sengem Tweet bezeechent hien den demokratesche Virstouss als „Hexejuegd“ an dementéiert all Uspillung op ee Feelverhale géintiwwer dem Selenski.

TelefonsgespréichHie bedauert zudeem de gewielten Zäitpunkt. „Et war esou ee wichtegen Dag bei de Vereenten Natiounen, esou vill Aarbecht an esou vill Erfolleg, an d‘Demokraten hunn dësen absichtlech ruinéiert an erofgesat“, esou den Donald Trump via Twitter. Dobäi muss sech dëse brillanten an iwwert d‘Mooss genialen Diplomat keng Suerge maachen, esou laang de Senat hannert him steet.

Wann d‘Demokraten nämlech hir Majoritéit am Representantenhaus duerchaus kënnen asetze fir d‘Verfahren ze lancéieren, esou huet de Senat awer dat lescht Wuert, an do hunn d‘Republikaner d‘Soen. En Amtsenthiewungsverfaren ass domatter – schliisslech befënnt ee sech am Wahlkampf – Ausgeschloss. Net ze vergiessen, datt iwwert de genauen Inhalt vum Gespréich näischt gewosst ass.

TelefonsgespréichDat soll sech elo änneren. Den US-President huet matgedeelt, datt gepréift gëtt a wéi engem Mooss d‘Matschrëft vum Telefonat ze verëffentlechen ass. Dat kéint schonn haut de Fall sinn, firwat de Milliardär nach emol betount huet: „…da wäert d‘Ëffentlechkeet gesinn, datt et ee ganz frëndlecht an absolut ubruecht Gespréich war“. Hien hätt keen Drock op den ukrainesche President gemaach.

mat indymedia/was

Related topics Amtsenthiewungsverfaren, Donald Trump, Impeachment, Nancy Pelosi, Telefonsgespréich, Wolodymyr Selenski
Next post Previous post