Search

You may also like

GEWËNNSPILL 2019: Sitt mat dobäi um Auto-Cross zu Helleng!
International Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2019: Sitt mat dobäi um Auto-Cross zu Helleng!

Loscht op Bulli, Bensin an Béier? Wann Dir Fan vun

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir
International Neiegkeeten

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir

Bei enger Sëtzung mat senge Parteimemberen zu Ankara huet den

Am Oktober sollt een drun denken d‘Wanterpneuen opzeleeën
International Neiegkeeten

Am Oktober sollt een drun denken d‘Wanterpneuen opzeleeën

A knapp enger Woch gëtt d‘Auer nees ëmgestallt, d‘Deeg si

Eng Knetzel mécht ee gewote Schratt

Ginn „Fridays for Future“ a „Greta Thunberg“ eng geschützte Mark a wat soll den Zweck sinn?

Eng Knetzel mécht ee gewote Schratt

Virun engem gudde Joer huet déi jonk schwedesch Klimaaktivistin Greta Thunberg ënnert dem Motto „Fridays for Future“ eng Jugendbeweegung an d‘Liewe gehuewen, déi sech haut weltwäit fir de Klimaschutz asetzt. E Mouvement, deen der Knetzel net nëmme Luef abruecht huet, woubäi si sech weder aus der Rou nach aus dem Konzept brénge gelooss huet. Elo déi logesch Konsequenz.

Si huet elo eng Stëftung gegrënnt a wëll den eegene Numm, wéi och dee vum Mouvement, als „Mark“ schütze loossen. Dat mécht senge „Géigner“ nees d‘Dieren op fir vill a besonnesch falsch „Dommheete“ vu sech ze ginn, firwat emol un der Zäit ze zortéieren. D‘Greta Thunberg ass es einfach midd, datt „Béides“ stänneg an ouni Zoustëmmung fir kommerziell Zwecker genotzt gëtt.

Knetzel

Via Instagram huet sech d‘Greta Thunberg dozou geäussert. Well esouwuel säin Numm wéi de Numm vum Mouvement „mëssbraucht“ ginn, hätt hat elo entscheet den eegene Numm, Fridays for Future, Skolstrejk för klimatet asw. als Marke registréieren ze loossen. An dat ass keng domm, dës „Marken“ hunn tatsächlech ee Potential, an et gi längst net nëmme méi déi Jonk ugeschwat.

Eppes fir déi wou lues vu Begrëff sinn

Fir déi eng ass et en iwwerraschende Schratt, fir déi aner de Beweis, datt d‘Greta, oder villméi seng Elteren, vun Ufank geplangt hunn, aus dëser Aktioun de maximale Profit erauszehuelen. Et wier der Knetzel guer näischt um Klima geleeën, dat Ganzt wier eng eenzeg Marketingshow an et wier der Studentin wéi sengen Eltere vu Ufank un nëmmen ëm dat ganz grousst Geld gaangen.

KnetzelWien esou denkt wéckelt sech wahrscheinlech och Aluminium ronderëm de Kapp wann hie sech d‘Noriichten op RTL ukuckt… mee eppes méi seriéis: Hei stellt sech beim „Markeschutz“ dach emol als éischt d‘Fro viru „wat“ a viru „wiem“ wëll ee sech schütze wann, een en Numm oder eng Bezeechnung als Mark androe léisst (wat iwwregens net geschenkt ass)? Déi zweet Fro, déi sech stellt: wëll een dës „Mark“ dann uschléissend och vermaarten?

KnetzelAn de sozialen Netzwierker ginn déi „einfach gestreckte“ Géigner vun enger T-Shirt Flut aus, déi e Milliounen, jo esouguer e Milliardegeschäft géife bedeiten. Anerer stellen d‘Fro, ob een elo muss eng Demande maache wann ee Freides demonstréiere wëll. Esou ee Blödsinn kritt erstaunlech vill Zousproch, an och mir stellen eis drop an, als „agent Provocateur“ a Komplize bezeechent ze ginn.

Ëm wat et an der Finalitéit geet

Dat gutt un de „Kritiker“ ass, datt si méi wéi all aneren derzou bäidroen datt dës Marken elo op der ganzer Welt bekannt sinn. A Bekannt sinn, ass fir eng „Mark“ ëmmer déi beschte Viraussetzung, an et sollt een ëmmer bedenken, datt och eng „schlecht“ Reklamm, nach ëmmer eng Reklamm ass. Hei geet et dann och nach ëm ee reelle „Problem“ deen eenzeg an eleng de Mënsch léise kann.

A Finanzmëttel, déi de Mouvement méi „professionell“ maache kënnen, d‘Fuerschung an Aktioune méiglech maachen, déi ouni Geld net erdenklech ass, sollten ëmmer wëllkomm sinn. Zudeem – och wann dem Greta seng Géigner do aner „Beweiser“ wëllen hunn – ass d‘Stëftung „ouni Gewënnzweck. Et geet ëm d‘Promotioun vun der Ekologie, der klimatescher wéi sozialer Nohaltegkeet, mee och ëm déi mental Gesondheet.

KnetzelAn natierlech kann de Schoss och no hanne lassgoe wann hei Feeler gemaach ginn. Eng Mark ass haut näischt Kënschtleches méi, dat sech mat „Visioune“ beschäftegt, mee eng Mark muss Wäerter erëmspigelen déi och agehale ginn. Dës Mark steet a Konkurrenz zu etabléierten Nimm wéi WWF oder Greenpeace, huet awer eng aner Clientèle. Et ass och keng Institutioun mee eng Beweegung!

mat indymedia/ber/lon

Foto: Fridays for Future als agedroe Mark. Fir vill Kritiker dat eigentlecht Zil hannert dem Greta Thunberg sengem „verlugene Kampf fir de Klima“ bei deem et vun Ufank nëmmen drëms gaange wier dat grousst Geld ze maachen. Datt deem net esou ass, an d‘Stëftung den Aktiviste weltwäit wäert zerguttst kommen, dorops muss een elo vertrauen, esou wéi dës jonk Damm zu Kobe (Japan). © FridaysForFuture – Kobe

Related topics Agedroe Mark, Fridays fot Future, Greta Thunberg, Klimaaktivistin, Klimakris, Klimawandel, Skolstrejk för Klimatet, Stëftung
Next post Previous post