Search

You may also like

„Märd alors !!!“ – E kabarettistesche Réckbléck op d’Joer 2018
Neiegkeeten

„Märd alors !!!“ – E kabarettistesche Réckbléck op d’Joer 2018

Den 31. Januar kann ee sech op ee lëschtegen Owend

Lëtzebuerger Finanzen: Een Defizit vun 1,6 Milliarden Euro
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Finanzen: Een Defizit vun 1,6 Milliarden Euro

Gëschter huet de Finanzminister Pierre Gramegna déi finanziell Situatioun vu

Neie Stadion gëtt net termingerecht fäerdeg
Neiegkeeten

Neie Stadion gëtt net termingerecht fäerdeg

Et ass sech also awer net mat der Zäit opgaangen.

Eng Gewerkschaft fir d‘Fraen

Neiopstellung vum Fraendepartement „OGBL EQUALITY“

Eng Gewerkschaft fir d‘Fraen

MODERN, INCLUSIV, TEAMORIENTÉIERT, SOLIDARESCH, FEMINISTESCH; dat ass de Motto vum Fraendepartement déi zukünfteg ënnert dem Numm „OGBL EQUALITY“ optrëtt.

„Mat neiem Logo an neier Facebooksäit féiere mir mat neiem Elan de laangjärege Kampf vun de Gewerkschaftlerinne fir Geschlechtergläichheet, Loungerechtegkeet, wirtschaftlech Selbstbestëmmung an der Fräiheet vun de Fraen op der Aarbechtsplaz an, an alle Liewensberäicher mat vill Engagement a Motivatioun fort“, esou de betount offensive Communiqué vum OGBL.

EQUALITY

Eng sënnvoll Astellung, ugesiichts dem Fakt datt Gewerkschaftsaarbecht och d‘Fraen ugeet, esou wéi d‘Rechter vun de Fraen och ee Grondleeënd gewerkschaftlecht Aktiounsgebitt. Erënnere mir also och dorunner, datt den OGBL de 5. Januar 1979 aus dem Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV) eraus entstanen ass an schonn deemools op eng Eenheetsgewerkschaft hi geschafft huet.

1981 gouf de Fraendepartement an d‘Liewe geruff an zanterhier steet de Sujet Gläichheet an Geschlechtergerechtegkeet am Mëttelpunkt. D‘Werbung vu Memberen an Aktivistinnen, esou wéi d‘Fërderung vun enger staarker Presenz vun de Fraen an alle Strukture vun der Gewerkschaft, gehéieren och haut nach ëmmer zur Missioun vum Fraendepartement, elo „OGBL EQUALITY“.

EQUALITY

© OGBL

Hei ginn all Lounofhängeg Fraen, ob Salarié oder Beamtin, an der Léier, an der Schoul, ob der Sich no enger Aarbecht oder schonn an der Pensioun, déi am OGBL organiséiert sinn representéiert. Déi lescht Woch huet sech „OGBL EQUALITY“ op der statutarescher Sëtzung erneiert an déi inhaltlech Akzenter fir déi kommend Wochen a Méint festgeluecht. Et gouf och Ännerungen un der Spëtzt.

Gewerkschaftsaarbecht ass och Politik

Als nei Presidentin steet elo d‘Tina Koch (Bezierkspresidentin vun der LSAP-Norden) un der Spëtzt vun dësem Departement. Si gëtt vun de Vizepresidentinne Catherine Molitor a Sylvie Lombardi, an dem Mireille Folschette (Sekretärin) tatkräfteg ënnerstëtzt. Säit Januar ass d‘Michelle Cloos an der Exekutive fir de Fraendepartement zoustänneg. Den Departement ass op fir net-Binär Persounen.

Déi haideg Presidentin vum OGBL, Nora Back, war natierlech ageluede ginn an et ass dann och selbstverständlech, datt si den Aktioune vun „OGBL EQUALITY“ hir Ënnerstëtzung zougesot huet. An där Aktioune sinn der schonn eng Rei virgesinn. Den OGBL, aktive Member vun der JIF-Plattform (dat sinn déi wou all Joers den internationale Fraendag zu Lëtzebuerg organiséieren) ënnerstëtzt de Fraestreik vum 7. Mäerz.

EQUALITYFir dëse „Streik“ huet „OGBL EQUALITY“ en Informatiounsblat zur Ëmsetzung vu symbolesche Streikaktivitéiten an de Betriber ausgeschafft. „OGBL EQUALITY“ rifft och all d‘Fraen zur Bedeelegung un der Fraendemo vum 7. Mäerz op. Eng besonnesch Opmierksamkeet gëtt dëst Joer vun der „Fleeg-Aarbecht“, déi nach ëmmer haaptsächlech vu Fraen erleedegt gëtt, geluecht.

Weise mir nach ofschléissend drop hin, datt den 28. Februar den „Equal Care Day“ stattfënnt, dee mëttels Film a Studie d‘Aarbechts- a Liewensbedingunge vun de Fraen am Botzsecteur ënnert d‘Lupp hëlt an an de Mëttelpunkt réckelt.

Foto: © OGBL

Related topics Fraen, Fraestreik, Gerwerkschaft, Geschlechtergläichheet, OGBL, OGBL EQUALITY
Next post Previous post