Search

You may also like

D‘Realitéit an eise Schoulen ass de Beweis dofir, wéi komplex d‘Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg wierklech ass
Business International Money Neiegkeeten

D‘Realitéit an eise Schoulen ass de Beweis dofir, wéi komplex d‘Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg wierklech ass

D’plurilingual Erzéiung ass alles anescht, wéi e liichten Dossier. Kaum

surprise
Brexit: Ausseminister Johnson sicht d‘Konfrontatioun mat der EU
Business International Money Neiegkeeten

Brexit: Ausseminister Johnson sicht d‘Konfrontatioun mat der EU

Virum Parlament huet de briteschen Ausseminister gemengt, datt déi europäesch

Poetry Slam de Lux’ 9: Am Bann vun de Wierder
Business International Money Neiegkeeten

Poetry Slam de Lux’ 9: Am Bann vun de Wierder

Et ass dat Event wat een net verpasse sollt! De

money

Enbridge Energy Line 3 – Zäit Konkret ze ginn

Enbridge Energy Line 3 – Zäit Konkret ze ginn

Nodeems mir Enn August bericht haten, datt den ieweschte Geriichtshaff vum US-Bundesstaat Minnesota, den Appell vun de Projetgéigner ofgewisen huet, huet et vill Froen zu dësem Thema, ginn, firwat sech dem Thema op dëser Plaz nach emol an der Déift ugeholl gëtt.

Anishinaabe ass d’Bezeechnung fir e kulturell a linguistesch verbonnene Groupe vu First Nations aus Kanada an Amerika déi sech ronderem d’Great Lakes sammelen.

Den Term Anishinaabe bezitt sech souwuel op den Individuum aus deem Groupe wéi och op de Kollektiv vun de Mënschen, déi zu där besonnescher Famill gehéieren. De Basil H. Johnston, e Linguist an ee vun de Stammeseelsten, huet festgehalen, datt Anishinaabe wuertwiertlech iwwersat “Wiesen déi aus näischt ervirgaange sinn” respektiv “spontan Wiesen” bedeit.

Alternativ kann den Term, laut engem Eelste vun der Grand River First Nation zu Ontario, och als “d’Mënschen oder Leit déi op déi richteg Aart op der Äerd liewen” iwwersat ginn. Allgemeng heescht Anishinaabe souvill wéi “originale Mënsch” oder déi “gutt Mënschen”.

Déi Vereenten Natiounen an den Obama

D’United Nations Declaration on the Rights of Indigenous People (UNDRIP) ass dat wichtegst internationaalt Dokument dat de weltwäite Schutz fir indigene Vëlker ënnermauert. Et ass 2007 vun de Vereenegten Natiounen ugeholl ginn, mat der Ënnerstëtzung vun iwwer 90% vun all de Länner op der Welt. D’USA war eent vun de 4 Länner wat dogéint gestëmmt huet, wärend déi 3 aner sech zanterhier ementscheed hunn offiziell d’Dokument matzedroen.

Am Joer 2010 huet de President Obama verkënnegt, datt d’USA sech der Ënnerstëtzung vun der Deklaratioun géinge verschreiwen. Mee de Kongress huet d’Dokument net besigelt an Amerika ass folglech net legal verflicht.

Enner anerem beinhalt UNDRIP Rechter fir Land a Gesondheet: d’Recht Kultur ze praktizéieren, ze erhalen an ze schütze souwuel wéi d’Recht op Selbstbestëmmung. Weider féiert et de Konzept vu Free, Prior and Informed Consent (FPIC) als déi maassgebend Schwell vun der Zoustëmmung un déi aner Regierungen an Industrie musse vu betraffene Gemeinschaften erhalen ier se Richtlinnen däerfen ëmsetzen déi des géingen affektéieren.

Am Joer 2010 huet d’Obama Administratioun eng interessant Ausso am Zesummenhang mam FPIC gemaach an där et heescht, datt eng sënnvoll Entrevue mat de Stammesleader net onbedéngt mat enger Zouso vu leschtere gläichzesetze wär, wat esou vill heescht wéi: déi consultéiert Aktioune wäerten esou oder esou stattfannen.

Firwat de Bau vun der neier Line 3 verhënneren?

