Search

You may also like

dislike
De Kampf géint den Acrylamid geet weider an hält net bei der Fouer op
Neiegkeeten

De Kampf géint den Acrylamid geet weider an hält net bei der Fouer op

Et héiert een ëmmer nees dovunner: Den Acrylamid gëllt als

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?
Neiegkeeten

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?

Beim iranesche „Verdeedegungsschlag“ géint amerikanesch Militärbasen am Irak, deen d‘USA

Kim Jong-un vs Donald Trump: Ee méi wéi nëmme symboleschen Handschlag
Neiegkeeten

Kim Jong-un vs Donald Trump: Ee méi wéi nëmme symboleschen Handschlag

Si hunn sech, wat nach virun e puer Méint kee

Fir eng „Propper Stad“ muss och de Bierger eng Hand upaken

Mat enger Sensibiliséierungscampagne sollen d‘Awunner vun der Stad motivéiert ginn

Fir eng „Propper Stad“ muss och de Bierger eng Hand upaken

Bei der Virstellung vum Bilan 2018 vum de Stater Hygiènesdéngscht war d‘Buergermeeschtesch, Lydie Polfer (DP) erfreet datt dëse ganz Positiv ausgefall ass. An awer kann dëse Service sech ustrenge wéi e wëll, wann déi ronn 120.000 Awunner an nach emol gutt 240.000 Pendler – déi all Dag an d‘Stad schaffe kommen – net „matmaachen“, da gëtt d‘Missioun vum Service komplizéiert.

Propper Stad

© Charles Soubry/Fotothéik VDL

Trotzdeem ass een an zimlech alle Beräicher um gudde Wee: beim Recycling vum Offall läit een elo bei 43% (+2,73% géintiwwer 2017). Besser ass et bei der Offallvermeidung gaangen, vun 2008 bis 2017 huet d‘Bevëlkerung vun der Haaptstad ëm 30% zougeholl, de produzéierten Offall ass awer ëm 10% zréckgaangen. Géif ee sech just op d‘Menage bezéien, wier et e Réckgang vun 30%.

Bei esou Zuele kann d‘Lydie Polfer nëmmen zouversiichtlech op 2020 kucken, da soll den Taux vum Recycling bei 50% leien. En Objektiv deen sech bei enger erfollegräicher Campagne géint wëll Deponie eigentlech mat Liichtegkeet sollt erreeche loossen. Wann et dann nach geléngt de Leit verständlech ze maachen datt ee säin Zigarettestomp oder de Knätsch net op de Buedem geheit…

Foto: © Charles Soubry/Fotothéik VDL

Related topics Hygiènesdéngscht, Propper Stad, Sensibiliséierungscampagne, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post