Search

You may also like

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: Zesummen ass ee staark!
Stories

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: Zesummen ass ee staark!

Ee Mangel un Ariichtungen an Déngschtleeschtunge fir Persounen, déi Autismus

Poetry Slam de Lux’11 – De Wuert-Kampf vun de moderne Poeten zu Wolz
Stories

Poetry Slam de Lux’11 – De Wuert-Kampf vun de moderne Poeten zu Wolz

Et war den Owend vun de groussen a klenge Wierder,

De PAP „Portal Eent“ zu Esch ass (fir den Ament) vum Dësch
Stories

De PAP „Portal Eent“ zu Esch ass (fir den Ament) vum Dësch

An engem ëffentlechen Avis hat den Escher Schäfferot eng punktuell

Eng grouss Chrëschtfeier ënner Gläichgesënnten

Eng grouss Chrëschtfeier ënner Gläichgesënnten

Et ass eng Traditioun, keng op déi d‘Lëtzebuerger Land besonnesch houfreg sollt sinn, mee déi trotz allem, besonnesch am Wanter, de Leit gutt deet. Rieds ass vun de Chrëschtfeier, déi um Dënschdeg scho fir déi 19. Kéier vun der „Stëmm vun der Strooss“ mat ville Partner organiséiert gëtt.

Do war dann och schonn eng lass, gëschter ëm Mëtteg, virum Bouneweger Kulturzentrum. E sëlleche vun de „Clienten“ haten de Moien am „Courage“, de soziale Bistro vun der Caritas, verbruecht, wat ugesicht den Temperaturen novollzéibar ass.

84 Fräiwëlleger hunn dann och pünktlech um hallwer eng déi honnerte Leit empfaangen, hinnen en „Apero“ ugebueden an se op den Dëscher verdeelt. An deene meeschte konnt een dann d‘Freed op e schéinen Nomëtteg am Gesiicht ofliesen.

Eppes Waarmes z‘iessen, e musikaleschen Encadrement an eng ganz Band un frëndleche Benevollen, déi engem kee Wonsch op gelooss hätten. D‘Atmosphäre war, wéi soll ee soen, ongewinnt entspaant. Eng Plaz fir eis, haten déi, wou ee soss net ëmmer am A huet, och.

Gutt gebafft a vill gelaacht

Iert et lass gaangen ass, huet d‘Alexandra Oxacelay déi Fräiwëlleg op hir Aufgabe virbereet, dunn ass dann och schonn d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch empfaange ginn. D‘Ministesch war deene meeschten awer egal, si ware komm fir eppes tëscht d‘Zänn ze kréien, an esou haten sech d‘Dëscher séier gefëllt.

En Iessen, dat iwwregens vun der Provencale offréiert ginn, a vun de Scouten (FNEL) zoubereet ginn ass. E leckere „Consommé“ fir den Appetit unzekuerbelen, eng Rëndsroulade mat roudem Kabes a Spëtzele. Also einfach, mee mega gutt. Dovunner hu mir eis bei gréisstméiglechem Kierperasaz selwer dierfen iwwerzeegen.

Chrëschtfeier

D‘Kichekueder hunn uecht gedoen dat vun allem Genuch do war. Eng gutt a frëndlech Equippe déi mer do begéint hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Als Dessert, wéi soll et och op enger Chrëschtfeier anescht sinn, gouf et „Bûche“. Dozou Kaffi bis datt der d‘Häerz stoe bliwwen ass. An tëscht all dem Iessen ass sech ënnerhale ginn. Mee et war net den Dag fir d‘Flemm eraushänken ze loossen, d‘Sujete waren d‘Besënnlechkeet an d‘Freed festzestellen, datt et der gëtt déi net dout ze kréie sinn.

