Search

You may also like

Wou sinn se drun, d’Reforme vun der Eurozon?
Meenung Neiegkeeten

Wou sinn se drun, d’Reforme vun der Eurozon?

Eng vun de Prioritéite vun der EU ass de Schantje

Krisesëtzung fir d’Aviatioun zu Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

Krisesëtzung fir d’Aviatioun zu Lëtzebuerg

Nieft der Regierung, vertrueden duerch de Vizepremier François Bausch (déi

Tilly Metz: De klengen a mëttlere Betriber am Bannemaart de Réck stäerken
Meenung Neiegkeeten

Tilly Metz: De klengen a mëttlere Betriber am Bannemaart de Réck stäerken

En Dënschdeg huet d’Europäescht Parlament een ambitiéise Gesetzestext zur Kreatioun

Eng Biergerlech Motioun am Kontext vun der Covid19-Pandemie

Eng Biergerlech Motioun am Kontext vun der Covid19-Pandemie

Déi Lëtzebuerger Sektioun vum EFVV (European Forum for Vaccine Vigilance) hat den 11. Februar eng Motioun ugeholl, déi si un d‘Honoratioren am Land, den Deputéierten an natierlech och alle Medien zougeschéckt hunn. Et ass eng duerchaus interessant Lektür, och wann een hei natierlech muss eppes uecht dinn, an déi eng oder aner Ausso hannerfroen.

Am Kär awer geet et der Lëtzebuerger EFVV-Sektioun drëms, Afloss op d‘Chamber an d‘Parteien ze huelen. Méi konkret: si fuerderen all politeschen Acteur an der Chamber op, keng libertizid an zerstéieresch Mesure fir dat soziaalt a wirtschaftlecht Liewen zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen. Si wëllen och datt d‘Kontroll vun der Exekutive nees retabléiert gëtt.

Et sollten och d‘Ausgabe fir d‘Masken, d‘Tester, d‘Impfstoffer justifiéiert ginn. Déi Deputéiert sollten zudeem déi héich Vitesse – bezunn op d‘Covid19-Gesetzer – déi d‘Regierung bei der Legiferatioun virgëtt net méi akzeptéieren. Si sollten sech och net vun den Noperen ënner Drock setze loossen, an och méi differenzéiert mat der EU-Kommissioun ëmgoen.

Motioun© Markus Spiske / unsplash

Mam „Large Scale Testing“ (LST) soll schluss gemaach ginn, deen daacht bekanntlech just fir „gesond“ Mënschen ze testen. D‘Maskeflicht (besonnesch bei Kanner) muss opgehuewe ginn, esou och d‘Spärstonn an all weider Confinement-Mesuren. Et soll weiderhi verhënnert ginn, datt en negativen Test muss virweisen, fir Zougang zu Servicer ze hunn.

D‘EFVV verbitt sech all Impfflicht oder d‘Aféierung vun engem Impfpass, well dat onweigerlech zu Diskriminatioune féiert. Gefuerdert gëtt och d‘Reouverture vum Horesca-Secteur. Dës Weidere muss domadder opgehale ginn eng onnéideg an disproportionéiert Angscht ze verbreeden. An et soll endlech och den divergente Meenungen elo Rechnung gedroe ginn.

Et ass also vun allem a fir jiddereen eppes dobäi, wou déi wichtegst an interessantst Fuerderung ass déi no engem ëffentlechen Debat. Tatsächlech géif et sech no bal engem Joer Pandemie schonn ubidden, d‘Gestioun vun der Kris mat onofhängege Wëssenschaftler – ouni Interessekonflikt – ze diskutéieren. Bis et mam Debat esouwäit ass, wat soll do gemaach ginn?

Hannergrondinformatioun

Den European Forum for Vaccine Vigilance ass eng Koalitioun vu Gruppéierungen a Persounen an Europa, déi sech op hir ganz eegen Aart a Weis virgeholl hunn, d‘Ëffentlechkeet, déi politesch Acteuren an d‘Medien, iwwert déi schlecht Auswierkunge vun de Vaccinen ze informéieren. Si ginn Informatiounen zur Evaluatioun vum Impfprozess am Sënn vun der Virdeeler an de Risike fir d‘Gesondheet.

Si erkennen awer un, datt d‘Impfung mat gudden Absichten agefouert ginn ass. Woubäi dat wier schonn ee Joerhonnert hir an et géif kaum Erfarung mat dëser Prozedur. D‘EFVV bedauert och datt et esou wéineg Publikatioune gëtt, déi eppes zur Effizienz/Notzen a Sécherheet vun der Impfung aussoen. Kuerz: d‘EFVV wënscht sech eng méi onofhängeg Fuerschung an eng Reevaluatioun vum Risk/Notze-Radio vun Impfungen an nationalen Impfprogrammer.

Bis 2018 waren 3 Lobbyiste vun EFVV offiziell akkreditéiert, méi rezent Informatioune waren net ze fannen, wat net heescht dat et se net gëtt. A just datt kee falschen Androck entsteet: dir hutt et hei mat erkläerten Impfgéigner ze dinn. D‘Redaktioun vu moien.lu, verëffentlecht dësen Artikel aus Grënn vun der Transparenz a well et noutwenneg ass, sech domatter ausenanerzesetzen.

Illustratioun © Markus Spiske / unsplash

Related topics EFVV, European Forum for Vaccine Vigilance, Impfflicht, Krisegestioun, Motioun
Next post Previous post