Klimawandel an Traditioun

Et gëtt keng Pipeline ouni Fuitte. Souvill ass vu vir era gewosst. Wat elo speziell d’Line 3 betrëfft, do geet et virun allem em d’Entfalung vun enger Teersand Industrie déi awer erwisenermoossen dem Ënnergang gewäit ass. Dës Leitung dréit méi zum Klimawandel bäi wéi déi komplett Wirtschaft vu Minnesota. Bannemaart-technesch ergëtt se kee Sënn. Woubäi et fir sech schwätzt, datt eng erneierbar an nohalteg Wirtschaft déi onmëttelbar Zukunft duerstellt.

Wann ee sech op d’Treaty Rights of Anishinaabe People and Nations am Zesummenhang mam Line 3 Projet bezitt, sou stellt een och séier fest, datt d’Grondrechter vun den Anishinaabe komplett mëssuecht ginn. D’Plantage vu wëllem Räis, vun deem d’Iwwerliewe vun dëse Mënsche massiv ofhänkt, si bedréit: déi ominéis Pipeline wëll sech ouni Récksiicht op Verloschter queesch duerch sämtlech Gewässer hire Wee baanen, wou d’Indianer hiren traditionelle Räis heegen a fleegen.

Enbridge

Wär d’anti-Line 3 Campagne erfollegräich, kéint dat d’Enn vum wankende kanadesche Wirtschaftszweig vum Teersand bannen de nächsten 10 Joer beschleunege, genau deen Zäitraum an deem wëssenschaftlech prognostizéiert worst-case scenarios vum Klimawandel nach kënne verhënnert ginn. Oder wéi d’Winona LaDuke et nach treffend formuléiert géing den Erfolleg vun der Oppositioun de “ground zero in the battle over climate change” bedeiten. Et wier déi lescht pipeline, de leschte Kampf, an dee fënnt zu Minnesota statt.

Energieverschwendung a Gefährdung vu Mënscheliewen

Ausgoend vun der Quantitéit u Karbon am Ueleg dee sollt gefërdert gi, kéim de Bau vun der Pipeline graff gerechent der Konstruktioun vu 50 neie kuelebedriwwene Fabrikanlage gläich. Guer net ze schwätze vum elektresche Bedarf dee misst erfëllt gi fir d’Leitung iwwerhaapt betriibsfäeg ze erhalen. Ënnert dem Stréch wär den Energieopwand mat deem vun der gesamter Prairie Island Nuklearanlag ze vergläichen.

D’Sozialkäschte vum Kuelestoff fir eng nei Line 3 erhiewen sech op ausgerechent $287 Milliarde verdeelt iwwer déi éischt 30 Joer vun der Pipeline. An déi meescht Haaptleitunge vun Enbridge hu méi wéi 50 Joer.

Weltwäit sinn indigene Vëlker am stäerkste vum Klimawandel an de kollaterale Schied betraff. Dobäi droen si am mannsten dozou bäi, ganz einfach well si an engem ganz intime Verhältnis mat der Natur an hire Landschafte liewen. Aus deem Grond stellen e gesonden Ökosystem a propper natierlech Ressourcen eng absolut Prioritéit fir hire Fortbestand duer. An da kënnt nach dozou, datt si am Fall vun enger Katastroph wéineg Chancen hätten sech a Schutz ze bréngen!

Aarbechtskonditiounen an den Impakt op déi lokal Bevëlkerung

Man camps si provisoresch Wunnsiidlunge déi gebaut gi fir virun allem männlech Aarbechter ze logéieren déi geruff gi fir u Projete vu gréisserem Ausmooss ze schaffen. Et gëtt noweislech en direkte Lien tëscht deene Campen an der Erweiderung vum Drogenhandel, Mënschenhandel a Gewaltverbriechen – Zoustänn déi generell an op dramatesch Aart a Weis déi indigene Gemeinschaften treffen a besonnesch hier Fraen.

Esou Projete fannen typëscherweis a ländleche Géigende statt, an onmëttelbarer Noperschaft zu dëse Communautéiten. De plëtzlechen Zoulaf vu gréisstendeels Siidler mat enger héijer Unzuel u männlechen Aarbechter kann nach ewell mat Liichtegkeet déi lokal Bevëlkerung verdräifachen. D’Campe bestinn oft aus Mobil-Homen an anere Wunnween déi als zäitweileg Wunngeleeënheeten hiren Déngscht erfëllen.

A verschiddene Fäll ass d’Ariichtung net nei, mee d’Flut vun auswäertegen Aarbechter kann e bestoenden Trailer park, Camping oder Wunnkomplex iwwer Nuecht verwandelen. Dës Ënnerkënft begënschtegen offensichtlech eng Kultur vun Alkohol- an Drogemëssbrauch, Gewalt, Fraefeindlechkeet a Rassismus.

