Search

You may also like

money
Bei der SES gëtt sech op eng „aner“ Zukunft virbereet
Business International Money Neiegkeeten

Bei der SES gëtt sech op eng „aner“ Zukunft virbereet

Déi Europäesch Satellittegesellschaft (SES) mat Sëtz zu Betzder ass net

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht
Business International Money Neiegkeeten

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht

E Méindeg hunn déi 27 Länner vun der Unioun –

CFL: En neie Quai III fir d’Gare zu Ettelbréck
Business International Money Neiegkeeten

CFL: En neie Quai III fir d’Gare zu Ettelbréck

Am Kader vum Reamenagement vun der Ettelbrécker Gare ass gëschter

money

G7-Finanzminister fir eng global Digitalsteier

Grousskonzerner op der ganzer Welt sollen eng Mindeststeier vu 15% entriichten

G7-Finanzminister fir eng global Digitalsteier

Beim Londoner Sommet vun de Finanzminister vun de féierenden Industrienatiounen (G7) ass sech drop verstännegt ginn, datt déi iwwermächteg Digitalkonzerner (GAFA) elo endlech Steiere bezuele sollen. Deem war e Jorelaange Sträit an onendlech Verhandlunge viraus gaangen, bis den Joe Biden an d‘Wäisst Haus agezunn ass, an d‘Enn vun der Paus agelaut huet.

Wann da gëschter de brittesche Finanzminister Rishi Sunak vun enger historescher Decisioun huet dierfe Schwätzen, esou ass dat an éischter Linn dem politesche Wiessel an den USA geschëlt. Mee d‘Britten hunn G7-Presidence, an et gehéiert sech, datt een hinnen d‘Blummen zougesteet. Dat fir emol de Kader ze setzen, iert een op de Gedanke kënnt unzehuelen „si wiere sech eens“…

Datt et sech einfach net méi verhënnere gelooss huet, multinationale Konzerner generell, de Risen aus dem Digitalsecteur am besonneschen, eng Kierperschaftssteier ofzeverlaangen, eng Evidenz. Aktuell bezuelen Entreprisen hir Steieren do wou si hire „Sëtz“ ugemellt hunn. Dëse Sëtz gëtt da virzuchsweis an engem Land ugemellt, wou et „Virdeeler“ huet. Eist Land gehéiert do derzou.

Zil vun dëser „Reform“, op déi sech d‘G7-Finanzminister dann elo zu London wëlle concertéiert hunn, ass et d‘Steiersystemer fit fir den digitalen Zäitalter ze maachen. An der Praxis soll sech dorausser erginn, datt d‘Konzerner hir Steieren do ze bezuelen hätten, wou si den Ëmsaz maachen. An Irland wéi an der Schwäiz dierft d‘Freed sech a Grenzen halen, Lëtzebuerg fënnt dat gutt.

Dat war awer net ëmmer esou. Nach am Mee 2018 hat sech de Finanzminister, géint eng Steier ausgeschwat, respektiv zur Konditioun gemaach, datt esou eng Decisioun op OECD-Niveau misst beschloss ginn. Dat sengerzäit als „Reaktioun“ op déi vu Bréissel gefuerdert Besteierung vun den Digitalkonzerner. D‘OECD hat sech dann am Oktober 2019, däitlech fir d‘Digitalsteier agesat.

Global Steiergerechtegkeet?

Am „Accord“ ass elo virgesinn, datt d‘Konzerner also do Steiere bezuele solle wou si groussen Ëmsaz maachen. Et heescht, datt dat de sougenannte Schwellelänner soll entgéintkommen. Also eigentlech déi Länner, déi vun de G7 wirtschaftspolitesch gekniecht an ausgebeut ginn. Dat heescht dann och, datt d‘Reform déi vun de G7 ugestrieft gëtt, nach eppes Zäit wäert an Usproch huelen.

Wann sech nach zäitno kann op de Steiertarif verstännegt ginn, esou muss jo och gekläert gi wou dës Steiere bezuelt ginn. Dat ass schonn emol een Hiwäis, datt d‘Steieren net direkt an engem „Schwelleland“ solle bezuelt ginn. D‘G7 wëlle wuel méi Steiergerechtegkeet um Pabeier, net awer datt op emol déi „Aarm“ selwer entscheede kënne wat se mam Geld maache wëllen. Firwat?

G7 zu London„Mir hunn en historeschen Accord zur globaler Steierreform beschloss, mat deem déi gréisste multinational Technologie-Giganten hire faire Steierundeel a Groussbritannien bezuele mussen“, esou de brittesche Finanzminister Rishi Sunak. © HM Treasury

D‘Schwellelänner si massiv verschëlt, an esou wéi et ausgesäit… Mee gutt, dat steet op engem anere Blat. Den Ament geet et drëms déi vum US-President privilegiéiert Mindeststeier vu 15% festzeschreiwen, an esou deem sech stännegen Ënnerbidden en Enn bereet gëtt. Fir de franséische Finanzminister Bruno Le Maire, huet begréisst datt et schonn no véier Joer zum Konsens kënnt.

Hie gëtt awer ze bedenken, datt hei nëmmen e vu vill Schluechte gewonne gouf. „Et ass een Ufank. An de kommende Méint wäerte mir (Frankräich) eis dofir asetzen, datt d‘Mindeststeier esou héich wéi méiglech ausfält“, esou de Fransous, dee weess datt et bannent der Unioun zolidd Géigner huet an sech Geld ëmmer negativ op Partnerschaften auswierkt. An et sinn och eréischt „éischt Schrëtt“.

Déi vum G20 net vergiessen

Am Juli huet et an Italien de G20-Sommet (do sëtzen och Brasilien, China an Indien mat um Dësch) an an dësem erweiderte G7-Abklatsch wäert een eng eppes differenzéiert Siicht hunn. Vläicht net wat d‘Besteierung u sech ugeet, mee d‘Aart a Weis wéi d‘Länner un eben dës Steiere kommen a wien an der Finalitéit decidéiert, fir wat dës Steiergelder vun den „aarme“ Länner agesat ginn…

mat indymedia/lon

Foto: D‘Finanzminister vun de G7 zu London © HM Treasury

Related topics Digitalsteier, G7-Finanzminister, G7SommetCornwall, Grousskonzerner, Mindeststeier
Next post Previous post