Search

You may also like

Muer ass “Rentrée” am nationale Sproocheninstitut INL
Neiegkeeten

Muer ass “Rentrée” am nationale Sproocheninstitut INL

Fir d’Hierschtsemester proposéiert den INL méi wei 420 Sproochecourse fir

Geet et ëm de Klima oder ëm de Goss? (e Kommentar)
Neiegkeeten

Geet et ëm de Klima oder ëm de Goss? (e Kommentar)

Nodeems de Claude Turmes e Freideg géintiwwer der Press an

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris
Neiegkeeten

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris

Gëschter hu mir eis laang an der Sonn ameséiert, ma

Energieeffizienz-Netzwierk Mëllerdall: Zesumme geet et besser!

Den 10. Februar am Haus vum Natur- & Geopark zu Beefort

Energieeffizienz-Netzwierk Mëllerdall: Zesumme geet et besser!

Um Februar 2020 lancéiert den Natur- & Geopark Mëllerdall, zesumme mat myenergy, d’Energieffizienz-Netzwierk Mëllerdall. Heibäi riicht ee sech an éischter Linn u kleng a mëttelgrouss Entreprisen aus de Beräicher Eenzelhandel, Handwierk, Gastronomie an Hotel. Presentéiert ginn d’Ziler an den Notze vum Netzwierk, wéi och Moossnamen, fir seng Ziler ze erreechen.

Dat sougenannt Energieeffizienz-Netzwierk beschreift ee fräiwëllegen Zesummeschloss vun e puer Entreprisen an enger Regioun, déi duerch eng besser thematesch Zesummenaarbecht hir Energieeffizienz steigeren a soumat Käschten aspuere wëllen. Wärend der Lafzäit vum Projet tauschen sech d’Participante reegelméisseg ënnereneen aus, gi vun Experten ausgebilt a bei der Identifikatioun, wéi och der Ëmsetzung vu Moossnamen zu Energieeffizienz begleet an ënnerstëtzt.

Den Engagement am Netzwierk ass fir d’Entreprisë gratis, setzt awer d’Bereetschaft zur Participatioun u reegelméissegen Treffen a Workshops (3-4 Rendez-Vousen pro Joer), wéi och d’Bereetstellung vun den Wäerter am Energieverbrauch viraus.

De Programm

D’Presentatioun vum Energieeffizienz-Netzwierk Mëllerdall gëtt um 10. Februar 2020 vun 18:30 bis 19:30 Auer am Haus vum Natur- & Geopark (8, rue de l’Auberge, Beefort) organiséiert.

  • 18:30 Auer: Introduktioun a Presentatioun vum Fachberäich Regional Wirtschaft
    Mam Christiane Francisco – Natur- a Geopark Mëllerdall
    Offer un Ënnerstëtzung
    Ziler a Partner am Fachberäich
  • 18:45 Auer: Presentatioun vum Netzwierk
    Mam Samuel Gillessen – myenergy
    Konzept an Ziler vum Netzwierk
    Presentatioun vun der Ënnerstëtzungs- a Begleedungsoffer
    Virdeeler a Verflichtungen
    Froen

Den Evenement ass gratis, d’Umeldung ass awer obligatoresch (26 87 82 91 34, christiane.francisco@naturpark-mellerdall.lu).

Related topics Beefort, Christiane Francisco, Energieeffizienz-Netzwierk Mëllerdall, myenergy, Natur- a Geopark, Presentatioun, Samuel Gillessen
Next post Previous post