An d‘Zäit ass wéi am Fluch vergaangen. Mir hu gesongen, eis géigesäiteg Topegkeeten erzielt an eis iwwert wäit Strecken eng Boss gelaacht. Um véier Auer, et kann och eppes méi spéit gewiescht sinn, huet et Kaddoe ginn. Virdrun ass awer gesonge ginn, net wierklech schéi mee dofir ganz haart…

Sech den Erausfuerderunge stellen

Wann een also dierf festhalen, datt déi „Äermst“ et och verstinn ze feieren an hire „Misär“ net ëmmer wëlle weisen, esou ass et awer bedréckend, wann ee weess, datt ee selwer duerno nees an déi waarm Stuff dierf an eigentlech ganz aner Suergen huet.

Chrëschtfeier

84 Volontairen hunn fir d‘Wuel vun de ronn 350 Gäscht gesuergt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Bedréckend einfach aus dem Grond, datt et der och am Wanter gëtt, déi vill Nuechten net an engem waarme Bett schlofen. Bedréckend, well och déi wou eng Plaz am Kader vun der Wanteraktioun fannen, Dagsiwwer net wësse wouhinner an et mat der Keelt mussen ophuelen.

Gutt et gëtt ëmmer méi Plazen, Foyeren, wou et wuel waarm ass, een och nach eppes ze Drénken oder z‘Iesse kritt, mee un der mënschlecher Situatioun ännert et séier wéineg. De Restaurant vun der Stëmm zu Hollerech ass all Dag bis op déi leschte Plaz ausgelaascht. Gutt, datt se säit dem 1. Oktober dierfen 164 Leit unhuelen – géintiwwer 118 virdrun – an se déi dann och nach all sat kréien.

D‘Verantwortung ofginn ass keng Léisung

Et sollt een sech awer dierfe Froen, op et engem Land wéi Lëtzebuerg gutt zu Gesiicht steet, dat d‘Zuel vun deenen ouni Heem, ouni Perspektiven an deels och ouni Hoffnung, stänneg wieder an d‘Luucht geet. Wann et sech gutt unhéiert, datt d‘Stëmm vun der Strooss wiisst, an se dank hire Servicer och ëmmer méi Leit kënne beschäftegen, esou sollt ee sech awer net driwwer freeën.

Wann d‘Stëmm vun der Strooss no enger neier Hall sicht, wou de „Caddy“ an „d‘Schweessdrëps“ sollten ënnerbruecht ginn, fir vun elo 50 op 90 Leit an enger „Aarbechtsbeschafungsmoossnam“ ze kommen; oder een d‘Kapassitéit vun 150 op 500 Tonnen Iesswuere steigere wëll, och vläicht muss, da muss een erkennen, datt eppes net richteg ass.

Chrëschtfeier

Och fir d‘Stëmm vun der Strooss gouf et zur Feier vum Dag e Kaddo. Mat engem Scheck iwwer 8.350 Euro vun der Asbl „Laache vir ze heelen“, kann hei villes gemaach ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et ass net richteg datt et Leit gëtt déi keen Dach iwwert dem Kapp hunn, dat well „Wunnen“ e Spekulationsobjet“ ass. Et ass net richteg, datt et Leit gëtt déi, wuel net méi fir d‘Iesse mussen heeschen, an awer net ëmmer sécher sinn eppes ze kréien. Déi lescht bäisse bekanntlech d‘Hënn.

Zudeem ass et bedenklech, datt et „genuch“ Schlofplaze just während der Wanteraktioun gëtt. Bedenklech och, datt sech eng Regierung – an eigentlech bal all d‘Parteie – op déi Fräiwëlleg an d‘Organisatioune verléisst. En doudege „Strummert“ nach derbäi een deen erfruer wier, dat wëll aus der Chamber keen an der Zeitung liesen..

Foto: Gutt gelaunt an d‘Aussiicht op eppes Guddes z‘Iessen, do laachen dann och d‘Aen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Chrëschtfeier, Lydia Mutsch, Stëmm vun der Strooss
Next post Previous post