Search

You may also like

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2
Neiegkeeten

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2

[onionbuzz quiz-id=94][/onionbuzz] No de Wahle vum leschte Joer huet sech

50 Joer Cargolux: Fléien am Design vun de 70er!
Neiegkeeten

50 Joer Cargolux: Fléien am Design vun de 70er!

En halleft Joerhonnert Bestoen feiert d’Cargolux mat engem Fliger am

money
Weltrekord fir Lottogewënner an den USA: 1,5 Milliarden US-Dollar
Neiegkeeten

Weltrekord fir Lottogewënner an den USA: 1,5 Milliarden US-Dollar

5 / 28 / 62 / 65 / 70 an

Eng App fir eis Gesondheet

Den „Digital Health Network“ vun der AMMD soll am éischte Semester 2020 lancéiert ginn

Eng App fir eis Gesondheet

Mat der Ëmsetzung vun der europäescher Dateschutzdirektiv GDPR an der Digitaliséierung vum Gesondheetswiesen, war et wichteg sech Moyenen ze ginn, déi legal haltbar sinn an trotzdeem d‘Liewe vum Patient eppes erliichtere soll. Dat Zil soll mam „Digital Health Network“ (DHN) erreecht ginn.

Et ass vill Méint un dëser sougenannter Applikatioun gedoktert ginn, et huet e sëllechen Entrevuen an Echangen tëscht de Schlëssel-Acteure vum Secteur ginn an elo kéint se eigentlech kommen. Dës Gesondheets-App ass gëschter vun der AMMD presentéiert ginn. Si soll, esou zumindest d‘Absicht, am éischte Semester 2020 offiziell agesat ginn.

Laut den Erklärungen, stellt dës App de Patient an de Mëttelpunkt vum „konnektéierte System“. Et soll eng sécher a verléisslech „Bréck“ tëscht all den Acteure vum Gesondheetswiese sinn. Iwwert de Smartphone oder eng Tablett, soll de Patient all seng Donnéeën (Analysen, Prescriptiounen an/oder Zertifikaen etc…) visualiséieren an deele kënnen.

Interessant: et soll een d‘App notze kënne fir seng Dokteschrechnung ze bezuelen, Justifikatiounen ze tauschen. Sënn an Zweck laut den Häre vun der AMMD: d‘Vereinfachung vum securiséierten a kryptéierten Traitement vun allen Daten am Gesondheetsberäich. Datt soll dem Patient, den Doktere wéi iwwregens all aneren Acteuren d‘Liewe vereinfachen.

Dat muss ee sech méi genee ukucken

Déi administrativ Belaaschtung gëtt verréngert an et soll och méiglech sinn d‘Spidäler un dësen neie System unzebannen. D‘Initiativ war vun den Dokteren ausgaangen, déi sech fir e modernen a séchere System entscheet hunn, fir et mat den numereschen Erausfuerderunge vun haut opzehuelen an de Bierger-Patient an de Mëttelpunkt ze stellen.

Et gouf och mat vill Nodrock betount, datt een hei uecht gedoen hätt deen héchsten Dateschutz ze implementéieren. Wou déi Daten ofgespäichert ginn (an enger Cloud? Méiglech; a wéi engem Land? keng Ahnung) ass net gesot ginn. Wien den Datefloss geréiert gouf och net gesot. Dat ass éischter a punkto Vertrauen net esou gutt, mee wien interesséiert et?

An nach eppes sollt eis Opmierksamkeet erhalen: DHN ass eng kommerziell Entreprise, déi op Investisseuren ugewisen ass, déi nees e Profit erwaarden. Et sollt een dofir de Projet elo net scho verdäiwelen, mee wann et ëm Profit geet, ass de Mënsch an de Dateschutz bekanntlech am Nodeel. Ofwaarde statt sech drop stierzen, sollt hei d‘Devise sinn.

Foto: Dem Mënsch seng Gesondheetsdaten ze digitaliséieren an se dësem och zougänglech ze maachen ass prinzipiell keng schlecht Iddi. Mee hei geet et net ëm d‘Vertrauen an den Dokter, hei muss een enger Privatfirma vertrauen ouni ze wësse wien derhannert steet. (Envato)

Related topics AMMD, Dateschutz, DHN, Digital Health Network, GDPR
Next post Previous post