Search

You may also like

Wat geheim ass muss geheim bleiwen
Meenung

Wat geheim ass muss geheim bleiwen

Et hat wéinst de Policefichieren an aner dubiéis Datebanken –

Fierkel kloe viru Geriicht: Kastratioun just nach mat Narkos!
Meenung

Fierkel kloe viru Geriicht: Kastratioun just nach mat Narkos!

Genau wéi d’Mënsche verdéngen och Déieren d’Recht op Liewen, Fräiheet

Mike Pompeo kritiséiert d‘Briten a warnt Griicheland
Meenung

Mike Pompeo kritiséiert d‘Briten a warnt Griicheland

Den amerikaneschen Ausseminister Mike Pompeo huet sech gëschter zolidd geiergert.

Eng Molstonn op Lëtzebuergesch

Eng Molstonn op Lëtzebuergesch

Wéi geet et der Lëtzebuerger Sprooch? Dat ass eng vun deene Froen, déi d’Leit hei am Land am meeschte beschäftegen. E Beweis dofir dierft déi Viralitéit sinn, déi bal all Post op de soziale Netzwierker zu dësem Thema gesäit. Dat stëmmt ëmsou méi, wann et eng Säit wéi Wee 2050 / Nee 2015 eppes zu deem Thema post.

Et kéint een elo Säiten a Säiten iwwert déi Page schreiwen. An et wier sécherlech passend, wann een dat hei géif maachen, gëtt dach hei alles op Lëtzebuergesch publizéiert. Mee et steet ëmmer d’Fro am Raum, wéi vill Plaz een der Argumentatioun vun där Säit araume wëll. Dowéinst muss ech mech op eenzel Punkte konzentréieren.

Statistiken sinn sou eng Saach. Zuele schwätzen zwar anscheinend fir sech, mee jidderee leet se an de Statistiken esou aus, wéi e wëll. Alarmistesch geet Wee 2050 / Nee 2015 hin, a beschreift mat enger Statistik en Ofwäertstrend: Prozentual betruecht geet den Deel vu Lëtzebuergeschschwätzenden an eiser Gesellschaft erof. Esou sollen et just nach ëm déi 67% sinn, déi Lëtzebuergesch schwätzen.

D’Tatsaach, datt méi Persoune Lëtzebuergesch kënne wéi jeemools virdrun, gëtt ausgeblend. „Déi absolut Zuel vun deenen, déi Lëtzebuergesch schwätze KËNNEN, ass net relevant fir d’laangfristegt Iwwerliewe vun enger Sprooch.“ Dat ass eng (onbeluechten) Ausso, déi kritiséiert muss ginn. Wann d’Spriecherzuel eropgeet, verbessert sech d’insgesamt Situatioun vun enger Sprooch, well méi Leit mateneen dës Sprooch schwätze kënnen. Ze behaapten, datt et onwichteg wier, widdersprécht de Kritäre vun der UNESCO, wat d‘Vitalitéit vun enger Sprooch ugeet. Do spillt d‘Proportionalitéit natierlech och eng Roll.

Am Post gëtt och erëm behaapt, datt d’UNESCO zur Konklusioun komm wier, datt d’Lëtzebuerger Sprooch „bedrot“ wier. Eng Ligen, d’UNESCO huet Lëtzebuergesch „nëmmen“ als „vulnerable“, also verletzlech, bezeechent. An d’Ausso „WANN DE PROZENTSAZ ËMMER MÉI EROFGEET, WÄERTEN AM ALLDAG ËMMER MANNER LEIT LËTZEBUERGESCH SCHWÄTZEN, AN EIS SPROOCH WÄERT ËMMER MÉI SÉIER VUN ANERE SPROOCHEN VERDRÄNGT GINN.“ (massive Capslock gouf aus dem Original iwwerholl) ignoréiert komplett, datt d’Méisproochegkeet d’Realitéit vu Lëtzebuerg duerstellt. Eng Sprooch verdrängt net einfach déi aner. Mee offensichtlech dréit sech de Wee 2050 / Nee 2015 dat esou, wéi en dat gären hätt. Fräi nom Schema „Ich mal mir die Welt, wie sie mir gefällt.“

UPDATE 14.07.2017. 13:00: UNESCO Status gouf besser erkläert.

Related topics Lëtzebuergesch, Nee2015/Wee2050
Next post Previous post