Search

You may also like

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung
Meenung

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung

An der afghanescher Haaptstad Kabul hu gëschter islamistesch Attentäter eng

Am Schleidergang
Meenung

Am Schleidergang

Am vergaangene Joerzéngt schéngt de Gruef tëscht Republikaner an den

Lëtzebuerger Wäin a Cremant: Optimistesch bleiwen!
Meenung

Lëtzebuerger Wäin a Cremant: Optimistesch bleiwen!

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit

Erëm leiden déi Kleng

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit

Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft ze héieren, datt et net alles sou schlëmm kéint ginn. Datt den Donald Trump, esou bal e bis wierklech President wier, ënner Kontroll géif bruecht ginn. Entweder vum bürokrateschen Apparat oder vu senge Beroder.

Et ass mëttlerweil mat onmëssverständlecher Gewëssheet kloer, datt dëst schlicht net de Fall wäert sinn.

Den Donald Trump huet während dem Wahlkampf d’Versprieche gemaacht, d’Rechter vun LGBTQI-Persounen net ze beschneiden. Elo däerfen Transgender Persounen net méi am Militär hierem Land déngen, well se déi aner oflenke kéinten an hir Operatiounskäschte misste vum Staat gedroe ginn. De President vun de Vereenegte Staaten ass kee Mann vu sengem Wuert, en huet d’LGBTQI-Communitéit ausgenotzt. An elo, wou en se net méi brauch, gi se vun him diskriminéiert.

Et ass keen Zoufall, datt en dëst grad elo via Twitter bekannt ginn huet. Et ass eng exzellent Oflenkung vu senger Russland-Affär, ëm déi et net roueg gëtt, egal wéi oft e „Fake News“ rifft. A säin Obamacare-Ersaz scheitert, well d’Partei him net de Réck stäerkt. Op de Manöver opgeet, ass ze bezweifelen. Et ass éischter esou, datt all weider Aktioun vun dësem President dozou féiert, datt d’Feier ëmmer méi grouss gëtt.

Datt eng Minoritéit dorënner leide muss, déi souwisou scho massiv diskriminéiert gëtt, weist, datt dësem President keen Affer ze schued ass, fir sech selwer ze retten. Mee et muss een sech och d’Fro stellen, wéi wéineg den Donald Trump vu sengem eegene Militär hält, wann e wierklech dovunner ausgeet, datt seng Zaldoten sech an de Schluechten duerch esou eppes oflenke loossen. Et erënnert mech un déi ganz idiotesch Diskussioune ronderëm Fraen, déi an de Militärdéngscht wollte goen an dem infaméise „Don’t Ask, Don’t Tell“.

Domadder schéngen elo och Transgender-Persounen erëm misse fueren, nodeems hinnen d’Obama-Administratioun uersprénglech de Wee fräi gemaach hat. Et ass e weidere Schratt no hannen.

Related topics Donald Trump, LGBT, USA
Next post Previous post