Search

You may also like

An der nächster Saison trainéiert de Marco Rose Dortmund
Kultur Neiegkeeten

An der nächster Saison trainéiert de Marco Rose Dortmund

Dës Informatioun houng wochelaang an der Loft, elo gouf et

Schwäiz: Doudeger bei Onwieder zu Genève
Kultur Neiegkeeten

Schwäiz: Doudeger bei Onwieder zu Genève

Schwéier Onwieder mat Stuerm a Knëppelsteng hu gëschter an der

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht
Kultur Neiegkeeten

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht

Am Kader vun der Ausstellung “Otherworlds” liest de Jhemp Hoscheit

Eng Ausstellung mat Lëtzebuerger Lidder a wonnerbaren Aquarellen!

Eng Ausstellung mat Lëtzebuerger Lidder a wonnerbaren Aquarellen!

Vum 31. Mee bis de 16. Juni sidd Dir häerzlech agelueden nees ee Stéck Kultur opzesaugen. Zu Iechternach am Dënzelt presentéieren zwee Artisten, sou wuel an der Molerei, wéi och an der Musek, fir genau ze sinn an de Lëtzebeurger Lidder, hier Wierker!

Souwuel fir d’Aen, wéi och fir d’Oueren an eis kulturell Vergaangenheet gëtt hei eppes gebueden. Gewise ginn divers a mat Léift gemoolten Aquarell-Biller vum Josée Kandel-Kass. Dës Kënschtlerin begeeschtert mat klassesche Blummen-Motiver a Landschaften. Bicherbegeeschtert Persoune kënnen dobäi och een originellt Lieszeechen mat Heem huelen.

A Propos Bicher: Am Dënzelt presentéiert de Jean Kandel säi jéngste Wierk „Een neit Buch mat ale Lidder“. An dëser Sammlung un Lëtzebuerger Lidder fannt Dir eng Kombinatioun aus de schéinsten, an deelweis och vergiessene Stécker aus fréiere Joren.

Lidder

De Jean Kandel mat sengem neie Buch. Et sollt a kengem Stot feelen! © Léon Doemer

Wien iwwregens selwer doheem dat eent oder anert Lidder-Buch fënnt, beim Ausraumen ee Stéck Pabeier mat Nouten an Text op Lëtzebuerger Sprooch entdeckt, oder och vun de Grousselteren ee Bichelche mat Partituren an de Grapp gedréckt kritt, dee sollt onbedéngt drun denken, dës wäertvoll Stécker dem Jean Kandel ze weisen. A senger Sammlung u vergaangener Lëtzebuerger Musek-Kultur feelt nämlech nach esou muncht Stéck.

Weider Informatiounen

Wien elo interesséiert ass, dee sollt sech onbedéngt tëscht dem 31. Mee a 16. Juni een Dag Zäit huelen, fir bis an den Dënzelt (Maartplaz, 6460 Iechternach) ze kommen. Samschdes a Sonndes huet d’Ausstellung vun 11:00 bis 18:00 Auer op, an der Woch ass et vun 13:00 bis 18:00 Auer.

Related topics Aquarell, Ausstellung, Een neit Buch mat ale Lidder, Jean Kandel, Josée Kandel-Kass, Letzebuerger Lidder
Next post Previous post