En Zuch voller Hoffnungen an Erënnerungen

Haut de Moien huet d’Amicale des Anciens de Tambow eng Gedenkzeremonie virum Monument aux Morts an der Stater Gare organiséiert, fir un de groussen Transport vun ëm 600 Männer zeréck op Lëtzebuerg ze erënneren. Deelgeholl hunn ënnert anerem Membere vun der Politik, der Kultur an der Kierch.

Tëscht 1943 an 1945 sinn iwwer 1.000 Lëtzebuerger an d’Lager Nr. 188 zu Tambow a Kirsanow deportéiert ginn. Ganzer 165 Komeroden hunn hir lescht Rou am russesche Lager fonnt, 50 Männer sinn um Retour, respektiv kuerz duerno verstuerwen. E Krankentransport mat 200 Mann huet de Groussherzogtum den 9. Oktober erreecht, e knappe Mount drop war dunn de groussen Transport an d’Heemecht.

„D’Jonge sinn zeréck“ huet et deemools geheescht. En Zuch mat Mënsche voller Hoffnung op Fräiheet, Demokratie, Respekt an Toleranz koum un. Gläichzäiteg stoung fest, datt déi grujeleg Erënnerungen si de Rescht vun hirem Liewe begleede wäerten. Ëmsou méi wichteg ass d’Aarbecht vun der Amicale an d’Gedenkzeremonien.

Tambow
© Shari Pleimelding / moien.lu

Aktuell liewen, sou d’Amicale, just nach 5 bis 6 Zäitzeien, déi e Stéck Geschicht mat sech droen. Elo ass et un eis an den zukünftege Generatiounen d’Erliefnisser vun der donkeler Zäit vum Zweete Weltkrich, vun Diskriminatioun, Folter an Haass an Erënnerung ze behalen, esou datt sech dës Doten net méi widderhuelen.

An dësem Kader hunn de Paul Scholer, President vun der Amicale des Anciens de Tambow, de Chamberpresident Fernand Etgen, de Serge Wilme, Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg an den Här Dmitry Lobanov, russeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg mat hire Rieden zum Net-Vergiesse bäigedroen.

Dotëscht war et den Cellist Andrl Mergenthaler, dee mat puren Emotiounen dës Gedenkzeremonie musikalesch begleet huet. D’Tambower Gefângene Lidd an Ons Heemecht huet als Ofschloss de Carlo Hartmann virgedroen.

Tambow
© Shari Pleimelding / moien.lu

An dësem Kader sief drop higewisen, datt an Zesummenaarbecht mat der CFL nees d’Expo iwwert d’Lager 188 an der Verrière vun der Stater Gare ze gesinn ass- Zënter dem 23. Oktober 2020 ass eng Lokomotiv mam Banner „75 Joer zeréck an d’Heemecht“ ënnerwee an am vergaangene Joer gouf pünktlech zum nationale Commemoratiounsdag d’Rous „Tambower Jongen“ presentéiert, dat mat de Associatioun Lëtzebuerger Rousefrënn.

Den Owend gëtt dann dat neit Buch „Tambow 1943-1945: 75 Joer zeréck an d’Heemecht“ presentéiert.

Dernières nouvelles