Search

You may also like

D‘Strooss ass keng Rennstreck!
Neiegkeeten

D‘Strooss ass keng Rennstreck!

D‘Fréijoer ass zu Lëtzebuerg ukomm a mat him dat gutt

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue
Neiegkeeten

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue

Den LAR – am Volleksmond d‘Air Rescue genannt – ass

What the Fakt – Ee Gebuertsdagsständchen vum Marilyn Monroe
Neiegkeeten

What the Fakt – Ee Gebuertsdagsständchen vum Marilyn Monroe

Mam sënnlechen Optrëtt no der Gebuertsdagsgala fir den US-President John

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée

OGBL-President André Roeltgen fuerdert Moossname vun der Regierung

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée

Am Kontext vum Logement an dem Accès zu Wunnraum, huet Lëtzebuerg e richtege Problem, fir net ze soen datt et schonn eng reegelrecht Kris ass. Laut der Gewerkschaft, gi mëttlerweil 40% vum Loun fir den Hauszëns drop, Tendenz steigend. An dat bedreet op Dauer de soziale Fridden.

Bei der Pressekonferenz zur sozialer Rentrée huet gëschter beim OGBL de Logement am Mëttelpunkt gestanen. Sech en Daach iwwert dem Kapp ze leeschten, an dat zu Lëtzebuerg, ass a bleift eng vun de Haaptsuerge fir d‘Salariat zu Lëtzebuerg, esou den OGBL-President aleedend. Et war dann och bei der Sëtzung vum nationale Comité op en neits e Grond Fuerderungen ze stellen.

An den André Roeltgen stellt fest, datt keng Regierung sech dësem Problem wierklech ugeholl huet an een derbäi ass an eng regelrecht Katastroph ze rutschen. Mat Präisser vu bis zu 900 Euro (ouni Chargen) fir 12,5 M² – an dat betrëfft an der Regel Mënschen déi de Mindestloun hunn – gëtt de Mënschen emol ze vill ofverlaangt, an dës Situatioun huet natierlech och e wirtschaftlechen Impakt.

Ekonomesch gesinn, schueden déi zu Lëtzebuerg applizéiert Loyeren, déi beispillsweis an der Stad Lëtzebuerg schonn iwwer 25€/M² geleeë sinn, der Attraktivitéit vum Land. Ee gutt bezuelte Job ass nëmmen och da wierklech cool, wann ee sech dovunner méi wéi nëmme „Wunne“ leeschte kann. A wirtschaftleche Wuesstem an engem Land geet Hand an Hand mat der Kafkraaft vun den Awunner.

„Et brauch radikal Moossnamen!“

Fir de streiderege Gewerkschaftler, deen deemnächst säi Mandat un d‘Nora Back dierft weiderginn, bréicht et zu Lëtzebuerg e Paradigmewiessel. Déi politesch verantwortlech „Acteuren“ sollten elo domatter ophalen deene „räiche Grondbesëtzer“ all Wonsch – net nëmme vun de Lëpsen ofzeliesen – mee och ze erfëllen. Fir den André Roeltgen ass d‘Spekulatioun d‘Wuerzel vun allem Iwwel.

Woubäi d‘Spekulatioun nëmmen ee vu vill Facteuren ass. Datt de gréissten Deel vum „Wunnraum“ an der Hand vun ee puer Familljen an/oder Konsortien ass, déi hir Loyeren entspriechend der Nofro no uewen upassen an dësen och ouni Problem bezuelt kréien, ass och dem Fait geschëlt, datt dëse Maart net reguléiert ass. Zu allem Iwwerfloss, brauchen „déi“ nach net emol Steieren ze bezuelen.

Also zumindest sinn et der ze Mann, well d‘Regierung mat de „spezialiséierte Fongen“ e Wee fonnt huet, grad déi grouss Proprietairë maximal ze begënschtegen. Anescht ausgedréckt: d‘Regierung gëtt 1% vun der Bevëlkerung eng Steierentlaaschtung déi zu Laaschte vun den aneren 99% geet, an do ass den Hauszëns nach net emol berécksiichtegt. Et muss sech also eppes änneren, mee wat?