Camp Liewe verschlëmmert Isolatiounsverhale, psychesch Erkrankungen a Problemer am Zesummenhang mat Substanzmëssbrauch well d’Männer belaaschtend a potenziell geféierlech Aarbechtsbedéngunge mussen a Kaf huelen déi oft a Verbindung mat héije Gehaltschecke stinn.

D’Folge fir Frae, Kanner an two-spirit people aus de Nopesch Gemeinschafte souwéi an der internationaler Sexhandel-Industrie déi se fiddert sinn oft verheerend. Dat ass ee vun de ville Grënn fir d’Epidemie vu Missing and Murdered Indigenous Women (MMIW) wouvunner Minnesota an uleiend Regiounen am häertste getraff sinn.

Kulturellen an archäologesche Patrimoine

Op der Streck vum geplangte Projet befannen sech 17 verschidde Gewässer mat wëllem Räis wou nach ni virdrun eng Uelegleitung duerchgelaf ass. Dee ganze Biotop erstreckt sech iwwer eng Gesamtfläch vu ronn 157ha. Dat heescht, datt déi nei Line 3 scho virun den onvermeidleche Fuitten en zerstéiereschen Effekt op d’Plantagë wäert ausüben.

Déi betraffen Zon ass zanter Joerdausende bewunnt. Eng grouss Unzuel un zesummelafenden archeologeschen a kulturelle Sitten an Hellegtümer sinn a Gefor. Nieft deene vun den Anishinaabe och nach déi vu sämtleche weideren ethneschen a kulturelle Gruppen.

180 vun deene Site goufen 2015-2016 offiziell vun der Environmental Protection Agency (EPA) an der Line 3 Zon rezenséiert, allesamt ënnert der Begutachtung vum Indian Affairs Council zu Minnesota erfaasst, a vum National Historic Preservation Act, dem Executive Order on the Protection of Sacred Sites an der UN Declaration on the Rights of Indigenous People unerkannt.

Trotzdeem hätt de Staat Minnesota drop verzicht sech eng Bewäertung unzekucken, déi vun der archeologescher Beleegschaft vun den Indian Affairs opgestallt ginn ass, resp. deenen hirer Expertis déi geréngsten Opmierksamkeet ze zollen, obschonn dat widderholl vun den impaktéierte Stammesregierunge sollicitéiert gouf.

Et hätt och knapps ee sech ugestrengt, eng anstänneg archeologesch Bestandsopnam vu kulturelle Ressourcen entlaang der Streck ze féieren. Dës Weidere gouf eng Petitioun verworf déi am Januar 2018 vu 5 Stämm mat der Ufro un de Gemengenëtzegkeetsrot agereecht gouf fir d’Baugeneemegungen an d’Wiel vun de Route bis no Beendegung vun enger vernënfteger Bestandsopnam ze verleeën. Op eegen Initiativ hun d’Urawunner dunn 2017 eng Studie mat hiere eegene, geschoulte Leit organiséiert. Déi ass awer grad esou ausser Uecht gelooss ginn an d’Baugeneemegunge goufen am Hierscht 2018 ausgestallt.

Alles eidel Verspriechen?

Enbridge wërft mat Versprieche vu Sécherheet em sech déi, an Ubetruecht vun deenen 800 Fuitten déi an de leschte 15 Joer notéiert goufen, awer offensichtlech net kënnen agehale ginn. D’Auswierkunge vun enger vun de schlëmmsten Uelegfuitten an der US Geschicht, bei där am Joer 2010 iwwer 1,2 Millioune Gallounen Ueleg an de Kalamazoo River verschott gi sinn, konnte bis haut nach net behuewe ginn. Déi bestoend Line 3 eleng as responsabel fir déi gréisste Fuite an der US Geschicht, déi sech direkt nieft Grand Rapids zu Minnesota am Joer 1991 ereegent huet.

Déi virgeschloe Streck duerchquert e puer vun deene Séien déi nach an hirem ursprénglechsten Zoustand si, souwéi ëmleiend Fiichtgebidder an e puer vun de gréisste Wëllräisbetter op der Welt. Et ass déi denkbar schlechtste Plaz fir eng Pipeline ze bauen!

