Search

You may also like

Ongeimpfte Beamte ginn op Fidschi suspendéiert
Kultur Neiegkeeten

Ongeimpfte Beamte ginn op Fidschi suspendéiert

De Variant-Delta breet sech aktuell an der Republik Fidschi rasant

EU-Kommissiounspresident un der Galeblos operéiert
Kultur Neiegkeeten

EU-Kommissiounspresident un der Galeblos operéiert

D‘EU-Kommissioun huet informéiert, datt den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker seng Vakanz

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen
Kultur Neiegkeeten

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen

D’Autorin Juno Dawson erzielt eis am fiktive Jugendbuch „Meat Market“

Den nächsten Troublemaker ass vun eis gaangen – Maach et gutt Ender Frings!

Den nächsten Troublemaker ass vun eis gaangen – Maach et gutt Ender Frings!

Déi meescht vun eis kennen dem Andy Bausch seng Kultfilmer „Troublemaker“, „Back in Trouble“ an „Trouble no more“. Am Alter vun 62 Joer ass den Ender Frings verstuerwen. Den däitsche Schauspiller, Regisseur a Kameramann, war fir seng Roll als Chuck Moreno bekannt.

An de Filmer huet e sech gäre mam Thierry Van Werveke senger Roll Johnny Chicago gestridden. Mat der Zäit sinn déi zwee ënnerschiddlech Protagoniste Kollege ginn.

Absolut keen konnt déi zwee stoppen, emol net am musikalesche Beräich. Esou hu si schliisslech am Januar 1992 och eng Band gegrënnt, déi Everyday Zulu geheescht huet. Dobäi war den Ender Frings fir de Gesang zoustänneg.

Am Pol Cruchten sengem Film „Hochzäitsnuecht“ hat den Ender Frings och eng Roll – et war d’Joer 1992 an den éischte Spillfilm, deen am Kader vun de Filmfestspiller vu Cannes gewise gouf. Fir d’lescht huet den Acteur an Namibia gelieft, wou hien sech zesumme mat senger Fra Heike Frings sozial engagéiert huet.

Related topics Acteur, Andy Bausch, Dout, Ender Frings, Heike Frings, Sozialen Engagement, Thierry Van Werveke, Troublemaker
Next post Previous post