Search

You may also like

Multimodalitéit fir jiddereen
International Neiegkeeten

Multimodalitéit fir jiddereen

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, hunn d‘CFL, d‘Stad Lëtzebuerg,

Muss een d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks encadréieren?
International Neiegkeeten

Muss een d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks encadréieren?

Wat richteg ass fir den Tubak, ka fir den Alkohol

INL: Diplomer fir déijéineg, déi Lëtzebuergesch bäibrénge wëllen
International Neiegkeeten

INL: Diplomer fir déijéineg, déi Lëtzebuergesch bäibrénge wëllen

2018/2019 huet den Institut national des langues (INL) scho fir

Eng landwirtschaftlech Entrevue mat villen Diskussiounsthemen

Eng landwirtschaftlech Entrevue mat villen Diskussiounsthemen

De Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der ländlecher Entwécklung huet gëschter um Conseil „Landwirtschaft a Fëscherei“ deelgeholl.

Ugefaangen huet de Moie mat legislativen Aktivitéiten. Bei der ëffentlecher Wieler-Sessioun huet Lëtzebuerg kloer géint déi kontrovers Copyright-Direktiv gewielt. Trotzdeem ass d’Direktiv mat grousser Majoritéit am EU-Parlament an am Conseil zu den Auteursrechter am digitale Beräich ugeholl ginn. An der Deklaratioun tëscht Holland, Polen, Italien a Finnland bedauert Lëtzebuerg, datt dës Moossnam kee Gläichgewiicht tëscht dem Schutz vun de Rechter an den Interesse vun de Bierger an Entreprise schaaft. Esou ginn Innovatiounen un hirer Entwécklung gehënnert amplaz dës ze fërderen. Och op d’Konkurrenzfäegkeet um digitalen europäesche Maart wäert dës Decisioun een negativen Impakt hunn.

Uschléissend ass et mam Echange zu de Reformen an der gemeinsamer landwirtschaftlecher Politik (PAC) gaangen,, déi no 2020 ugeholl soll ginn. An dësem Kontext ass et dann och ëm déi ekologesch Architektur gaangen, woubäi virun allem déi agro-environnemental Hëllef, déi d’Bauere vir eng méi nohalteg Aarbecht kréien, uviséiert ginn ass. De Minister Romain Schneider erkläert, datt d’Memberstaaten genuch Flexibilitéit behale mussen, vir esou Fërderungsmoossnamen ze privilegéieren an de Budget op Héicht vun eisem ambitionéierten Niveau oprecht ze halen.

No engem diskussiounsräiche Mëttegiessen ass den Nomëtteg viru gaange mat engem Echange zum finale Rapport vum Task Force zum ländlechen Afrika, woubäi dëse Secteur gestäerkt soll ginn an d’Roll vun der EU beim Schafe vun Aarbechtsplazen an der Fërderung vun der ekonomescher Entwécklung optimiséiert soll ginn.

Zum Schluss ass et ëm d’Ofholzung vun de Bëscher gaangen. De Minister Romain Schneider huet sech hei vir een Aktiounsplang ausgeschwat, bei der ee géint de Verfall an d’Entwaldung ukämpft.

Opmacherfoto: (v.l.n.r.) Geroges Ternes, stellvertriedende Representant vun der EU; Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der ländlecher Entwécklung © EU

Related topics Afrika, Copyrightreform, EU, Landwirtschaft, Romain Schneider
Next post Previous post