Search

You may also like

E Standuert fir de CIS Beetebuerg/Diddeleng
International Neiegkeeten

E Standuert fir de CIS Beetebuerg/Diddeleng

Den 20. Mee hat den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der

Déi zéng beschte Mafiafilmer
International Neiegkeeten

Déi zéng beschte Mafiafilmer

De Mafiafilm ass een eemolege Genre vum Kino, e bleift

EU-Inneminister beroden haut iwwer EU-Asylpolitik
International Neiegkeeten

EU-Inneminister beroden haut iwwer EU-Asylpolitik

D‘Fro iwwer „Stierwen an Iwwerliewen“ um Mëttelmier an un de

Energierot zu Bréissel – Lëtzebuerg weist sech éiergäizeg

Energierot zu Bréissel – Lëtzebuerg weist sech éiergäizeg

Den Energieminister Claude Turmes huet en Dënschdeg um Energierot zu Bréissel deelgeholl. Heibäi huet hien drun erënnert, datt mat enger Reduktioun un Emissiounen tëscht 50 a 55 % bis zum Joer 2030 eist Land, nieft Schweden, eent vun den éiergäizegsten Ziler an der EU verfollegt. Donieft soll Lëtzebuerg seng Energie tëscht 40 a 44% besser notze, wat beispillsweis duerch déi nei „null-Energie“-Gebaier an d’Renovatioun vun existente Wunnraim méiglech gemaach soll ginn.

Fir bis 2030 déi ugestrieft 23 bis 25% un erneierbaren Energien ze notzen huet de Minister grenziwwerschreident Offeren a gemeinsam Pläng, déi virun allem regional solle sinn, ervir gehuewen. An dësem Kader huet de Claude Turmes de Projet genannt, bei deem am nërdleche Mier Wandrieder bis 2050 op mannst 400 GW produzéiere sollen. Generell soll déi schnell Entwécklung vun esou Wandrieder gefërdert ginn, esou wéi et a leschter Zäit a Frankräich, Irland a Schottland de Fall war.

Wat d’Mobilitéit ugeet, ass de Minister kloer der Meenung, datt den Diesel progressiv reduzéiert an duerch d’Promotioun vun der Elektromobilitéit ersat muss ginn. Den 21. an 22. Oktober organiséiert hien, zesumme mat sengem Homolog François Bausch, eng Konferenz vun den Energie- an Transportminister aus Däitschland, Frankräich, Benelux, der Schwäiz an Éisträich. Duerch konstruktiv Diskussioune soll dës Regioun an Europa de Spëtzereider am Secteur ginn.

Och zur nuklearer Energie hat de Claude Turmes säi Standpunkt ze vertrieden. Géif een eng nuklear Zentral bauen, esou géif dat 5 Mol méi Zäit an duerchaus méi Sue kaschten, wéi all aner erneierbar Energiesource. Zur Zäit vum Klimanoutstand kann dës net als Energie vun der Zukunft gesi ginn.

Related topics Claude Turmes, Éiergäiz, Erneierbar Energien, François Bausch, Klimanoutstand, Klimawandel, Lëtzebuerg, Null Emissiounen
Next post Previous post