Well de Projet net emol déi elementaarste Standarde vun ëmweltlecher Gerechtegkeet erfëllt, maache Begrëffer wéi emweltleche Rassismus berechtegterweis d’Ronn. Et geet em d’Liewe vu Mënschen deenen hier Virrechter op hirem Territoire per Traité zugonschte vun all den Einheimeschen ofgeséchert gi sinn. Hier Rechter op Eegeversuergung mat deem wat d’Natur hinne bitt géifen duerch egal wéi eng alternativ Route fir d’Uelegleitung entwierdegt ginn, a mam Bau vun enger neier wär hier Existenz mat irreversibelem Schued besigelt.

Gläichgëltegkeet säitens der Verwaltung

Disproportionéiert Folge vun der Line 3 bedroen iwwerliewenswichteg Ressource. Bestoend Ongläichheeten am Zougang zum Gesondheetswiese géinge sech an engem Zoch verschlëmmeren an déi invalidéiernd Auswierkunge vu strukturellem Rassismus deem d’Urawunner ausgesat si sech verstäerken.

Si stelle scho laang eng Risikogemeinschaft souwuel an den USA wéi och a Kanada duer: Selbstmordgefäerdung, unhalenden Aarmutt a gréisser Drogenepidemië stinn un der Dagesuerdnung. Ee vun den historesch beluechte Faktore fir dës onglécklech Zoustänn sinn ebe Projete vun erhieflechem Ausmooss wéi dee vun Enbridge.

Enbridge

Ënnert den Haapttäter, wann et drëms geet destruktiv Projeten ze erméiglechen, zielt sech d’Bürokratie: Fragmentatioun an der administrativer Sphär bréngt onvermeidlech mat sech, datt eng Hand net weess wat déi aner mécht. Et wär ee bal dozou geneigt ze mengen, datt et sech hei em d’Kloak vun engem System mat gewëssen internen Dysfonctionnementer muss handelen an deem déi eenzel Beamten dozou verleet géinge ginn, nëmmen (ongestéiert a stur) op hiert jeeweilegt klengt Stéck Pabeier ze glotzen a sech en Däiwel drëm ze këmmeren wat ënnen an uewen der Hierarchie virgeet. Et hätt scho bal eppes vun engem liichten Déja-vu Erliefnis…

Extraktioun a Weiderveraarbechtung

Wat d’Qualitéit vum Ueleg selwer ubelaangt, do ass den Teersand vun enger méi massiver Konsistenz par Rapport zum konventionelle Flëssegueleg. Dat bréngt mat sech, datt den Teersand als éischt eppes duerch Vermëschung mat anere Petrolsproduiten verdënnt muss ginn ier en iwwerhaapt emol iwwer Pipeline befërderbar ass. Dësen Ëmstand, verbonne mam extremen Extraktiounsverfare wéi deem zu Nord Alberta, féiert onvermeidlech zu verheerendem, wäitverbreetem Schued fir Ökosystemer a fir d’Gesondheet vun de First Nations Gemeinschaften déi do liewen.

Et huet een hei mat kriibserreegenden an héich toxesche Schuedstoffer ze dinn, déi a geféierleche Quantitéiten an der Atmosphär an am Grondwaasser fräigesat ginn. Dës Géigend gëtt verstéiernderweis vu Villen als “sacrifice zone” ernimmt.

An de Raffinerie gëtt den transportéierten Ueleg zu Bensin an anere Produite veraarbecht. Verschiddener ginn dann exportéiert. Déi Leit wou am noosten un de Raffinerie wunne komme meeschtens aus faarwege Communautéite. Si leiden ënner gesondheetleche Problemer déi direkt bedéngt sinn duerch d’Verschmotzung an hirer Noperschaft (ëmweltleche Rassismus).

Eng unerkannten Absurditéit

Den Teersand huet an de féierende wëssenschaftleche Kreesser definitiv e schlechte Numm. Eréischt kierzlech ass an engem Rapport vun der National Academy of Sciences (NAS) drop higewise ginn, datt Teersand sech ganz anescht géing verhale wann hien a Kontakt mat Gewässer a mat Fiichtgebidder trëtt: et gëtt konkret keng Method fir d’Sauerei ewechzemaachen. Hie produzéiert och bei Wäitem méi Treibhausgaser wéi all aneren Ueleg.

Et kënnt dann nach dozou, datt déi héich Extraktiounskäschten d’Doudesurteel fir d’Industrie bedeiten. Investissementer ginn zeréckgezunn an déi Gesellschafte wou bleiwe setzen op massiv Scholde géint d’Zukunft vun den Indianerkanner andeems se falsch Dividenden un hier Aktionnäre bezuele fir datt dës och brav dobleiwen. Laut engem Deloitte Bericht aus dem Joer 2016 kéinte ronn een Drëttel vun all den Uelegproduzente mat enger Faillite rechnen.

