Search

You may also like

D’Weltgeschicht an 20 Minutten? Kee Problem!
Neiegkeeten Stories

D’Weltgeschicht an 20 Minutten? Kee Problem!

Et ass schnell eriwwer, wann een sech nëmmen op di

Eise Premier soll säin antidemokrateschen Toun ënnerbannen
Neiegkeeten Stories

Eise Premier soll säin antidemokrateschen Toun ënnerbannen

D’Pirate sinn erschreckt iwwert d’Aussoe vu gëschter vum Premierminister Xavier

Mali: No Meuterei gëtt de President säi Mandat op
Neiegkeeten Stories

Mali: No Meuterei gëtt de President säi Mandat op

Zaldoten hunn den Ibrahim Boubacar Keïta, President vun dësem westafrikanesche

Henri Kox, ee Minister hannert der Police

E Freideg huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet seng Virstellung vun enger moderner Police presentéiert an och direkt erkläert wéi dat gelénge wäert

Henri Kox, ee Minister hannert der Police

Och an der Politik hat et Zäite ginn, wou Mënsche „mat Visiounen“ gerode gouf ze „consultéieren“, mee d‘Zäiten änneren sech, a wann ee „Visiounen“ duerch „Perspektiven“ ersetzt, ergëtt sech nees e Sënn. An apropos „Sënn“: sënnvoll wier et de Sträit mat der Policegewerkschaft SNPGL – dee jo aktuell iwwert d‘Medien ausgedroe gëtt – am konstruktiven Dialog bäizeleeën.

Datt et géintiwwer de Police kritesch Téin huet, dat dierf hei preziséiert ginn, huet absolutt näischt mam Engagement vun de Männer a Fraen ze dinn, déi all Dag fir eis Sécherheet astinn. Et huet der einfach ze mann, an d‘Iwwerstonnen zielt längst kee méi. D‘Bierger, besonnesch a sougenannte Brennpunkten, geséichen allerdéngs gäre méi „Presenz“ vun der Police um Terrain.

Och d‘Stied an d‘Gemenge sinn „Demandeuren“, a mangels Police-Effektiver, sinn dës genéidegt op privat Sécherheetsentreprisen zeréckzegräifen. Bei der Ofsécherung vun Evenementer oder soss Volleksfester mécht dat duerchaus Sënn. Wann déi „schwaarz Sheriffer“ allerdéngs Patrullen an de Stroosse vum Garer Quartier oder der Uewerstad maachen, erginn sech och Problemer.

Dem Minister, wéi wuel och der Direktioun vun der Police, kann dësen – wann och verständlechen – Asaz vu „Privaten“ net gefalen. Den Henri Kox huet sech jo an de leschte Woche verstäerkt op der Plaz ëmgekuckt. Dat hien sech an dësem Kontext eppes onglécklech (bezunn op genannt Zuelen) ausgedréckt huet ass dat eent, datt dorausser ee Konflikt mat der SNPGL entstanen ass, dat anert.

Just ee Stéck vum Puzzle

Elo ass den Henri Kox dann nach der Meenung, datt d‘Police keng Léisung fir „Alles“ ass, mee just ee Stéck vum Puzzle. Richteg wier, datt sech d‘Police muss moderniséieren a frëscht Blutt brauch. Hie weist drop hinn, datt zanter der Policereform am Joer 2000, net méi wierklech vill geschitt ass. Hei hätt de Minister nach kënnen ënnersträichen, datt dat ee politesche Choix war.

Gutt dann och, datt de Minister fir bannenzeg Sécherheet unerkennt, datt d‘Membere vun der Police sech eeschthaft fir d‘wuel vun de Bierger engagéieren. Den Henri Kox weess och wéi en Drock op de Beamte läit, déi sech mangels Effektiver oft zimmlech eleng gelooss fillen. Dat leider och vill ze oft säitens hirer Hierarchie. Woubäi och den Direkter vun der Police ka keng erbäizauberen.

Kënnt nach derbäi, datt ofgesi vun enger de Besoine vum Service ugepasste Personaldecken, et och bei der „Technologie“ net zum beschte steet an vill Infrastrukturen an engem éischter desolaten Zoustand sinn. De Minister huet dann awer gëschter verséchert, alles ënnerhuelen ze wëllen, fir de Retard vun de leschten 20 Joer opzehuelen. D‘Police soll nees méi Biergerno ginn.

Interessant an iergendwéi bedauerlech zugläich, de Minister huet sech nach emol un den Zuelen, bezunn op de Garer Quartier, festgebass. Seriéis an novollzéibar Zuelen, huet leider nach ëmmer net an engem fir de Bierger verständlechen Ëmfang. Gëschter gouf d‘Zuel vun 80 Beamten, déi dem Kommissariat Gar (RTL-Interview) ugeschloss sinn, op 70 revidéiert. Ob dat elo definitiv ass?

