Search

You may also like

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Beréngung
International Neiegkeeten Stories

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Beréngung

Beim ABC vun der Natur treffe mir op de Buschtaf

Tëscht dem Uschi an dem BoJo gëtt et Gespréichsbedarf
International Neiegkeeten Stories

Tëscht dem Uschi an dem BoJo gëtt et Gespréichsbedarf

Um Freidegowend sinn d‘Gespréicher zu de Verhandlunge fir en Handelsofkommes

Biissen a Google… e Projet mat Héichten an Déiften
International Neiegkeeten Stories

Biissen a Google… e Projet mat Héichten an Déiften

Den Datenzenter vu Google, deen sech d‘Regierung gewënscht, vun den

Eng nei Aussepolitik fir de britteschen Empire

D‘Britten hätte gäre méi Afloss op fréier Krounkolonien a wëllen Atomwaffenarsenal erneieren

Eng nei Aussepolitik fir de britteschen Empire

Nodeems de brittesche Premierminister ganz erfollegräich de Brexit gemeeschtert krut an esou säi Vollek nees an d‘Fräiheet gefouert huet, muss de Boris Johnson och d‘Jalone setzen, fir den Empire nees zu enger Weltmuecht mat Format ze maachen. Befreit vum Bréisseler „Joch“ dierfen d‘Britten elo nees hir Aussen- an Handelspolitik selwer bestëmmen.

Mat de „beschte Frënn“ – gemengt si mir Europäer – leeft et den Ament net gutt. Eigentlech leeft et guer net, an d‘EU-Kommissioun huet schonn en éischt Verfare géint d‘Johnson-Regierung ageleet, well sech net un déi vertraglech vereenbaart Douaneskontrollen tëscht de brittescher an der irescher Insel gehale gëtt. Eng Tendenz zur Berouegung tëscht den NATO-Partner ass och net ze erkennen.

Aussepolitik

Woubäi elo och gewosst war, dat d‘Britten ënnert der Leedung vum exzentresche Boris „King of the World“ Johnson, nach eppes Leidenswee virun sech hunn. Déi brittesch Regierung huet sech dann emol virgeholl, sech aussepolitesch nei ze orientéieren. Am Kontext vun der Verdeedegungspolitik huet London och Gréisseres wëlles, woubäi de Schwéierpunkt hei déi atomar Oprëschtung ass.

No iwwer Dezenien vun der Ofrëschtung, well sech den Empire militäresch nees als respektabel Kampfmaschinn um geostrategesche Schachbriet etabléieren. Et géif vill Krisen op der Welt. Vill ze vill Krise wann een dem brittesche Premier folge kann. Deen huet déi grouss Bedreeungen an déi méiglech Konflikter „vu muer“ an engem Dokument zur strategescher Neiausriichtung festgehalen.

Atomwaffen: déidlech awer esou praktesch…

Well sech d‘Sécherheetsëmfeld verännert, d‘Bedreeungen aus alle Richtunge kommen, an déi sech esou technologesch wéi ideologesch op engem ni do gewieschten Niveau befannen, brauch et elo zwéngend ee „Minimum“ un Ofschreckung, firwat dat brittescht Atomwaffenarsenal muss erneiert an ausgebaut ginn. A well een Atomwaffen explizit net Asetze wëll, brauch et ganz vill dovunner…

Wéi vill Sprengkäpp d‘Queen ënnert der Kroun verstoppt, weess natierlech keen, zumindest net Offiziell, a weder d‘CIA nach de Mossad gëllen als vertrauenswierdeg Quellen. Offiziell heescht et säitens de Britten, datt een d‘Unzuel u Sprengkäpp vun elo 180 op 260 Eenheete bis 2025 wëll erhéijen. Jee no Source, soll de Boris Johnson aktuell 120 aktiv, also asazbereet Atomwaffen hunn.

Säitens de brittescher Regierung gëtt lëschtegerweis nach ënnerstrach, datt Groussbritannien senge Verflichtungen aus dem Atomwaffespärvertrag nokënnt. Et hätt een och net wëlles aner Natiounen ze bedreeën, mee et misst en an der Lag sinn, op Bedreeungen ze äntweren. An als Bedreeung géif et do Russland a China. Woubäi jo och vill aner Natiounen sech en Atomwaffenarsenal wënschen.

Dem Terror méi selbstbewosst entgéinttrieden

Well den Terrorismus déi gréisste Bedreeung fir de Weltfridden ass, et leider net méiglech ass mat politeschen an/oder diplomatesche Mëttel dësen ze beendegen, muss sech och verstäerkt a besser drop virbereet ginn. Aus deem vum Boris Johnson virgeluechten Dokument ass ze enthuelen, datt d‘Terroriste wuel och nei Weeër beschreide wäerten. Den Terror soll eng nei Dimensioun kréien.

Aussepolitik

Esou wéi et d‘Britte verstinn, wieren déi weltwäit agéierend Terrororganisatioune bis 2030 an der Lag, hir Géigner mat der ganzer Panoplie un eigentlech verbuedene Waffen unzegräifen. Gemengt ass hei den Asaz vu chemeschen, biologeschen an nukleare Waffen. Datt d‘Britte selwer ni domat opgehalen hu chemesch a biologesch Waffen ze entwéckelen, erkläert d‘Kenntnis vun der Gefor.

Fir op Nummer sécher ze goen, soll dann en Antiterror-Zentrum geschafe ginn. Zu dësem gehéiert och déi national „Cyber-Eenheet“, déi offensiv Operatioune géint: kriminell Banden, Terroristen a Länner déi als „feindlech“ betruecht ginn, duerchféiert. Och Pandemie bedreeën déi national Sécherheet, firwat et an dësem Kontext och soll eng spezialiséiert Eenheet an en Zenter ginn.

Traditionell mat Asien verbonnen

Well et ëmmer méi offensichtlech gëtt, datt d‘Handelsbezéiunge mat der Europäescher Unioun wuel kenge gudden Zäiten entgéintginn, an ee jo generell éischter den Toun wëll uginn, wéi sech beléiere loossen, brauch et och wirtschaftlech eng nei Orientéierung. Laut dem Premier Boris Johnson hätt sech de geopolitesch-ekonomesche Gravitéitsmëttelpunkt vëlleg an den asiatesche Raum verluecht.

Besonnesch China, Indien a Japan wieren, esou déi brittesch Regierung, déi Natioune wou muer d‘Reegele vum globale Maart géifen opstellen. Hei misst ee mat um Dësch sëtzen, iert dat alles aus dem Rudder leeft. D‘Britte wëllen also elo mat de Chinesen an alle Beräicher zesummeschaffen, déi am Interessi vum Empire, der Queen, der Industrie a Wirtschaft sinn. Mat deenen aneren och…

Fir elo do méiglechst séier ee Fouss an d‘Dier ze kréien, huet London un der Dier vun ASEAN, dem Verbond vun den südostasiateschen Natiounen, ugeklappt. Déi éischt grouss diplomatesch Aktioun soll et schonn am Abrëll ginn. Da wëll de Boris Johnson mam „Papp vun Indien“, dem Narendra Modi déi „nei Zukunft“ beroden. D‘Britte mengen eben, hei besser drun ze sinn, wéi mat der EU.

mat indymedia/lon

Related topics Atomwaffenarsenal, Aussepolitik, Boris Johnson, Empire, Groussbritannien, Oprëschtung
Next post Previous post