Am Allgemenge wär d’Fortféierung vum Projet treffend als Absurditéit ze bezeechne, an dat well d’Raffinerie vu Minnesota derzäit méi Ueleg hu wéi si kënne veraarbechten. D’Line 3 gëtt zimmlech wéineg benotzt an ënnert dem Stréch mécht de Projet wéineg Sënn fir Minnesota. Souguer den Department of Commerce (DOC) huet ofgeroden d’Leitung weiderhin ze féieren a recommandéiert iwwerhaapt keng weider Leitunge méi anzeplangen.

Wirtschaftlechen Impakt

Och d’Viraussoe vu villen Ekonomiste ruffen zur Vernonft am Hibléck op den Iwwergang zur erneierbarer Energie. Eng imminent Rezessioun schéngt onvermeidlech ze sinn. D’Demande hëlt drastesch of an d’Präisser bleiwen op kuerz Siicht niddreg. Mee d’Aarbechtskräften si jo sécher geüübt genuch doranner sech der Steigerung vun hirer Precaritéit ze fügen…

Et geet vir an hannen net em energetesch Onofhängegkeet. Fakt as, datt déi steil Erhéijung vun den Exporter d’Uelegiwwerangebot um internationale Marché ervirgeruff huet, wat dozou bäidréit, datt d’Präisser niddreg bleiwen.

Iwwer en halleft Joerhonnert Spill mam Feier

Zanter hirem Bestoen am Joer 1961 huet d’Pipeline vill matgemaach an zielt aktuell iwwer 900 Verschleisserscheinungen, ervirgeruff duerch e.a. Korrosioun a Rëss. Hier Geschicht summéiert sech zu stolze 55 Joer u fatale Schied. Hier Aktivitéit gouf op e Minimum erofgesat fir de Risk vun engem katastrophalen Zesummebroch sou kleng wéi méiglech ze halen. Se ze reparéiere wär ze deier.

Einfach mol den Dreck fir déi Aner hannerloossen an aner Knaschtereien…

Et ass méi einfach fir Enbridge d’Leitung opzeginn an eng nei an engem anere Korridor ze bauen. Den Dreck deen dann awer géif mat der Carcasse zeréckbleiwe kéint fir sou verschidde Landbesëtzer eng schéin deier Wichs ginn. Et ass anscheinend nawell eng deier Affär residuellen Ueleg, Schmiermëttel an anere chemeschen Knascht ze besäitegen.

Et ass och virauszegesinn, datt déi korrodéiert Leitung mat der Zäit Waasser wäert ophuelen a sech esou an en Offloss fir Fiichtgebidder oder kleng Séie verwandelt oder op der aanerer Säit am selwechten Zoch Notzbuedem iwwerschwemmt. Et wär da séier em d’Harmonie vun den Ökosystemer bestallt, mat de Konsequenze vu Buedem- a Gewässerkontaminatioun duerch chemesch Gëftstoffer, déi duerch d’Waasser vun der zeréckgeloossener Leitungsläich weidergeleed gi sinn.

Et steet awer och esou muenches am Angebot fir de Landbesëtzer d’Zong laang ze maachen. Sou z.B. de Landowner’s Choice Program dee schlussendlech drop erausleeft deene Besëtzer eng verhältnisméisseg modest Zomm unzebidde, sou datt Enbridge sech net em säin Offall këmmere muss. Am Prinzip kréie besote Landowner e Schreiwes geschéckt wouranner et hinnen iwwerlooss gëtt ze decidéieren, ob op hirem respektive Gebitt d’Rouerleitung ewechgeholl soll ginn. Erstaunlech eigentlech, wou dach Enbridge selwer wärend Joeren insistéiert huet, datt d’Entferne vun der Leitung weder sécher nach ekonomesch realiséierbar wier.

D’Propositioun war e glaatte Wischiwaschi ouni legale Fong a nach manner Planung. Well d’Public Utilities Commission (PUC) dunn awer eppes stutzeg gouf sinn déi kanadesch „Ölscheiche“ mat der plakescher, (korrupter) Wourecht erausgeréckt. Si sinn awer anscheinend schonn des Längere bekannt dofir dubiéis Machenschaften ze fleegen. Also näischt Aussergewéinleches hei…

Si ginn och ouni Schimmt zou, datt d’Viraussiicht vun hirem Agenda sech net grad an engem Räumungsprinzip ze konjugéiere versteet, mee datt d’Zil kipp a kloer ass, Geld op de Problem ze werfen, d’Saach komplett ënnert den Teppech ze kieren a sollen déi nächst Generatiounen sech de Kapp driwwer zerbriechen. D’Gemengenëtzegkeetskommissioun huet de Plang genial fonnt!

