Search

You may also like

Editorial: SUPER LEAGUE – Um Wee vum Doud vum Fussball?
Business Neiegkeeten

Editorial: SUPER LEAGUE – Um Wee vum Doud vum Fussball?

E Putsch. D’Wuert kléngt staark, ma dat ass gëschter Moie

Editorial: D‘Rentrée mat Zouversiicht ugoen
Business Neiegkeeten

Editorial: D‘Rentrée mat Zouversiicht ugoen

Um Apero ee Sonndeg, war d‘Rentrée – gemengt ass zwar

Lockdown fir den Empire
Business Neiegkeeten

Lockdown fir den Empire

De Brittesche Premierminister Boris Johnson zitt d‘Noutbrems – ab en

Erëm eng Lëtzebuerger Enseigne verluer…

Erëm eng Lëtzebuerger Enseigne verluer…

Zu Lëtzebuerg schwätze mir virzuchsweis franséisch, mee zéien et fir eis Entreprisen de Preisen ze verklappen. No Paul Würth, engem industrielle Segment a fréier Visittekaart fir de Lëtzebuerger Stolsecteur, ass et elo um Kleederbuttek Bram sech an däitsch Hänn ze beginn.

Eise Mediepartner huet eis op en Artikel an der Wirtschaftszeitung „TextilWirtschaft“ opmierksam gemaach, aus deem ervirgeet, datt no ville Gerüchter d‘Handelsketten „Breuninger“, sech elo awer dat Münchener Traditiounshaus „Konen“ gekroopt huet, zu deem och de Kleederbuttek Bram (wéi een androcksvoll un den Zwillings-Homepagen erkenne kann) gehéiert.

Iwwername bedeite seele Guddes fir déi Beschäftegt, firwat elo d‘Gewerkschaften dierften eppes alarméiert sinn. Laut „TexilWirtschaft“ wëll Konen seng Mataarbechter scho muer Méindeg iwwer déi nei Situatioun informéieren. Ob dësen Deal Afloss op déi wirtschaftlech Zukunft vum Bram a virun allem fir d‘Zukunft vun de Mataarbechter huet, dat ass net gewosst.

Eng Ausso säitens Bram gëtt sech fir muer am Nomëtteg erwaart, woubäi dat natierlech nach aus Däitschland muss autoriséiert ginn. Och d‘Personaldelegatioun misst elo zäitno Stellung zu dësem Deal tëscht Breuninger a Konen huelen. Mee iert een d‘Mauere schwaarz tapezéiert, muss een sech emol op d‘Folge vun dësem Deal astellen. Nach gouf kengem gekënnegt.

mat indymedia/muc/str

Illustratioun: © Sara Kufeß / unsplash

Related topics Bram, Breuninger, Iwwernam, Konen, Textilbranche
Next post Previous post