Besteierung an eng Deckelung vun de Loyeren

Grondsätzlech geet et net drëms dem Bierger säin Haus steierlech ze belaaschten. Beim OGBL kann ee sech dogéint ganz gutt eng „progressiv Steier“ virstellen, déi besonnesch esou Proprietairen, déi sech Grondstéck fir Grondstéck, Logement fir Logement kropen, steierlech esou belaascht, datt dee keng Loscht méi huet nach weider „Steng“ ze kafen. Dat wäert de Finanzminister net maachen.

A „Besteierung“ eleng geet dem OGBL och net wäit genuch. Déi sougenannte FIS (spezialiséiert Investmentfongen am Immobilier) wieren ee Kaddo deen de grousse Grondbesëtzer gemaach gëtt, awer vum Salariat muss bezuelt ginn. Zudeem ass dës steierlech Entlaaschtung fir d‘Proprietäre kee Grond e sozialverträgleche Loyer ze erhiewen. Nee déi huelen sech wuertwiertlech de leschte Su.

Säit Jore gëtt lamentéiert, datt obwuel et e Gesetz gëtt mat deem d‘Zréckhale vun Terrainen an déi absichtlech eidel Wunnenge kéinten taxéiert ginn, kee sech traut dat ëmzesetzen. Eigentlech normal, wann déi wou d‘Gesetz uwennen an ëmsetze sollen, mat deenen déi dovunner betraff wieren, ënnert enger Decke stiechen – wa se net direkt selwer zum Club gehéieren oder dervu profitéieren.

Gedeelte Leed ass halleft Leed

An déi Aart a Weis wéi déi Lëtzebuerger Regierung Verantwortung géintiwwer senge Bierger hëlt, mëssfällt längst net nëmme méi de Gewerkschaften. Bei eisen Nopere gesäit een d‘Entwécklung am Logement och net mat engem gudden A. An der ganzer Groussregioun, huet d‘Entwécklung vun de Loyeren an/oder Verkafspräisser zu Lëtzebuerg en direkten a virun allem däitlechen Impakt.

Déi belsch, däitsch a franséisch Residenten am noe Grenzgebitt, ginn duerch déi zu Lëtzebuerg applizéiert Präisser ënner Drock gesat. Besonnesch haart trëfft déi Awunner am Grenzgebitt, déi „net zu Lëtzebuerg“ schaffen, also wäit manner wéi deen heizuland bezuelte Mindestloun erhalen. Deene genannten 1% an der Lëtzebuerger Regierung kann dat awer häerzlech hanne laanscht goen.

A well et grad esou flott ass: Pénktlech zur sozialer Rentrée hunn d‘Vertrieder vum Patronat (déi hunn endlech bekäppt datt sech kee méi gewerkschaftlech organiséiert) duerchblécke gelooss, datt si keen Interessi hunn sech weider am „Comité Permanent du Travail et de l‘Emploi“ (CPTE) ze engagéieren. Do geet et souwisou nëmmen ëm Sozialreformen, an dat wëllen si an d‘Regierung net.

Illustratioun: Iwwerdriwwe Loyeren, déi an éischter Linn Leit mat „klengem Akommes“ finanziell mam Réck widder d‘Mauer stellen, sinn eng Gefor fir déi sozial Kohäsioun an der Gesellschaft. Et ginn hei d‘Leit kategoresch a ganz bewosst vun der Bedeelegung um sozialen a gesellschaftleche Liewen ausgeschloss. An eigentlech ass et och ganz richteg esou, wa Mënschen net méi solidaresch sinn, nëmmen nach hir kleng Welt am A hunn, da sollen se kucken datt se eens ginn. (Peter Fischer / Pixabay)

Related topics Aarmut, André Roeltgen, Koalitiounsregierung, Logement, OGBL
Next post Previous post