De Minister stellt nämlech fest, datt fir d‘Presenz – ronderëm d‘Auer – vun engem uniforméierten Agent an engem Quartier kann assuréiert ginn, brauch et 5,2 Polizisten. Fir eng Patrull muss een dat mol zwee huelen. Kléngt opschlossräich, leet awer net oppen, wéi vill Beamten et dann elo reell brauch, fir eben d‘Missiounen/d‘Patrullen am Garer Quartier ze assuréieren. Esou gëtt et näischt.

Kommunikatioun sollt verständlech sinn

Ëmmer erëm mat Zuele ronderëm sech geheien, an drop hoffen datt d‘Medien dat schon wäerten zortéiert kréien, an och déi richteg Interpretatioun fir dem Minister seng Visiounen am Tirang leien hunn, ass keng „Kommunikatioun“ am eigentleche Sënn. Do verléisst ee sech léiwer op déi vun der Policegewerkschaft SNPGL genannten Zuelen. Déi sinn um Terrain, also un der Informatiounsquell.

Well elo och de Minister weess, datt dat mat den Zuele betreffend d‘Polizisten „um Terrain“ dënnt Äis ass, gëtt sech nees méi Grondsätzlechem zougewannt ginn: Digitaliséierung a Rekrutement. Et ass jo gewosst, datt den Effektiv vun der Police, vun elo ronn 2.450 op 3.150 (bis 2026) soll ugehuewe ginn. Geduecht gëtt u 620 Beamten an nach emol 240 „zivil“ administrativ Beamten.

Déi éischt 200 Rekrutte sollte schonn am Mee an d‘Policeschoul goen. Iwwer 800 Kandidaten hunn den test gemaach. Well d‘Infrastruktur op der Kalchesbréck net esouvill Plaz huet, sinn nëmmen déi „bescht“ zeréckbehale ginn. Déi nei Schoul soll déi al Infrastruktur um Verluerekascht ersetzen an och den Inhalt vun de Formatioune soll nach emol op de Leescht geholl ginn, esou de Minister.

Et gëtt nach emol drop higewisen, datt ausser der Renovatioun vun de bestoende Kommissariater, och neier sollen entstoen. Den technologeschen (Informatik) Ausbau soll gläichzäiteg virugedriwwe ginn. Mat der Digitaliséierung erhofft sech de Minister eng besser Vereenheetlechung vun der Aarbecht. Déi nei Technologië sollen sech dann och positiv op d‘Aarbechtszäit néierschloen.

De „Programm“ fir d‘Gestioun vun dësen Aarbechtszäiten, soll schonn am Juli bereet stoen. Zur Rentrée am September kënnt nach en Internetportal derbäi, an da sollen och d‘Beamten endlech déi lescht Generatioun „Hardware“ an de Grapp gedréckt kréien. An dësem Kontext huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet nach emol de Pilotprojet (remise-Reprise) vum Kommissariat Gar erläutert.

Et brauch nach Erkenntnisser

Ausser dem Rekrutement, der Modernisatioun vun der Police a sengen Infrastrukturen, wéi och déi ugeschwaten Digitaliséierung, gëtt nach eng Rei net esou visibel Chantieren. De Minister huet esou ugekënnegt, datt säi Ministère eng Rei Etüden an Optrag ginn, Rapporten an Note bestallt huet, mat deenen d‘Aarbecht vun der Police evoluéiere kann a Kriminalitéitsproblemer besser verstane ginn.

Donieft muss och d‘Gesetz vun 2018 – hei betreffend de Sécherheetsperimeter an de Plazverweis – ugepasst ginn. D‘Gesetz vun 2002, dat de „Gardiennage“ (schwaarz Sheriffer) an d‘Kompetenze vun de kommunalen Agenten (Pechert) reegelt, soll och nach emol de Leescht geholl ginn. Fir emol de Punkt ze maachen, soll sech d‘Generalinspektioun vun der Police mat de „Private“ beschäftegen.

Gemengt ass eng Enquête vun de private Sécherheetsfirmaen, déi a fënnef oder sechs (?) Gemenge géife fir Recht an Uerdnung suergen. Wéi een androcksvoll feststelle kann, hunn dem Minister seng Leit zolidd Aarbecht op der Lee. Wann dës am Interesse vun der ëffentlecher Sécherheet, wéi och am Respekt vun den Aarbechtskonditioune vun der Police erleedegt ginn, kann et besser ginn.

An dësem Kontext bleift drop hinzeweisen, datt bei esou enger alles ëmfaassender „Revisioun“ ee gutt beroden ass, och d‘Sozialpartner an d‘Prozedur anzebannen. Ugesiichts dem bestoenden Dissens tëscht dem Henri Kox an der SNPGL, wier eng klärend a virun allem konstruktiv Entrevue mat Personalvertrieder wënschenswäert. Zudeem wier et probat, novollzéibar Zuele virzeleeën.

Illustratioun: athree23 / pixabay

Related topics Digitaliséierung, Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Modernisatioun, Police, SNPGL, Visiounen
Next post Previous post