Eng Virstellung vun Demokratie…

Wat d’Interesse vun den Indianer betrëfft, sou sinn déi einfach mat formellem Nodrock ofgeblockt ginn an zwar op all erdenklech Manéier: do gouf de Leit äiskal emol d’Stëmmrecht ofgesot, no all de Regele vun der Konscht hier Bedeelegung un ëffentleche Ronne sabotéiert, Feedback ignoréiert, Versprieche gebrach asw…

Wann ee sech an enger Saach awer eens ka sinn, da sécher doranner, datt keen iwwer déi gefäerdet Lännereie besser Bescheed weess wéi déi Leit déi selwer hei säit ondenklechen Zäite Buedem a Waasser bewirtschaft hunn. Et si si eleng déi all eenzelt Element an deem Universum bis an de leschten Detail mat Kierper a Séil erfuerscht hu, laang viru jegleche wëlle Fantasie vun engem “American Dream”…

Hiert Wëssen awer, deem säi Wäert sech schlicht un der onvirstellbarer Déift vun ancestrale Quelle vu Kultur an Traditioun, net zulescht der Resilienz vun hirem geschlossene Vollek entlaang fortdauernden, existenziellen Erausfuerderunge moosse léisst, gëtt einfach emol mat Hëllef vun eefaltegem Beamtentum mat Féiss getrueden a mat senger erbäermlechster, arrogantster Ignoranz a Grond a Buedem gestampft.

Ah pardon: et ass deene Leit an hiren Offiziellen dann awer gestatt, sech iwwer onendlech, verwittert Zougangsstroossen zu ëffentlechen Unhéierungen iergendwou beim Hond hannen ze deplacéiere, wou se däerfen hiren Tour ofwaarde fir um Enn, no enger knapp 3 Minutte kuerzer Äusserung, ignoréiert ze ginn.

Zeréck awer zum “loosse mir einfach mol den Dreck do leien”: et gëtt (oniwwerraschenderweis) fir esou Fäll keng kloer Richtlinnen a Gesetzer. D’Verantwortung fir de Schutz vun de Landbesëtzer an d’Risike vun hannerloossene Rechter läit beim Bundesstaat. Woubäi Minnesota selwer nach manner Richtlinnen opzeweisen huet (falls dann iwwerhaapt eng op déi Aart verkomme Gedankewüst zu sou engem exoteschen Afall befähegt ass).

Eminent domain a superfund Trickkëscht…

Fir des Aart vu Begebenheet, wéi se fir d’éischt um Buedem vum Bundesstaat stattfënnt, huet d’Minnesota Public Utilities Commission einfach decidéiert keng Verantwortung ze iwwerhuelen. Et riskéiert zu engem geféierleche Präzedenzfall ze komme bei deem Enbridge déi exklusiv Besëtzrechter iwwer dat betraffent Gebitt géing erhalen, dat Ganzt en échange fir en (an der Enbridge Gréisstenuerdnung on-nennenswäerten) “Almosen”. Et handelt sech hei em en Deal dee besser bekannt ass ënner dem Numm eminent domain.

Enbridge

Si dierften da mat fräiem Réck hier Leitung frölech zesummebastelen. Soubal déi awer de Geescht opgëtt, schwätzt näischt dogéint, datt Enbridge säin Dreck mir näischt, dir näischt zeréckléisst. A schliisslech gëtt et jo Steiergelder fir e “superfund” ze sponseren…

Wann ee jo awer däerf

Kritt Enbridge esouvill Fräiheete vun offizieller Säit zougesprach, da leeft et drop eraus, datt iwwert déi gravéierend an iergendwéi komplett muttwëlleg Zerstéierung vum natierleche Milieu just kuerz villäicht dat lénkt Aen zougepëtzt gëtt. Souvill Mënschlechkeet muss een dann awer souguer engem Uelegris a senge Konsorten zougestoe kënnen. Obwuel…

Et berifft ee sech zur Sécherheet léiwer op d’Dispositioun vun deenen déi nach net gebueren si wann et heescht, sech iwwer d’Konsequenze vun engem politesch ënnerstëtzten a gesponserten Onzourechnungsfähegkeetdebakel Gedanke maachen. Dat aller Warscheinlechkeet no an enger monumentaler Quarantaine Zon déi da schätzungsweis fir deen Zweck op den Hellegtümer vun hiren Urpappen a -mammen erriicht wäert gi sinn. Bis dohinner däerfen déi kompetent Beamten sech jo de Luxus leeschte vill verschmotzt Waasser d’Baach eroflafen ze loossen.

