Search

You may also like

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?
International Neiegkeeten

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?

Wat den éischten Abléck wéi no enger Krankheet kléngt, ass

surprise
Sozialisteschen Atheismus kontra konservative Fanatismus
International Neiegkeeten

Sozialisteschen Atheismus kontra konservative Fanatismus

D‘Restriktiounen déi d‘Covid19-Gesetz vun der Regierung iwwer Chrëschtdag mat sech

Editorial: Eng Provokatioun sonnergläichen
International Neiegkeeten

Editorial: Eng Provokatioun sonnergläichen

Datt sech den Donald Trump drop konzentréiert zeréckgewielt ze ginn,

Et géif eng nei Pandemie, mengt d‘Bundeskanzlerin

Dem Angela Merkel seng politesch Deeg si gezielt an dësem sougenannte „Super Waljoer“

Et géif eng nei Pandemie, mengt d‘Bundeskanzlerin

Der Bundeskanzlerin Angela „Mutti“ Merkel ass et zanter Ufank vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Sars-COV2, net gelongen, och nëmmen een Usaz vun Zesummenaarbecht tëscht de Bundeslänner an der grousser Politik am allgemengen, hinzekréien. Rezent hat et ee ganze Moment laang den Androck, d‘Bundeslänner hätten et geschéckt, mee nee…

Um Sonndegowend war d‘Angela Merkel zu Besuch beim Anne Will, enger Talkshow mat „Bëss“ déi och vun eise politescher Elitte punktuell ganz opmierksam verfollegt gëtt. A gëschter war et eng éischter onzefridden al Fra, déi no gefillte 50 Joer Herrschaft festgestallt huet: „et gëtt do Leit déi sinn sech dem Eescht vun der Lag net bewosst“. Sinn se wuel, mee et geet och ëm Geld a Muecht.

Wann et sécherlech richteg ass, datt am Kontext vum Federalismus d‘Bundeslänner Verantwortung mussen iwwerhuelen, esou ass net verkéiert ze erwaarden, datt dës Verantwortung am Konsens an esou och op der selwechter Grondlag iwwerholl gëtt. Leider kommen d‘Länner net iwwert de Status vum „gemeinsame Beschloss“ eraus, well keen eent iwwerhaapt drun denkt dat alles ëmzesetzen.

Alles Ligener?

A wann dann esou eng wichteg politesch Figur, wéi d‘Physikerin aus der Uckermark, op der Tëlee verkënnt „Mir mussen déi drëtt Well briechen“ weess een, datt Ongemaach dreet. Gutt et kann een dergéint halen, datt de Fransous Thierry Breton, e Geschäftsmann deen niewebäi EU-Kommissär fir Handel ass, gëschter op LCI verséchert huet, datt Mëtt Juli 70% vun de Leit Immun oder vaccinéiert sinn, an den europäesche Kontinent dann nees seng fréier Fräiheeten zeréckkritt. Ee Widdersproch?

Wärend d‘EU-Kommissioun eng eenzeg Blamage ass, d‘Staats a Regierungscheffen op Sommeten de Géigendeel vun deem soe wat se an den nationale Medien hire Landsleit verklickeren, an d‘Pharmakonzerner sech net un Ofsproochen halen, seet d‘Angela Merkel gëschter: „Mir hunn am Fong eng nei Pandemie“. Dat wëssen natierlech och d‘Ministerpresidenten aus de Bundeslänner, si hunn dat esouguer ganz däitlech selwer esou och gesot. Mee wann ee sech selwer net eescht hëlt.

Kapprëselen hëlleft net

D‘Bundeskanzlerin huet op d‘Risiken higewisen, déi mat de Variante vum Covid19 anhier ginn. Et wier ee wesentlech méi aggressiven a wuel och déidleche Virus, mat deem een et elo ze dinn hätt. Dat et do Politiker huet, déi eng differenzéiert Interpretatioun hunn, mëssfällt „Mutti“, besonnesch well déi meeschte Covid19-Dissidenten aus den eegene Reie kommen. Dat hu Geier esou u sech…

Esou de „Kuele-King“ aus Nordrhein-Westfalen, Armin Laschet (CDU-Virsëtzenden) deem Klima- a Covid19-Kris éischter egal sinn. Him geet et tatsächlech just drëms sech gutt ze positionéieren, fir nom Waldebakel am September eng gutt „Offer“ vun Industrie a Wirtschaft gemaach ze kréien. Mee och d‘Saarland, wou de Tobias Hans (CDU) d‘Nopere gären als „sanitär Geforenzon“ bezeechent, awer trotz eng Inzidenz vun iwwer 130, no Ouschteren nees dat ganzt Bundesland opmaache wëll.

