Politmonitor: eng lukrativ Farce (Kommentar)

Et ass net dat Sondagen sech duerch en héijen Informatiounswäert géifen auszeechnen, anersäits sinn se ee gutt Mëttel fir Afloss op Politik a Wieler gläichermoossen auszeüben. Also theoretesch, well den Ament hänken déi publizistesch Wierker hiert Hiem éischter a Wandrichtung op.

Déi vu Bertelsmann/Mediahuis bei der Kristallkugelfirma TNS-Ilres bestallten Zuelen, pardon dat heescht offiziell Sondage, solle jo quasi eng Momentopnam vun der politescher Akzeptanz bei eis am Land sinn, woubäi d‘Zilsetzung erwisenermoossen eng aner ass. Dat gewosst kann ee sech dann awer dëser, mat knapp iwwer Dausend Sondéierten, Ëmfro net wierklech vollstänneg entzéien.

An natierlech sollt een wéi et eis hollännesch a germanistesch gepräägte Kolleege maachen, dës Zuelen notze fir Schlagzeilen erauszeklappen. Am Fong soll et genotzt gi fir ze ënnersträichen, datt d‘Revelatiounen zum DEA vum Premierminister Xavier Bettel sengem Ruff geschuet hunn an elo eng Damm, fréier Riichterin um Verwaltungsgeriicht, net Kandidatin, jo net emol op der Lëscht vun der LSAP, an der Gonscht vum Pöbel steet.

Natierlech huet et Versteesdemech, datt d‘Leit mat der Aarbecht vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert éischter Zefridde sinn. Déi grouss Majoritéit stellt sech jo bekanntlech hannert all d‘Mesuren a Recommandatiounen. De Bierger erkennt Kompetenz a Sympathie un, firwat déi allermeeschte wuel och de Verfassungsreferendum net fir noutwenneg oder Zilféierend halen.

Politmonitor

De Stengeforter Ausseminister, och ee Sozialist, behält seng zweet Plaz. De Jean Asselborn, een allsäits bei de Leit beléiften an vun dësen och geluefte Politiker läit domadder, virum defiziente Premierminister, deen op déi drëtt Plaz ofgerëtscht ass. Interessanterweis, ass de Bettel mat -8 Punkten, nach ëmmer besser opgestallt a méi beléift wéi de Claude Wiseler vun der CSV (-9).

Zefriddestellend – jo och mir sichen eis just eraus wat passt, firwat sollte mir et anescht ugoen, wéi d‘Optragsgeber vum Sondage – dann awer d‘Feststellung, datt op Plaz fënnef vum Ranking, de Sven Clement vun der Piratepartei als wierklech deen eenzegen (vun den Top Ten) seng Positioun net nëmme bestätegt, mee mat +3 Punkten esouguer d‘Taina Bofferding (+0) ëm Längte klappt.

Ënnert den Top zéng ass leider keng gréng Politiker. D‘Sam Tanson (Justiz & Kultur) kënnt awer op Plaz eelef. Wann et Sënn an Zweck vum Sondage war ëner beweis ze stellen, datt d‘Leit et mat der Regierung, also villméi de Käpp déi d‘Regierung an d‘Chamber representéieren net méi ganz esou gären huet, dann ass et sech opgaangen. An et ass jo ee representativen a wëssenschaftlech ganz notabele Sondage, deem ee säi Vertraue schenke sollt.

Annex: de Politmonitor

© Tim Hüfner / unsplash

Latest news
Related news