Den ëffentleche Konsens schéngt onverkennbar d’Indianerstämm konsequent an d’Donkelkammere vun hiren eegene Verbänn ze verdränge, datt si sech do selwer mat “hiren” Ugeleeënheeten, déi jo offensichtlech kee Schwanz interesséiert, erëmklappen, amplaz datt si op ëffentlecher Plaz gehéiert gi fir hir rechtméisseg Unerkennung ze erlaangen.

Dat huet zwar zum Nieweneffekt, datt schockéierend mee realistesch Schlussfolgerungen un d’Liicht kommen iwwer Theme wéi Genozid, strukturelle Rassismus an aner Ongläicheeten an Onverschämtheeten, déi – wa schonn, da schonn – awer och grad esou konsequent mam “Ojibwe Standpunkt” Sigel versi ginn. D’Leier, datt all aner Streck op déi selwecht Hindernisser géing stousse steet natierlech ganz uewen op der Playlist vum Streppenzéier-Orchester.

Deen um Hiewel sëtzt…

Vun Ufank un ass zum Virdeel vum Uelegkonzern geschafft ginn. D’Eegeninteresse vun Enbridge ware vu vir eran Tromp. D’Absicht vum Projet ass d’Realisatioun vun deem wat Enbridge wëll, Punkt. Den ëffentlechen Interessi bleift letztendlech wéi gewollt op der Streck. Zil bleift nach wie vor den Erhalt vun der Réiuelegindustrie an alles anescht gëtt mat Bravure esou manipuléiert an ëmdefinéiert, datt et am Endeffekt als Virdeel vun deem eenzegen Zil gëllt.

Dat alles hannert de Kulisse vun engem schlechte copy-paste Krimi an deem et vun eidele Verspriechen ouni jeeglech wëssenschaftlech Stëtz an Hannergrënn an all Richtunge sprëtzt. D’Profitgier an de Selbstberäicherungsdrang huet de Jore vu Beweisopnam, déi géint de Projet schwätzt schlicht d’Doudeschléng em den Hals geluecht an et feelt net méi vill da gëtt de wackelege Stull op deem déi gesamt Indianerpopulatioun trotz allem nach mat hirer onageschränkter Würd an Demut steet och nach ëmgestouss. De Profitgeier as ebe wéi et schéngt nach ëmmer deen Alleinherrscher virun deem Politik a Landverwaltung knéien.

Enbridge

Enbridge entpoppt sech als de Gewaltherrscher deem Enteegnungsrechter ouni Weideres zougesprach gi sinn, sou datt e säin Eegennotz ongestéiert verfollege ka mam Virwand vu (schamlos ausgeduechte) Bevirdeelegunge fir déi lokal Populatioun. Et geet hinnen awer schlicht an einfach nëmmen em de Milliardeprofitt op hirer Privatparty.

Et kann een et esou gesinn. Et huet awer och genuch Grënn fir een zur Asiicht ze animéieren, datt an dësem Zesummenhang d’Fair-Play Kaart iergendwou muss verluer gaange sinn an datt d’Indianervollek, wat getrei senger friddlecher Absicht mat bewosstem Verzicht op den Asaz vu jeeglecher Gewalt, hei enger Hord vun duerchdriwwene Gesënnungen ausgesat ass, déi offenkundeg e ganz anere Verhandlungsgeescht vertrëtt, déi d’Anmut vun engem dausendjärege Bond vun Agebuerene schënnt, si wéi eng Zuucht vun onzourechnungsfäege Wëllen ouni Daseinsberechtegung op hirem eegene Grond a Buedem stoe léisst a mat entscheeter Gewaltbereetschaft an den Eck dréckt…

Enbridge Argumentarium

Aarbechtsplazen

Fir d’Supporter vun der Line 3 ass d’Kreatioun vun Aarbechtsplazen ee vun den Haaptgrënn firwat de Projet sech géing lounen. Aus enger ëmfangräicher Studie déi 2017 vun der University of Minnesota Duluth verëffentlecht ginn ass geet ervir datt d’Ersetze vun der Leitung dausende vu Jobs géif schaafen.

