Search

You may also like

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis de 14. Juni 2020
Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis de 14. Juni 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs
Neiegkeeten

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs

Dem Mahmoud Abbas, President vu Palestina, geet de Beholl an

D‘Ageständnis vum Emmanuel Macron
Neiegkeeten

D‘Ageständnis vum Emmanuel Macron

Am Interview mat der franséischer Televisiounschaîne TF1, huet sech e

ENAD: Hei muss eppes richteg gestallt ginn!

Wort-Artikel bréngt Personalvertriedung vun der ENAD op d‘Palm

ENAD: Hei muss eppes richteg gestallt ginn!

Den Artikel „Ein Rücktritt und viele Fragen“ (21. Dezember) vun der Wort-Journalistin, Michèle Gantenbein, an deem vu „Problemer“ an der „Schoul vun der zweeter Chance“ (ENAD) rieds ass, nodeems hei de bäigeuerdneten Direkter Mike Richartz ugangs der Woch d‘Handduch geworf huet, gëtt vun der Personalvertriedung kritiséiert.

An hirem Schreiwes vu gëschter Mëtteg, stellt d‘Personalvertriedung kloer:

„D‘Personalvertriedung vun der ENAD distanzéiert sech an aller Form vum Inhalt vum Artikel vum Michèle Gantenbein zum Thema „Ein Rücktritt und viele Fragen“, deen op der Online-Säit vum Luxemburger Wort e Freideg den 21. Dezember 2018 um 12.25 Auer verëffentlecht ginn ass.

D‘Äusserungen am Artikel si weder mat der Personalvertriedung ofgeschwat ginn, nach entsprécht dat der Demarche vun der Personalvertriedung vun der ENAD. D‘Personalvertriedung steet geschlossen hannert dem Projet ENAD a bedauert déi aktuell Spekulatiounen déi haut an der Press verbreet ginn.

Mir fuerderen eng onverzüglech Richtegstellung vun den Tatsaachen an d‘Publikatioun vun dësem Schreiwen“

Wat ass da nëmme lass?

Ugefaangen huet dësen Dilemma mat der Parlamentarescher Fro vum déi lénk Deputéierten, David Wagner, un den Educatiounsminister Claude Meisch (DP). A senger Drénglechkeetsfro, wollt den Deputéierte vum Minister wëssen, wat et mam Projet vun der Reorganisatioun an der Fusioun op sech huet, déi de Service vun der Erwuessenebildung (SFA), der nationaler Schoul fir Erwuessener (ENAD) an den nationalen Zentre fir déi berufflech Weiderbildung (CNFPC) betreffen?

Den 13. Dezember huet de Minister op déi 25 Froe vum Deputéierte geäntwert. Heirauser geet ervir datt et am Kontext vun enger Aarbechtssëtzung zu engem „Brainstorming“ komm wier, wou esou eng Méiglechkeet beschwat gi wier, mee et sech hei nëmmen ëm e Gedankenaustausch gehandelt huet. Et géif och net un engem entspriechende Gesetzprojet geschafft. Et gëtt nëmmen, esou wéi et am Koalitiounsaccord steet, eng Analys vun der Situatioun an der Rollenopdeelung virgeholl.

Laut dem Luxemburger Wort géif et tëscht dem „Gedanken zu enger méiglecher Fusioun“ an der Demissioun vum bäigeuerdneten Direkter en Zesummenhang. Dat hätt dann derzou gefouert, datt d‘Schoulpersonal vun der ENAD elo vum Minister Claude Meisch Äntwerte wëll an eng Entrevue um Ministère ugefrot hätt. Dat ass, wéi ee vum Schreiwes vun der Personalvertriedung enthuele kann, awer anscheinend net de Fall…

Related topics Claude Meisch, CNFPC, David Wagner, ENAD, Erwuessenebildung, SFA
Next post Previous post