Search

You may also like

MELLIS – Een Hommage un ee Lëtzebuerger Traditiounsproduit
Kultur Neiegkeeten

MELLIS – Een Hommage un ee Lëtzebuerger Traditiounsproduit

Eng Fläsch mat nostalgeschem Design a flëssegem gëllenen Inhalt strahlt

Méi wéi 6.500 Aarbechter si beim Bau vum Katar Stadion gestuerwen
Kultur Neiegkeeten

Méi wéi 6.500 Aarbechter si beim Bau vum Katar Stadion gestuerwen

Bei dësen Zuele kéint ee sech iwwerginn. Engem Rapport vun

Zionistesch Impfstrategie
Kultur Neiegkeeten

Zionistesch Impfstrategie

Alles richteg maache ka keen, mee villes gutt maachen, doranner

Eng gelonge Kulturnuecht

Um Samschdeg war den Ellergronn zu Esch-Uelzecht zur grousser Kulturbühn ëmfunktionéiert ginn, an un interesséierte Mënschen huet et wierklech net gefeelt. D‘Wieder war gutt, an esou konnten all déi geplangte Virstellunge wéi programméiert stattfannen.

Mat enge ronn 40 artisteschen Duerstellungen, Ausstellungen a ville méi, war d‘Offer richteg gutt, et huet niewebäi eng helle Wull un Animatiounen a Musek ginn, an esouguer ee gastronomeschen Exkurs war méiglech. Wéi vill Leit sech elo hei zesummefonnt hunn, ass schwéier an Zuelen ze faassen, den Areal ass jo och entspriechend grouss. Jiddefalls waren et der vill, wierklech ganz vill.

D‘Zäit bis Mëtternuecht ass dann och séier vergaangen. Ob een alles konnt gesinn? Eigentlech jo, wann een net anzwousch hänke bliwwen ass. Dat awer war nees net esou einfach, et hat esou villes un deem ee sech net konnt sat kucken. Domadder wier dann och bestätegt, dat d‘Organisateuren alles richteg gemaach hunn. Zudeem konnt sech schonn emol op dat anert Joer virbereet ginn.

Et ass jo gewosst, datt d‘nächst Joer Esch-Uelzecht – zesumme mat ville Partnergemengen am Land wéi an der Groussregioun – europäesch Kulturhaaptstad ass. Am Kontext vun ESCH2022, soll et dann och fënnef Kulturnuechten ginn. Woubäi de Plural hei eng Bedeitung huet. Well den Opwand fir esou eng „Nuecht“ grouss ass, sollen déi 5 Nuechten ëmmer e puer Deeg laang daueren…

Fotogalerie: © Ole Morten Tjore

Related topics Ausstellungen, Danz, Ellergronn, Esch-Uelzecht, Esch2022, Kultur, Kulturhaaptstad, Kulturnuecht, Musek, Nuit de la Culture, Theater
Next post Previous post