Klenge Réckschlag awer schonn hei fir den Uelegris, méi spéit am Joer, nodeems investigativ Journalisten enthülle konnten, datt e Business Groupe déi sech APEX heescht an déi vun Enbridge héchstperséinlech finanzéiert ginn ass, hirersäits besote Studie bezuelt huet, an datt déi ausschlaggebend Daten och vun Enbridge geliwwert goufen. Um Enn huet dunn e Professer vun der UMD d’Verbindunge vun der Schoul mat der APEX getrennt.

Enbridge

Obschonn op laang Siicht keng bedeitend Job Kreatioun ze erwaarde wier menge Supporteren awer, datt och eng temporär Beschäftegungspolitik dach eng wichteg Akommesquell fir Familje vu Minnesota géing duerstellen.

Den originalen Environmental Impact Statement (EIS) ënnerscheet och tëscht laang a kuerz Siicht, dat awer mat eppes méi differenzéierte Schlussfolgerungen déi mat nëmme geréngem bis guer kengem Afloss, weder op den Akommes nach op d’Aarbechtslosegkeet an der betraffener Géigend, rechnen. E méiglechen Impakt op den Aarbechtsmarché vu Minnesota bleift also weiderhinn eng ufechtbar Saach.

E Kaddo ënner der Form vu Verméigenssteieren

Line 3 Supportere mengen och, datt d’Bezierker entlaang der virgeschloener Streck vun der Verméigenssteier vun Enbridge wäerte profitéiren. An den éischte Betribsjore vun der neier Uelegleitung wëll de Konzern viraussiichtlech $19,5 Milliounen därer Steieren do ofgi mat enger Tendenz zur Steigerung.

Enbridge

D’Oppositioun awer wëll net esou richteg un de Kleesche gleewen. Par conter zitéiert se Geriichtsverfare wou Enbridge behaapt huet si wären iwwerbesteiert gi, wouropshi verschidde Minnesota Bezierker an eng Scholdefal vu ville Milliounen Dollar gefall sinn.

Stabiliséierung op nationalem Niveau

De Bau vun der Line 3 géing der kanadescher Uelegindustrie zur Steigerung vun hirer Produktioun verhëllefen a Präisser stabiliséieren. Enbridge huet argumentéiert, datt hier Pipeline der Demande vun de Minnesota Raffinerie géing entgéintkommen an datt si net déi eenzeg Gesellschaft wären déi drop hofft, datt d’Leitung gebaut wäert ginn. Des géing eng Schlësselroll fir déi kanadesch Ueleg Industrie spillen. D’Schwieregkeeten am Transport vun Ueleg eraus aus Alberta hunn zu Kierzungen an der Produktioun an zu Präisreduzéierunge gefouert.

Zuch vs. Pipeline

Dausende vu Kanadier hunn hier Aarbecht an der Ueleg Infrastruktur verluer bedéngt duerch Onbestännegkeeten an der Teersand Wirtschaft zu Alberta. Zudeem hu Gesellschaften déi hiren Ueleg net per Pipeline kënnen expediéieren a Betruecht gezunn den Transport iwwert d’Eisebunn auszedeenen. Rezent Studien awer warne viru méi regelméissege Fuitten am Zuchverkéier wéi dat bei der Uelegfërderung iwwer pipelines de Fall wier.

A senger Befürwortung fir d’Line 3 huet de Premier Minister vu Kanada, de Justin Trudeau, d’Argument ënnerstëtzt, datt den Transport iwwer d’Eisebunn manner ekonomesch a méi geféierlech wär fir d’Gemeinschafte well hei den Ausstouss vun Zäregaser sech als méi héich erweise géif wéi an engem Zeenario mat moderne pipelines.

Enbridge

Laut enger Schätzung vun Enbridge géing déi nei Line 3 méi wéi 10’000 Waggonen ersetzen déi all Dag Ueleg transportéieren. De Groupe “Minnesota for Line 3” behaapt, datt d’Regierung méi e sécheren Transport vu Millioune vu Barrel Ueleg pro Joer iwwer d’Geneemegung vum Projet kéint garantéieren. Mee wéi schonn eemol erwäänt zweiwelt de Minnesota Department of Commerce déi Aart vun Orakel staark un, mat hirer Feststellung, datt hei eng Villzuel u méiglechen Nofroen am Uelegberäich um Marché vu muer iwwersi ginn.

Related topics Ëmweltschutz, Enbridge, fossil Brennstoffer, Honor the Earth, Klimawandel, Line 3, Minnesota, Uelegpipeline, Winona LaDuke
Next post Previous post