An et gëtt näischt wat d‘Regierung dogéint ënnerhuele kéint. Am Federalismus kann een zesumme wéi „solo“ wat, wéi ee Joer Pandemie gewisen huet, änlech wéi beim „digitalen Ausbau“ net déi gréisste Stäerkt vun eisen Noperen ass. Et wier awer, wa schonn d‘Haushärin muss drop hiweisen, net verkéiert, zumindest ee puer Grondsätzlech gemeinsam Moossnamen an d‘A ze faassen, oder?

Eigentlech egal

Laut der Bundeskanzlerin, bréicht et fir mat der Kris virunzekommen eng Rei zentral Moossnamen: Ausgangsspären, Kontaktverbuet, Homeoffice, Test- an Impfstrategie. An engem Land, wou déi fir d‘Pandemie zoustänneg Verwaltungen, nach per Fax, ee wierklech sécheren Datenaustausch mat einfache Mëttel garantéieren, wier et en Ufank. Leider schéngt d‘Bevëlkerung net méi interesséiert.

D‘Angela Merkel kann also net vill maachen? Vill net, woubäi un ee puer Stellschrauwe kéint si schonn dréinen. Esou huet si gëschter dem Anne Will erkläert, datt si wuel näischt géint schlecht Ministerpresidenten ënnerhuelen, iwwert den Ëmwee vun der Aarbechtsschutzveruerdnung awer, d‘Entreprisen zur Ëmsetzung vum Homeoffice zwénge kann. Dat pickt nees d‘Ministerpresidenten.

De Mercedes Benz Chef-Lobbyist, Winfried Kretschmann (die Grünen) verlaangt eng Konferenz vun de Ministerpresidenten. Där huet et der zu Covid19 scho ganz vill ginn, net eng eenzeg huet en zefriddestellend Resultat Opweises. D‘Angela Merkel huet zudeem och keng Loscht méi, si fuerdert vun de Länner datt gehandelt gëtt. Dat ass éischter ausgeschloss, et kéint als Schwächt gesi ginn…

Eng Blamage

Weise méi der Vollstännegkeet hallwer nach emol drop hin, dat leschte Mëttwoch d‘Angela Merkel héich offiziell, dofir och an Ofsprooch mat de Ministerpresidente verkënnt hat, datt hir Iddi iwwer Ouschteren de Buttek komplett zouzemaachen, awer net esou wierklech gutt war. A well jo just déi droleg Ministerpresident nach eng politesch Zukunft hunn, huet si d‘Schold op sech geholl.

A wärend sech zu Berlin iwwerluecht gëtt, wéi een déi drëtt Well politesch zum eegene Virdeel ka benotzen, huet de medezinnesche Kolléisch vun der Groussregioun Paräis annoncéiert, datt een elo net méi wäert derlaanscht kommen, sech Gedanken zum Triage ze maachen. Dat heescht et gëtt just nach behandelt wien eng realistesch Chance huet ee schlëmme Krankheetsverlaf ze iwwerstoen.

Bei eis gëtt wuel och vun der sougenannter drëtter Well gebraddelt, mee dank massiven Tester an enger virbildlecher Impfstrategie musse mir eis keng Suerge maachen. Zudeem gëtt et deemnächst den digitalen „Impfpass“ mat QR-Code, deen natierlech kengem opgedrängt gëtt an och just an der EU muss unerkannt ginn. Wien allerdéngs drop verzicht, gëtt och vill Grondrechter op, soen se…

mat indymedia/ber/par

Illustratioun: Déi spuenesch Gripp zu Zäite vum 1. Weltkrich, schéngt kee wierklech eescht geholl ze hunn, soss hätt et jo wuel Erkenntnisser iwwert d‘Folge vun esou Pandemien. Et huet sech net vill gedoen, ausser datt ëmmer nees drop higewise gëtt, datt een oppasse soll, wa sech d‘Geschicht net widderhuele sollt. Kollektiv versoen ass méi einfach wéi Zesummenhalt. © Pascal Bernardon / unsplash

Related topics Angela Merkel, Anne Will, Covid19-Pandemie, Däitschland, Federalismus, Politik, Super-Waljoer
Next post Previous post