Search

You may also like

100 Joer Russen zu Lëtzebuerg – Geschichte vun enger atomiséierter Diaspora
Kultur Stories

100 Joer Russen zu Lëtzebuerg – Geschichte vun enger atomiséierter Diaspora

Dat historescht Wierk 100 Jahre Russen in Luxemburg vun der

A3 Richtung Frankräich: Eng Fra bei Accident ëm d’Liewe komm
Kultur Stories

A3 Richtung Frankräich: Eng Fra bei Accident ëm d’Liewe komm

Um fréien Owend vun Nationalfeierdag koum et zu engem uergen

Flash-COVID N°2: Drogekonsum wärend der Pandemie
Kultur Stories

Flash-COVID N°2: Drogekonsum wärend der Pandemie

Déi zweet Editioun vu Flash-COVID beschäftegt sech mat der Situatioun

Eng Etüd iwwert d‘russesch Migratioun zu Lëtzebuerg

Eng Etüd iwwert d‘russesch Migratioun zu Lëtzebuerg

Wie seng Geschicht net kennt, ka seng Zukunft net plangen. An deem Kontext ass et eng ganz erfreelech Nouvelle, déi eis vun der Stëftung Lydie Schmit erreecht huet. Den 21. August huet de President Ben Fayot mam Dr. Inna Ganshow eng Konventioun ënnerschriwwen.

D‘Konventioun erméiglecht der Dr. Ganshow, duerch d‘Attributioun vun enger Bourse iwwer zwee Joer, vum 1. September bis Enn August 2019, déi russesch Migratioun zu Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert ze studéieren.

Dës Recherche integréiert sech an déi méi erweidert vum C2DH (Zenter fir zäitgenëssesch an digital Geschicht) vun der Universitéit Lëtzebuerg. Hei ginn d‘Migratioune vu Lëtzebuerg an hirem Ensembel, ënnert der Leedung vum Dr. Denis Scuto analyséiert.

Den Dr. Inna Ganschow aus Russland, kritt de Statut „visiting researcher“ vun der UNI-Lëtzebuerg fir d‘Dauer vu senger Recherchen. Dat erlaabt hir am enke Kontakt mat de Chercheure vum C2DH ze stoen an d‘Moyene vun der Universitéit ze notzen.

An der Konventioun ass virgesinn, datt dem Dr. Ganschow seng Etüd ënnert der Direktioun vun der Stëftung Lydie Schmit verëffentlecht gëtt.

Mat der Ënnerstëtzung vun der Recherche am Secteur vun der Geschicht, dat am Kader vun der UNI-Lëtzebuerg an hei méi spezifesch den C2DH, agéiert d‘Stëftung am Sënn vun der Grënnerin Lydie Schmit. Eng Persoun déi selwer ganz un der Geschicht interesséiert war.

Foto: (v.l.n.r.) Dr. Inna Ganschow, Ben Fayot (President vun der Stëftung Lydie Schmit) an den Dr. Denis Scuto (Partner Professer, Chef vum C2DH vun der UNI-Lëtezbuerg) – © Fondation Lydie Schmit

Related topics Ben Fayot, C2DH, Denis Scuto, Lëtzebuerg, Russland, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post