Search

You may also like

Well et net ouni geet…
Neiegkeeten

Well et net ouni geet…

Eigentlech ass et traureg, datt d‘Police besonnesch am Horesca-Secteur esou

Frankräich: Zwee Polizisten absichtlech mam Auto ugestouss
Neiegkeeten

Frankräich: Zwee Polizisten absichtlech mam Auto ugestouss

E 29 Joer jonke Fransous huet zu Colombes (Hauts-de-Seine) huet

Den Assange gesäit Luucht um Enn vum Tunnel
Neiegkeeten

Den Assange gesäit Luucht um Enn vum Tunnel

De Julien Assange, Grënner vu WikiLeaks, huet en Donneschdeg gesot,

Inclusioun: eng Iddi vun de Belsch soll hëllefen

D‘Auslänner an de politeschen Entscheedungsprozess abannen ouni hinne Stëmmrecht ze kréien

Inclusioun: eng Iddi vun de Belsch soll hëllefen

Am Kontext vum „Debat an der Mëttegstonn“ eng Serie vun Entrevue mam Public, déi d‘Asti Asbl am Kontext vum 40. Jubiläum organiséiert, ass et gëschter drëms gaange festzestellen, datt een déi biergerlech Participatioun un der Politik net dierf als Mouvement vun der Kontestatioun gesinn.

Et ass awer och richteg a virun allem sënnvoll, ugesiichts dem Wëllen eng gesond sozial Kohäsioun oprecht ze erhalen, wann all d‘Residenten zu Lëtzebuerg sech och politesch an eben net nëmme wirtschaftlech un der Landesentwécklung bedeelege kënnen. Beim Referendum 2015 war awer déi grouss Majoritéit vun de Stëmmberechtegten zu Lëtzebuerg net der Meenung, datt d‘Auslänner sollen d‘Wahlrecht kréien. Dëst fir deene virbehalen, déi d‘Lëtzebuerger Nationalitéit hunn…

An et dierft zimlech genee d‘Selwecht ausgoe wann een dës Fro nach emol un d‘Lëtzebuerger géif riichten. Dës Behaaptung kann awer net driwwer ewechtäuschen, datt an engem Land wou ronn d‘Hallschent vun den Awunner Auslänner sinn, d‘Fro vun der „Identitéit“ an dem „Wahlrecht“ ëmmer nees wäert gestallt ginn. An d‘Asti, déi mat hire Fuerderungen net nëmme verséinlech Téin uschléit, geséich elo gären, wann et zumindest zu „Alternative vun der Participatioun“ kéim.

Interessant a riskant zugläich

Esou eng Alternativ géif et, heescht säitens der Asti, déi op de Modell vun der germanophoner Communautéit an der Belsch verweist, dee rezent vum federale Parlament eestëmmeg ugeholl ginn ass. Et ass dann och den Auteur vun dësem Gesetz, de Senateur Alexander Miesen, deen dës „Iddi“, déi am Kader vun der belscher Verfassung entwéckelt huet, gëschter beim „Debat an der Mëttegstonn“ virgestallt an erkläert huet. An hei huet et tatsächlech vill gutt Usätz.

Bei eisen Nopere gëtt dann elo zanter dem Akraafttriede vum Gesetz (25. Februar) eng sougenannt „Biergerkummer“. D‘Memberen déi do siegéiere ginn ausgeloust, woubäi et do zolidd Kritäre gëtt déi ze respektéiere sinn. Si besteet aus enge 50 Memberen, déi zu Themen déi vun der Regierung, dem Parlament, de Bierger oder op eegen Initiativ Gesetzprojeten ausschaffen. E parlamentaresche Sekretär mécht dann de Lien mat de politeschen Autoritéiten. A wéi bewäert sech dat ganzt?

Ma den Ament huet dëst „Parlament vun de Bierger“ nach net siegéiert, woubäi u sech virgesinn ass datt dësen dräimol d‘Joer soll zesummekommen. Eppes onverständlech: fir all nei Thematik ginn d‘Membere vun dëser Biergerkummer nei zesummegestallt, déi dann e Gesetzprojet ausschaffen, deen dann an enger ëffentlecher Sëtzung mat de Membere vun der parlamentarescher Kommissioun virgestallt gëtt. Gett d‘Gesetz refuséiert, muss dës Komissioun dat bannent engem Joer justifiéieren.

Kléngt komplizéiert an ëmständlech, an dat ass et och. Zudeem huet de belsche Senateur unerkannt, datt een d‘Situatioun vun der germanophoner Communautéit an der Belsch net wierklech mat där vu Lëtzebuerg vergläiche kann. D‘Lag zu Lëtzebuerg ass „anescht Komplex“ och wat d‘Immigratioun selwer betrëfft. Et ass awer sécherlech e Modell deen nei Weeër opmécht. Mee wéi kann een et dann elo an déi „representativ Demokratie“ abannen? Dozou huet den Auteur en Avis.

De Gruef tëscht de Bierger an der Politik zouschëdden

Fir den Alexander Miesen besteet de gréisste Virdeel vun dësem Modell doranner, datt déi Bierger déi gewëllt wieren d‘Spill matzespillen, besser informéiert ginn an esou och hir Meenung zu engem bestëmmte Sujet ännere kënnen. D‘Diskussiounen an d‘Interventiounen si manner „Ech-Bezunn“, well et ëm den Inhalt vun engem Gesetz geet an d‘Seancen zäitlech „begrenzt“ sinn. Datt déi ausgelouste Memberen och entschiedegt ginn, géif déi biergerlech Bedeelegung encouragéieren.

Dat alles kléngt gutt an eigentlech kann een deem wéineg entgéintsetzen. Mee et gëtt do och eng Rei Facteuren déi Lëtzebuerg vun der Belsch ënnerscheeden. Zum enge muss, fir datt sech d‘Iddi duerchsetzt, déi grouss Diversitéit vun der Bevëlkerung berécksiichtegt ginn. Da sollt een deene Leit, déi sech fir ee „Mandat“ mellen an eligibel (also kéinten ausgeloust ginn) sinn nach mat op de Wee ginn, datt hir „Propose“ zréckgewise gëtt, wat jo och zum demokratesche Prozess gehéiert.

Elo gëtt et hei dann awer e Gedanke vum belsche Senateur, dee schwéier novollzéibar ass. Hie gesäit dësen Akt vu politescher Bedeelegung un, wéi eng Participatioun un olympesche Spiller: „Derbäi sinn ass alles“. Mee geet et duer sech fir Sujet anzesetzen, vun deem een der Usiicht ass, datt sech d‘Politik net genuch derfir Interesséiert, ouni dësen dann ëmgesat ze kréien? Wann ee weess, datt dës Biergerkummer, déi et laut Gesetz gëtt, nach net zesummekomm ass eng gutt Fro.

Illustratioun: Bob Dmyt / Pixabay

Related topics ASTI, Auslännerwahlrecht, Demokratie, Inclusioun, Participatioun
Next post Previous post