Search

You may also like

Presidentekonferenz: D‘Enn vum Noutstand ass gräifbar
Meenung Neiegkeeten

Presidentekonferenz: D‘Enn vum Noutstand ass gräifbar

No enger chargéierter Dagesuerdnung fir de Regierungsrot, hunn d‘Ministeren e

Een Hommage un den Armand Drews
Meenung Neiegkeeten

Een Hommage un den Armand Drews

Eise Kolleg Armand Drews ass plëtzlech um vergaangene 17. Abrëll

Chef vum Pentagon léisst sech vum US-President scheeden
Meenung Neiegkeeten

Chef vum Pentagon léisst sech vum US-President scheeden

En Donneschdeg huet et an den USA nees e politescht

Analys: Eng kloer politesch Linn

Schizophren; CSV ka Koalitiounspartner an Oppositioun a Personalunioun sinn

Analys: Eng kloer politesch Linn

Ass d‘Kand bis an de Bur gefall, sollt ee mengen datt ee sech géif drop konzentréieren, dëst aus der mësslecher Lag ze befreien. An der Politik awer geet et anescht mat de Problemer ëm, an do mécht den Dossier Traversini keng Ausnam. Et gëtt hei awer vill Interessantes ze beliichten.

Um Krautmaart huet d‘CSV als gréissten Oppositiounspartei de Kapp vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg gefuerdert, well si de Parteikolleg an fréieren Député-Maire vun Déifferdeng, Roberto Traversini, begënschtegt hätt. Deen huet jo misse säi Mandat als Buergermeeschter hiergi well hien um Prënzebierg géint grondsätzlech Reegele verstouss huet. De Parquet enquêtéiert…

Hale mir hei nach aleedend fest, datt d‘CSV de „Juniorpartner“ vun déi gréng zu Déifferdeng sinn. D‘CSV hat, wéi et ëm d‘Ofstëmme vum Reklassement vum geierften Terrain gaangen, kee Problem datt de Roberto Traversini matgestëmmt huet. An der Gemeng huet d‘CSV och kee Problem mat der proposéierter Nofolgerin Christiane Brassel-Rausch huet. Et ass ee gäre Koalitiounspartner.

Bei de Liberalen (DP) an de Sozialisten (LSAP) – déi op Regierungsniveau Koalitiounspartner vun déi gréng sinn – ass et ëmgekéiert. Si haten zu Déifferdeng de Kapp vum grénge Politiker gefuerdert, net awer dësem säi Mandat an der Chamber streideg gemaach. Och eng méiglech Kollusioun tëscht dem Roberto Traversini an dem Carole Dieschbourg gouf vun hinnen net ugedeit.

An der Chamber bitt sech elo dem opmierksame Bierger e Spigelbild vun deem wat am Minett gebuede gëtt. Hei halen DP & LSAP dem Koalitiounspartner d‘Partie, an et ass d‘CSV déi sech géint d‘Ëmweltministesch opstellt. D‘CSV-Fraktioun verlaangt dann och Zougank zum Dossier ze erhalen, andeems et ëm dat ominéist Gaardenhaische geet, dat wuel éischter e Chalet ass.

Kasperltheater mat wäitreechende Folgen

Datt sech déi chrëschtlechsozial net mat de vun der Ministesch – iwwert dem Ëmwee vum Mike Wagner, Conseiller am Ëmweltministère – geliwwerten Erklärunge kënnen offannen, dat ass liicht verständlech. Si werfen der Ministesch hei „Favoritismus“ vir agesinn sech vum juristeschen Avis, deen si ageholl hunn, heiranner bestätegt. Si bedreeën esou awer och eng fragiliséiert Koalitioun.

Natierlech ass dovunner auszegoen, datt d‘Konditioune fir eng Geneemegung net erfëllt waren, an dëst Gaardenhaischen an der Schutzzon Prënzebierg eigentlech näischt verluer huet, firwat dann och déi „nodréiglech Autorisatioun“ (12. August) déi vum Carole Dieschbourg ënnerschriwwen awer net ausgestallt gouf, fir Gespréich suergt. En dubiéisen Affekot huet jo elo och Klo agereecht.

Vun der CSV-Fraktioun heescht et dann och, datt d‘Ëmweltministesch hei all weider Aarbechten hätt misse verbidden, esou wéi dat eigentlech am Ëmweltschutzgesetz vum 18 Juli 2018 virgesinn ass. Si wier zudeem gehale gewiescht, d‘Faite beim Procureur ze denoncéieren. D‘Ministesch hätt zudeem missen iwwerpréiwen op all d‘Piècen am Dossier de gesetzleche Virgaben entspriechen.

Wann een dat alles der CSV gutthale kann – et villes dat géint déi gutt Absichte vun der Ministesch schwätzt – esou sollt een den Bierger awer opklären, oder dësem zumindest verständlech maachen, firwat een un der Koalitioun (mam Schäffe Georges Liesch) am Gemengerot festhält an zugläich an der Chamber dësem seng an der Ministesch hir Demissioun verlaangt. Neiwahle wieren dat bescht.

Illustratioun: Szilard Szabo /Pixabay

Related topics Carole Dieschbourg, CSV, déi gréng, Déifferdeng, Roberto Traversini, Schizophren
Next post Previous post