Haut ass de Weltdag vun der Hepatite
Duerch déi sanitär Gesondheetskris, déi duerch de Covid19 ausgeléist gouf,
Ufank Juni hunn den Transportminister an den Tourismusminister d’Initiative „Vëlosummer
Esou lues fänkt et un duer ze goen. Als Partisan
Zu Biissen huet e Sonndeg am Kader vun der „Semaine Européenne de la Mobilité“ déi drëtt Editioun vun der Mobilitéitswoch ugefaangen. Dës Initiative fënnt, wéi all Joer, tëscht dem 16. an dem 22. September statt.
Haut um éischten Dag goufen den Léit aner Mobilitéits-Méiglechkeeten, vun néien Elektrogefierer bis hin zu den neiste Vëloe gewisen. Den zweeten Dag steet ganz am Zeeche vum Vëlo, hei hunn Léit d‘Méiglechkeet mam Vëlo en Tour duerch Biissen ze maachen. Eng Aktivitéit déi duerch eist ganz Land esou ugebuede gëtt.
An domatter si mir eréischt um Ufank vun engem gutt gefëllte Programm. An dësem Kontext gëtt nach eng Konferenz „Mix&Move“ ofgehalen. Gestart gëtt hei mat engem kuerze Bonjour vum Buergermeeschter, gefollegt vun enger Explikatioun iwwert déi „Europäesch Mobilitéitswoch am Zeeche vun der Multimodalitéit“ vum Verkéiersbond.
Mat enger Rëtsch Plattformen, zum Austausch iwwert Mobilitéit, ginn déi ënnerschiddlech Formen, déi d’Multimobilitéit erméigleche solle virgestallt. Zum Schluss gëtt och eng néi App „Copilote“ vum Nohaltegkeet- an Infrastrukturministère virgestallt. Um Dënschdeg kënnt dann d’Aweiung vun enger néier Foussgänger Bréck déi „Route de Colmar“ mat der „Rue des Moulins“ zu Biissen verbënnt.

Den Elektroauto: eng Alternativ déi sech duerchzesetze schéngt. Ëmmer méi Hiersteller bidde vum Hybrid bis zum „nëmmen“ elektresch, vill interessant Varianten un. D‘Suerg datt een net wäit genuch domatter kënnt, ass ëmmer méi oft onbegrënnt, an u Luedstatiounen feelt et zu Lëtzebuerg eigentlech net. © Laurent Mehlen/moien.lu
Eng kleng Belounung gëtt et dann den 20. September fir déi, wou Fuergemeinschafte bilden an och notzen. Hei gëtt dann an enger grousser oppener Ronn Kaffi an Kuch zerwéiert. Den 21. September ass et eng Vernissage, déi aus dem Concours mam Slogan „D’Mobilitéit vu muer“ realiséiert ginn ass. Hei stelle Biisser Kanner vum 1. bis dem 4. Schouljoer hier Konschtwierker aus.
Si wëlle mat hire Wierker de kommende Generatiounen eng gréng Mobilitéit nobréngen an d’Mobilitéit zu Biissen méi nohalteg gestalten. An dësem Kader soll dann och de fuschneien Elektrobus presentéiert ginn. Domatter ass d‘Woch nach net eriwwer.
Als Ofschloss vun der Biisser Mobilitéitswoch, gëtt fir den „Closed Road Music Festival“ et „Route de Mersch“ tëschent 7 an 22 Auer gespaart an et gëtt ab 10 Auer eng helle Wull un Aktivitéite wéi Seefekëschterennen, en Concert a vill aner Aktivitéite fir Kleng an Grouss.
D‘Gemeng Biissen wëll mat dëser Woch en Zeeche fir Nohaltegkeet an der Mobilitéit setzen, an d’Léit zu engem Ëmdenke bei hirem Verhalen am Kontext vun der Mobilitéit encouragéieren. E weidert Ziel vun der Gemeng ass et, am europäesche Programm, mam erfëlle vun dräi Kritären, als „Golden City“ nominéiert ze ginn.
Heiru bedeelegen sech 2.526 Stied aus 50 Länner mat net manner wéi 7.993 Mesuren. Bei eis am Land, sinn et insgesamt 33 Gemengen, wéi beispillsweis Diddeleng, Kielen oder och Iechternach, déi sech während der Mobilitéits Woch fir eng nohalteg Mobilitéit, nach bis den 22. September presentéieren an asetzen.
Weider Informatiounen iwwert des Woch fannt dir ënner http://www.mobiliteitswoch.lu/
e Beitrag vum Laurent Mehlen
Foto: En e-Bike, vläicht nach ongewinnt an eisem Stroossebild, mee onheemlech Praktesch. Domatter kann ee problemlos seng Kommissioune maache goen, an et gëtt esouguer „Asätz“, déi et engem erméiglechen d‘Krapperten „anzepaken“. Mam Auto akafe fueren, dat war „gëschter“. © Laurent Mehlen/moien.lu