Search

You may also like

Fërdert de Staat implizit d’Schwaarzaarbecht bei den Studentenjobs?
Auto Neiegkeeten

Fërdert de Staat implizit d’Schwaarzaarbecht bei den Studentenjobs?

Dat behaapt mol op mannst d’Piratepartei an hirer Pressematdeelung vu

Esch 2022: Et muss sech elo och nees de Kultur zougewennt ginn
Auto Neiegkeeten

Esch 2022: Et muss sech elo och nees de Kultur zougewennt ginn

Zu Esch-Uelzecht ass ee beméit nees esou eppes Normalitéit ze

Editorial: D‘Merkel muss tatsächlech „fort“
Auto Neiegkeeten

Editorial: D‘Merkel muss tatsächlech „fort“

Wat sech den Ament an der politescher Zeen zu Berlin

Energie(transitiouns)Minister am Gléck

Energie(transitiouns)Minister am Gléck

Fir den Energieminister Claude Turmes (déi gréng) war et gëschter a villen Hisiichten e glécklechen Dag. An der Chamber gouf de Gesetzprojet 7266 mat grousser Majoritéit ugeholl an den Donald Trump huet sech op Mar-a-Lago zeréckgezunn, a säin Nofolger sech nees fir de Paräisser Accord agesat. Hien ass esou der Usiicht, datt 2021 een decisiivt Joer fir de Klima wäert ginn.

Datt de Minister Claude Turmes grouss Hoffnungen op déi international Klimakonferenz (COP26) am schottesche Glasgow – déi jo am November vun dësem Joer soll stattfannen – setzt an doranner ee neie Start gesäit, eng gewot optimistesch Virstellung. Woubäi et jo am Fong och dorëms geet, Lëtzebuerg Klimaneutral ze maachen, an hei setzt de Claude Turmes op d‘Elektromobilitéit.

An dësem Kontext huet de Minister nach emol betount, datt eist Land sech zu Bréissel agesat huet, fir eng EU-Direktiv op den Instanzewee ze bréngen, mat där d‘Automobilhiersteller genéidegt iwwert 150 elektresch Gefierer ze produzéieren. Eng Produktioun déi iwwert den Ëmwee vu massive Subventiounen awer vum Steierzueler kofinanzéiert gëtt. Héiert sech besser un wei et ass.

Profitéieren dinn hei net, esou wéi een dat sollt unhuele wa vu sozialgerechter Transitioun rieds ass. Sécher, en 100% elektreschen Auto gëtt et eng Primm vun 8.000 Euro, a fir en Hybrid (eigentlech e Fake, well de Stroum generell als Power-Boost genotzt a net manner fossil Energie verbraucht gëtt) gëtt et nach 2.500 Euro Bäihëllef. Dës Elektromobil-Primme gëtt et nach bis den 31. Mäerz…

Mee wärend dem Autosalon sollen net nëmmen déi grouss auslännesch Entreprisen, déi mëttlerweil den Autosmaart zu Lëtzebuerg ënnert sech opgedeelt hunn, maximal profitéieren. Zousätzlech zur Prime fir den Elektroauto, gëtt et nach eng Primm, fir d‘Luedmaschinn an der heemescher Garage. Dat iwwert de Programm „clever lueden“, deen am Kontext vun „Neistart Lëtzebuerg“ matleeft.

Et ass dann och déi staatlech Agence „MyEnergy“, déi all interesséierte Leit eng entspriechend Berodung an Hëllef ubitt. MyEnergy ass kee wirtschaftlechen Acteur, an déi bidde vill alternativen un. Si prekoniséieren d‘Installatioun duerch ee qualifizéierten Elektriker, deen de Gestionnaire vum Reseau (CREOS) iwwert d‘Enovos recommandéiert, well si och eng Autorisatioun muss ginn.

Wann een elo dierf déi vum Minister initiéiert Demarche begréissen, esou bleift festzehalen, datt vill Menagen net wäerte profitéieren. Wien ee klengt Akommes huet, an dovunner dat mécht muss an de Loyer stiechen, deem ass och mat enger Primm net gehollef, fir emol séier op den E-Auto ëmzeklammen. Datselwecht gëllt fir d‘Handwierk. Déi kleng Elektriker sinn éischter ausgeschloss.

Illustratioun: © Waldemar Brandt / unsplash

Related topics Claude Turmes, Clever Lueden, Elektromobilitéit, Energieminister, Energietransitioun, myenergy
Next post Previous post