Search

You may also like

Teheran net méi dem Atomofkommes verflicht?
Neiegkeeten

Teheran net méi dem Atomofkommes verflicht?

Am Sträit tëscht den USA an dem Iran, gëtt sech

money
Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung
Neiegkeeten

Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung

En Donneschdeg huet déi europäesch Zentralbank (EZB), déi vum fréiere

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?
Neiegkeeten

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?

Et gëtt dëser Deeg vill iwwert en Handelskrich tëscht den

Energiepark Mëllerdall: Fir eng ëmweltfrëndlech Energieproduktioun

Energiepark Mëllerdall: Fir eng ëmweltfrëndlech Energieproduktioun

Um 5. Februar 2020 ass am Natur- & Geopark Mëllerdall d’Energiekooperativ „Energiepark Mëllerdall“ vun 12 Bierger*innen aus der Regioun gegrënnt ginn. Zil ass et am Beräich vun der Energieversuergung méi onofhängeg ze ginn, lokal an ëmweltfrëndlech Energieproduktioun auszebauen an z’ënnerstëtzen, gläichzäiteg och e Beitrag zum Klimaschutz an eng ekologesch, ekonomesch a sozial Plus-value ze schafen.

Esou mécht d’Energiekooperativ et méiglech, datt eegene Stroum iwwert Solaranlagen ze produzéieren kee Privileeg vun „den Auserwielten“, deenen hiert Haus gutt positionéiert ass, bedeit. Duerch d’Memberschaft bei der Kooperativ kann ee vu gemeinsame Photovoltaikanlage profitéieren.

Energiepark Mëllerdall

Mat engem Beitrag vun 100 € kann ee sech un der Kooperativ bedeelegen. E wichtege Wäert hunn hei demokratesch Entscheedungsprozesser. All Member huet eng Stëmm, zesumme gëtt decidéiert ob de Gewënn weider investéiert gëtt oder net. E gewielte Verwaltungsrot analyséiert zudeem nei Projeten, iwwerwaacht hir Ausféierung a féiert Decisioune vun der jäerlecher Generalversammlung aus.

Momentan huet d’Energiekooperativ eng Rëtsch Projeten virzeweisen, déi schonn ausgefouert oder nach geplangt ginn. Heizou gehéieren:

  • D’Kläranlag zu Zëtteg mat 30 kWp (entsprécht dem Stroumverbrauch vu 7 Eefamilljenhaiser) – schonn ausgefouert;

Energiepark MëllerdallEnergiepark Mëllerdall / Facebook

  • D’Kierch zu Bäerdref mat 30 kWp (entsprécht dem Stroumverbrauch vu 7 Eefamilljenhaiser) – gëtt ausgefouert;

Energiepark MëllerdallEnergiepark Mëllerdall / Facebook

  • D’Sportshal zu Konsdref mat 100 kWp (entsprécht dem Stroumverbrauch vun 22 Eefamilljenhaiser) – prett fir duerchgefouert ze ginn;
  • De Waasserspäicher zu Hiefenech mat 30 kWp (entsprécht dem Stroumverbrauch vu 7 Eefamilljenhaiser) – gëtt ausgefouert;
  • De Gemengenatelier zu Bur mat 60 kWp (entsprécht dem Stroumverbrauch vu 14 Eefamilljenhaiser) – gëtt geplangt.

Weider Projeten an de Gemengen Fiels, Iechternach a Waldbëlleg ginn ausgeschafft. Donieft wëll een kucken, ob Investitiounen a Wand- a Waasserenergie oder och a Biomass sënnvoll wieren.

Weider Informatioune fannt Dir op www.energiepark-mellerdall.lu.

Opmaacherfoto: De Verwaltungsrot vun der Energiekooperativ Energiepark Mëllerdall

Related topics ëmweltfrëndlech, Energiekooperativ, Energiepark Mëllerdall, Klimaschutz, Natur- a Geopark Mëllerdall, Onofhängegkeet, Regioun
Next post Previous post