Search

You may also like

Miami-Beach: …zéng Deeg no der Katastroph
Neiegkeeten

Miami-Beach: …zéng Deeg no der Katastroph

Nom Deelastuerz vun den „Champlain Towers“ zu Surfside (Miami/FL) vum

Prabbeli Wolz: E super Programm bis Enn 2020!
Neiegkeeten

Prabbeli Wolz: E super Programm bis Enn 2020!

Fir seng nei Saison huet de Prabbeli zu Wolz e

Frankräich: Ekotax op Fligerticketen ab 2020
Neiegkeeten

Frankräich: Ekotax op Fligerticketen ab 2020

Ëmmer méi Politiker schéngen sech der Klimakris bewosst ze sinn

Lëtzebuerg erhält den Energy Globe Award

Lëtzebuerg erhält den Energy Globe Award

Fir dat éischt ëffentlecht „Plus-Energie“ Gebai huet de Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, den Energy Globe Award 2017 gewonnen. Dat ass eng verdéngten Unerkennung fir d‘Ëmsetzung vum Plus-Energie-Gebai.

Dat Gebai ëm dat et hei geet, ass de Sëtz vun der Natur- a Forstverwaltung. E Gebai dat iwwert säi ganze Liewenszyklus betruecht, méi Energie wäert produzéiere wéi et es selwer verbraucht. E Gebai awer och, dat als Beispill soll genotzt ginn an eng Quell vun der Inspiratioun fir nei Bauprojete soll sinn.

Vergi gëtt de Präis weltwäit vun „Advantage Austria“, der Éisträicher Agence fir Internationaliséierung. Um 9. November hunn d‘Minister François Bausch a Carole Dieschbourg den „Energy Globe Award“ vun der Vertriederin vun „Advantage Austria“ zu Bréissel, Martina Madeo an dem éisträichesche Botschafter zu Lëtzebuerg, Gregor Schusterschitz, iwwerreecht kritt.

Wat et domatter op sech huet

Op der ganzer Welt entwéckele Mënsche Léisunge fir den Ëmweltproblemer – Knapp Ressourcen, Loft- a Waasserverschmotzung, de Klimawandel an d‘Ofhängegkeet vu fossille Brennstoffer – entgéint ze wierken. Vill vun dëse Léisunge sinn liicht verfügbar, mee ginn nawell gären „iwwersinn“.

Den Energy Globe gëtt dëse Léisungen eng Stëmm a presentéiert se engem grousse Publikum, fir se siichtbar ze maachen. Och sollen esou weider Leit ermontert ginn eng eegen innovativ Léisung ze entwéckelen an anere Mënschen zougänglech ze maachen.

An 178 Länner ginn all Joers Projeten aus der ganzer Welt agereecht. Vu klengen einfachen Initiativë bis hin zu groussen High-End Projeten agereecht. Déi national Gewënner ginn ënnert der Schiirmherrschaft vun der UNESCO an Zesummenaarbecht mat der UNEP all Joer um UN-Weltëmweltdag verëffentlecht.

Do gëtt dann och ëmmer eng grouss Sensibiliséierungscampagne fir „best practice“ Projete gestart, déi dozou bäidroen de Planéit ze retten. An déi national Gewënner hunn alleguerten eppes dat se verbënnt: Se hunn et verstanen, datt een d‘Ëmwelt net mat Wieder mee duerch Dote schützt. A jidderee kann hei matmaachen an eppes derzou bäidroen.

mam SIP

Foto: (v.l.n.r.) Martina Madeo, Conseillère op der éisträichescher Ambassade zu Bréissel; François Bausch, Infrastrukturminister; Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch; Gregor Schusterschitz, éisträicheschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg. © MDDI/SIP

Related topics Carole Dieschbourg, Energy Globe Award, François Bausch, UNESCO
Next post Previous post