En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 23. August 2020
Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge
Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge
Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:
Déi international Gemeinschaft hat sengerzäit eng wichteg Entscheedung getraff, a
Vir 2020 huet Europa, an domat och Lëtzebuerg, sech a punkto Klima villes virgeholl. Dëst trëfft och op den Energieverbrauch zou. Genau do huet d’EU sech e Stéck vum Zil ewech beweegt. 2016 louche mer 4% vum Zil ewech. 2014 waren et der just 1,7%.
Mee wat genee ass dëst Zil? Vir 2020 wëll d’EU de Verbrauch vu Primärenergie op héchsten 1.483 Milliounen Tonnen Réiueleg an en Endenergieverbrauch op héchstens 1.086 Milliounen Tonnen Réiueleg reduzéieren. Laut Eurostat gouf et do och eng zimlech Evolutioun: en Déifpunkt gouf 2005 erreecht, wou ee ganzer 15,5% iwwert dësem Zil louch. Do sinn déi 4%, déi mer 2016 driwwer louchen, scho méi positiv.
Beim Endernergieverbrauch läit d’EU bei enger Divergenz vun 2%. Do louche mer 2014 souguer 2,1% ënnert dem Zil. Leider konnt dëst duerch en Uklammen an de leschten zwee Joer net erhale bleiwen.
Griicheland (- 23,6%), Malta (-22,5%) a Rumänien (- 20,2%) sinn déi Länner, déi hiren Energieverbrauch am meeschte gedrosselt krut hunn. Nëmmen an Estland (+ 13,4%) an a Polen (+ 3,2%) war de Verbrauch tëscht 2006 an 2016 geklommen.
Wéi vill aner Länner an der EU och huet Lëtzebuerg tëscht 1996 an 2006 säin Inlands-Energieverbrauch ëm 39,5% gesteigert. Tëscht 2006 an 2016 krute mer en ëm 11,1% gedrosselt. Am Verglach zu eisen Nopeschlänner schneide mer do vergläichsweis schlecht of: Nëmme Frankräich huet hei e Wuesstem vun 6,7% tëscht 1996 an 2006 ze verzeechnen, während al aner Länner souwuel an dëser wéi och an der Period 2006-2016 er Réckgang gesinn hunn.
Dës Zilsetzung ass net déi eenzeg, déi fir 2020 gesat gi sinn. Treibhausgasemissiounen sollen och ëm 20% gekierzt ginn. Bei den erneierbaren Energien sollen och e Prozentsaz vun 20% erreecht ginn, wou zu Lëtzebuerg awer nach e Progrès ze gesinn ass, deen ze wënschen iwwreg léisst.