Search

You may also like

money
Australesch Regierung op der Uklobänk
International Neiegkeeten Stories

Australesch Regierung op der Uklobänk

Wann d‘Studentin Katta O‘Donnell optrëtt, brauch et ëmmer ee klengen

ESC: Israel surft op der #MeToo Well a gewënnt de Concours
International Neiegkeeten Stories

ESC: Israel surft op der #MeToo Well a gewënnt de Concours

Israel huet gëschter Owend bei der Final zu Lissabon, fir

2024 gëtt et ee Contournement fir Dippech
International Neiegkeeten Stories

2024 gëtt et ee Contournement fir Dippech

An der interministerieller Kommissioun (Ëffentlech Aarbechten & Environnement) hunn d‘CSV-Deputéiert

Eng Gay Pride fir de Viktor Orban

Eng Gay Pride fir de Viktor Orban

An Ungarn gouf gëschter déi alljäerlech „Budapest Pride“ ofgehalen, a well d‘Regierung eng LGBTQ-feindlech Politik verfollegt, hunn auslännesch Ambassaden d‘Veranstaltung parrainéiert

Iert et zur eigentlecher Parad duerch de Zentrum vum Budapest koum, haten dausende Mënschen un der Kundgebung deelgeholl. D‘Organisateuren hunn hei erkläert, datt ee wëll en Zeeche géint den Haass an déi onséileg Versich vu muechthongrege Politiker, d‘LGBTQ-Communautéit mat alle Mëttel anzeschüchteren. Vill auslännesch Politiker haten de Wee an déi ungaresch Haaptstad fonnt.

Budapest Pride

Esou déi däitsch EU-Deputéiert Terry Reintke (Greens/EFA) déi op der Kundgebung nach emol ervirgehuewen huet, datt d‘Fidesz-Regierung hir legislativ Muecht notzt, fir Mënsche vun der LGBTQI-Communautéit zu Aussätzegen am eegene Land ze maachen. „Dat geet iwwer Ungarn eraus, dat ass eng europäesch Fro. Mir mussen elo zesumme kämpfen, géint den Haass, géint dëst ‚Pedophille-Gesetz‘ a géint den autoritäre Réckschlag an Europa. Loosst eis als Europäer elo zesummestoen“, esou d‘Terry Reintke.

Un Ënnerstëtzung fir dës Gay Pride huet et net gefeelt: eng véierzeg Institutiounen hu sech hannert dësen Event gestallt. Dorënner d‘Ambassade vun Däitschland, Groussbritannien am den USA. An enger gemeinsamer Erklärung hunn dës „Partner“ erkläert, datt si wéinst de jéngsten Ereegnesser, déi de Prinzip vun der net-Diskriminéierung bedreeën, hir Positioun däitlech maache mussen.

De „Chef“ ass vun der EU enttäuscht

Esou en oppene Positionnement fënnt beim ungaresche Regierungschef wéineg gefalen. Schonn ee Freideg hat sech de Viktor Orban gehéiereg an d‘Broscht gehäit, an an de staatlech kontrolléierte Medie säi Gëft versprëtzt: „Dat Bréissel d‘Ausbezuele vu 7 Milliarden Euro aus dem Covid19- Hëllefsfong verzögert, wier Deel vum ideologesche Krich“. Datt et och eppes mat europäesche Wäerter an dem Festhalen un der Rechtsstaatlechkeet kéint ze dinn hunn, gouf hei net erwäänt.

Budapest PrideEt gouf och géint d‘Gay Pride Demonstréiert © Florian Bayer

Domadder net genuch: um Freidegowend huet de faschistoide Klatzkapp eng Veruerdnung am offizielle Journal verëffentlechen. Doranner heescht et: „Ungarn wäert keng EU-Mëttel aus dem Hëllefsfong unhuelen, falls Bréissel dat vun der Ofschafung vum Gesetz zur Aschränkung vun Informatiounen zu Homo- an Transsexualitéit ofhängeg mécht“. Interessant Erugoensweis…

Budapest PrideEt gouf och géint d‘Gay Pride Demonstréiert © Florian Bayer

Woubäi… wann een elo kéint unhuelen, datt et eis jo egal ka sinn, wann den Orban déi 7 Milliarden Euro net well (déi géife jo dann och net a falsch Hänn gelaangen) esou, muss nach emol drop higewise ginn, datt generell alles wat an der EU decidéiert gëtt, „Eestëmmeg“ muss ugeholl ginn. Ungarn, d‘Polen an esouguer Slowenien (déi hu grad d‘Presidence), verfollege jo gemeinsam eng droleg Politik, a mat hirem Veto kënnen si villes bannent der Unioun zu Onwee maachen.

D‘Zukunft kéint schonn 2022 abriechen

Fir de President vun der Organisatioun „Háttér“, Tamas Dombos, ass et ee geféierlecht politescht Spill. Hien – an déi ungaresch Oppositiounsparteien hunn eng änlech Formulatioun – stellt fest, datt dem Viktor Orban säi geplangte Referendum zum längst a Kraaft gesate Gesetz, eenzeg an eleng zum Zweck huet, déi eigentlech relevant Themen am Kontext vun de Parlamentswalen 2022, soll iwwermolen. Mat dësem „Thema“ géif vum Regierungsversoen a vill Beräicher ofgelenkt.

D‘Fidesz géif vill Kraaft opwannen, fir dee ganz Volet „Sexualitéit a sexuell Selbstbestëmmung“ an de Virdergrond ze stellen. Dat fir vun den eigentlech imminent wichtegen Themen ofzelenken. Esou d‘Kris am Gesondheetswiesen, d‘Problemer mat der Pandemie an d‘Onofhängegkeet vu Justiz a Medien. Och déi vill Problemer am Kontext vun der Rechtsstaatlechkeet, solle verstoppt ginn.

Ob den Tamas Dombos Chance gesäit, datt et dat anert Joer zu engem politesche Wiessel kënnt? Wënsche géif hie sech dat schonn, mee et misst een et och realistesch betruechten. Wann an de meeschten ungaresche Groussstied, dem Orban seng „Sexuell Orientéierungspolitik“ éischter keen Uklang fënnt, esou ass dat am Ländleche Raum diametral anescht. Hei halen sech d‘Leit un d‘Doktrinn vun der kathoulescher Kierch, et gehéiert sech einfach „Nationalist“ ze sinn…

mat indymedia/vie

Foto: © Plattform Radikale Linke (AT)

Related topics Budapest, Budapest Pride, Europa, Gay Pride, Homophobie, Rechtsstaatlechkeet, Ungarn, Viktor Orban
Next post Previous post