Search

You may also like

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht
Kultur Neiegkeeten

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht

An engem dräi Säite laangen oppene Bréif un de liberalen

Kultur Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Beaufort Knights Gesiichtsmasken

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Séinoutretter*inne grënne Sea-Eye Academy
Kultur Neiegkeeten

Séinoutretter*inne grënne Sea-Eye Academy

D’Sea-Eye Academy bilt d’Séi- a Landcrew vu Sea-eye a verschiddenen Trainingen a

Eng Ausstellung déi eppes iwwert d‘Waasser erzielt

Eng Ausstellung déi eppes iwwert d‘Waasser erzielt

E Freideg gëtt am Athenäum zu Lëtzebuerg, ënnert dem Patronage vum Educatiounsminister, déi grouss Wanderausstellung „On Water“, an där eng 50 Fotografie vun den international unerkannte Fotografe Yann Arthus Bertrand a Philippe Bourseiller dem grousse Public an de Schüler virgestallt ginn erëffent. Wien interesséiert ass, datt ganzt fënnt um 14.30 Auer statt.

Interessant un dëser Ausstellung, déi méiglech gemaach gëtt well déi europäesch Investitiounsbank (EIB) d‘Biller zur Verfügung gemaach gëtt, de Fait datt ee mat de gréissten Investisseuren a fossil Energieträger, dee gläichzäiteg als Haaptacteur bei Ëmweltprojeten zugonschte vum Klima agéiert, op de wäertvolle Charakter vun eisen natierleche Ressourcen hiweist.

Dat gewosst, kann et kee Feeler sinn, besonnesch de Schüler aus dem Primaire an dem Secondaire dës Biller zougänglech ze maachen. Zudeem soll och de grousse Public dovunner profitéieren dierfen. D‘Ausstellung soll a sechs Lycéeë gewisen an d‘Waasser als „Ressource“ an der Klass thematiséiert ginn. Dofir gouf entspriechend pedagogescht Material vum Ministère entwéckelt.

Ob sech am vum Ministère virbereete pedagogesche Material och dem Problem ugeholl gëtt, datt beispillsweis Nestlé d‘Waasser als eng „wirtschaftlech Ressource“ gesäit an net der Usiicht ass dat d‘Mënschen en Usproch op gratis Drénkwaasser hunn, ass nach net gewosst. Et wier allerdéngs eng Blamage wann dee Volet – also den Accès zum Drénkwaasser – net géif behandelt ginn.

Ausstellung „On Water – Sur l‘Eau“ – Athenäum Lëtzebuerg, Freideg 25. Oktober 14.30 Auer

Foto: Arek Socha / Pixabay

Related topics Athenee, Ausstellung, Claude Meisch, EIB, Philippe Bourseiller, Waasser, YannArthus Bertrand
Next post Previous post