Eng Kris am Grenzberäich

NATO-Partner Tierkei setzt Reesbeschränkunge fir Wäissrussland ëm, polnesch Grenzschützer setzen sech fir de Schutz vun eise Wäerter an

Wärend d‘Lag un der europäescher Ostgrenz weiderhin ugespaant bleift, huet Bréissel éischt diplomatesch Erfolleger Opweises. Dat hëlleft den dausende Flüchtlingen/Migranten, déi tëscht d‘Fronte gerode sinn net. Um Méindeg sollten d‘EU-Ausseminister, nieft Sanktiounsprojeten eventuell och déi humanitär Situatioun vun dësem Konflikt berécksiichtegen.

Zu Ankara jiddefalls, wou ee wuel erkannt huet, datt d‘Kooperatioun mat Minsk dach eppes ze vill ersiichtlech war, hunn dem Sultan seng Leit sech derzou duerchgerongen, fir gewësse Staatsbierger net méi vun der Tierkei a Wäissrussland ausreesen ze loossen. Déi tierkesch Loftfaartverwaltung huet matgedeelt, datt d‘Ursprongsland vun der Reesenden ee Krittär fir de Kaf vum Ticket gëtt.

Offiziell geet et drëms – nodeems ee selwer ganz aktiv matgespillt huet – der Unioun an der NATO ze demonstréieren, datt een net nëmmen ee „Partner“ ass, mee och nach migratiounsresilient ka sinn, wann et sech politesch verwäerte léist. An der Tatsaach ass allerdéngs éischter esou, datt sech Ankara als Alliéierten net wollt indirekt europäesche Sanktiounen aussetzen. Do leeft jo grad eng.

Vu Bréissel aus koum jo d‘Warnung, datt et zu Strofmoossnamen an/oder Sanktioune géint all déi Fluchgesellschafte komme wäert, déi „gewëssen Individuen“ a Richtung Minsk befërderen. Déi vun Ankara getraffen Decisioun gouf zu Bréissel begréisst. D‘Kommissioun hofft elo, datt elo manner Mënschen aus aarmen oder konflikträiche Länner „gehollef“ kréien d‘EU-Grenz ze erreechen.

Am Irak, wou ee maximal op de Goss aus der Europäescher Unioun ugewisen ass, an ee wuel och soss seng „Partner“ net wëll enttäuschen, gouf ugeuerdent de Migranten d‘Ausrees a Richtung Wäissrussland ze ënnersoen. Et geet esouguer esouwäit, datt Bagdad versicht mat Warschau an och Moskau ee méigleche Rapatriement vun de Iraker un der Grenz zu Polen ze koordinéieren.

Dat verhënnert net, datt Bréissel elo eng sougenannt „schwaarz Lëscht“ vun de Fluchgesellschaften ugeluecht huet, déi Wäissrussland ufléien. Direkt ugesprach goufen der och: Air Arabia, Air Maroc, Egypt Air, Emirates, Etihad, Flydubai an Iraqi Airways. Laut dem Spriecher vun der Kommissioun hunn all dës Gesellschaften d‘Doleance vun der EU verstanen an déi gewënschten Zousoe gemaach.

Wéi et un der Grenz zu Wäissrussland ausgesäit

Wärend elo de groussen diplomateschen hin an hir éischt Resultater versprécht, sollt een awer net vergiessen, datt et sech un der Grenz zu Polen nach ëmmer ëm Mënschen handelt. An d‘Polen hunn do eng schonn eppes gewinnungsbedierfteg Approche, wat et drëms geet d‘Leed vun dëse Leit an enger aner Dimensioun ze féieren. Natierlech gouf Suerg gedroen, datt et hei keng Zeien huet.

De gesamte Grenzberäich ass jo Noutstandsgebitt: d‘Medien (bis op selektionéiert Ausnamen) an Hëllefsorganisatiounen hunn hei keen Zougang. Dat huet am offizielle Wuertlaut natierlech nëmme Sécherheetsgrënn. Leider ass bekannt datt Polen net wierklech eng Demokratie a folgerichteg och kee Rechtsstaat ass. Déi polnesch Regierung huet ganz besonnesch Leit un d‘Grenz „delegéiert“.

Si hunn net nëmmen den Uerder d‘Grenz dicht ze halen, mee erwisenermoossen och Carte Blanche bei der Auswiel vun de Mëttel a Methoden, mat deenen een déi onerwënscht Flüchtlingen/Migrante ka vum Andréngen a Poolen, an esou an déi Europäesch Unioun, ofhalen. Déi eenzeg Zeie vun de Pushbacks, sinn d‘Hooligans vun der Grenzschutzagence Frontex, a déi maache bekanntlech mat.

Faiten déi esou scho vum héijen UN-Kommissär Filippo Grandi (UNHCR) denoncéiert goufen. Jo esouguer bannent der Kommissioun, affichéiert ee Bedenken am Bezuch op déi ugewannten Aart a Weis wéi hei „“Grenzsécherung bedriwwe gëtt. Pushbacks sinn natierlech illegal, wann een dës awer net beleeë kann. Richteg ass och, datt Polen sech net vun der EU kommandéiere loosse wëll.

Warschau wëll dann och keng Frontex-Beamten u senger Grenz. Wann et keng Beweiser fir illegal Zeréckweisungen huet, setzt e sech jo kenge weider „Sanktiounen“ oder sonsteger Kritik aus. Méi generell wier nach ze notéieren, datt d‘EU no 2015 seng Migratiouns- an Asylpolitik absichtlech verschleeft, zumindest um Niveau vun der Stats- a Regierungscheffen, ass dat net ze dementéieren.

Europa huet sech derzou entscheet – wann et och net esou gesot gëtt – bei der Awanderungspolitik méi restriktiv virzegoen. Wuel wëll een erkannt huet, datt ee keng Fluchtursaache bekämpfe kann, déi ee selwer duerch ugewannten Aussepolitik erbäiféiert. Dat geet allerdéngs nëmme well d‘EU-Bierger selwer, vun hiren Dirigenten erwaarden d‘Migranten/Flüchtlingen aus Europa erauszehalen.

mat indymedia/bru/tlv/waw

Foto: Just datt ee sech engem Fakt sollt bewosst bleiwen: dat si Mënschen! Sécher goufen si hei instrumentaliséiert a hunn, bewosst oder onbewosst de Risiko op sech geholl. Op ee se allerdéngs sollt mat voller Absicht erfréiere loossen… © CGTN

Dernières nouvelles